Search

You may also like

Ze diskriminéierend: De Begrëff „Schwaarzfueren“ gëtt gestrach
Business International Money Neiegkeeten Sport

Ze diskriminéierend: De Begrëff „Schwaarzfueren“ gëtt gestrach

De Kampf géint Rassismus, Ausgrenzung an Diskriminatioun leeft, an am

Wéi gutt kenns du d’Äisch?
Business International Money Neiegkeeten Sport

Wéi gutt kenns du d’Äisch?

[onionbuzz quiz-id=213][/onionbuzz] D’Äisch ass ee vun eise wichtegste Waasserleef. Mee

Groussbritannien mécht eppes fir d‘Elektromobilitéit
Business International Money Neiegkeeten Sport

Groussbritannien mécht eppes fir d‘Elektromobilitéit

Well si sech hiren Auslänner entleedegt hunn, feelen de Britten

money

Japan reit op der 4. Covid19-Well

Den 23. Juli fannen déi XXXII. olympesch Spiller zu Tokyo statt, Freed kënnt awer keng op

Japan reit op der 4. Covid19-Well

Olympia war 2020 der Covid19-Kris zum Affer gefall, aus diplomatesche Grënn goufen d‘Spiller dann ëm ee Joer verréckelt. Leider schéngt et sech um sanitären Niveau net esou opzegoe wéi dat vun der Regierung gewënscht ass. A beim Vollek ass déi sougenannte Virfreed längst verflunn.

An alle Sondage déi vun de japanesche Medie gemaach ginn, huet et ee Gläichnis: d‘Majoritéit vun de Mënschen am Land vun der opgoender Sonn wëllen d‘Spiller net méi. Déi grouss a renomméiert japanesch Dageszeitung „Asahi Shimbun“ huet ee Kommentar verëffentlecht, an deem de Premier Yoshihide Suga opgefuerdert gëtt, d‘Spiller ofzesoen. Mee Olympia, dat ass och eng Muecht…

Wéi mächteg den Internationalen Olympesche Comité (IOC) mat sengem globalen Netzwierk ass, datt wëssen d‘Aktiviste vum japanesche Mouvement „No Olympics“. Si si wuel allgemeng géint de „Prinzip“ Olympia vun der Neizäit, wou de Sproch: „Derbäi sinn ass alles“ sech haut op finanziell Interesse vu Konzerner bezitt. D‘Sportler sinn d‘Acteuren an d‘Marionette vun der Weltmuecht.

Fir de Politolog Koichi Nakano (Sophia-Universitéit, Tokyo) ass et wichteg datt d‘Leit verstinn, datt Olympia och „Politik“ ass, an et ëm Milliarde geet. Den IOC ka folgerichteg keng Récksiicht op déi ofleenend Stëmmung vun de Bierger a Japan huelen. Déi japanesch Regierung hirersäits huet ee politesch-kulturelle Problem: ee Gesiichtsverloscht geet guer net, an eng Ofso géif dat bewierken.

Vill Häuptlingen, kaum Indianer…

An natierlech huet et och dem Yoshihide Suga seng Ekipp ee finanziellen Hannergrond. Et gouf esou massiv an dës Spiller investéiert, datt een déi wirtschaftlech Komponent vun de Spiller net dierf ausser Siicht loossen. An dës Komponent kéint elo esouguer eppes méi „Gewiicht“ kréien, well olympesch Spiller, datt geet nëmme mat dausende Fräiwëllegen, an déi schwätzen elo mat.

Vun de ronn 80.000 agedroene Fräiwëllegen (2020) hunn et sech der 10.000 ee Mëttwoch anescht iwwerluecht, an déi zoustänneg Servicer informéiert. Den Organisatiounscomité Tokyo2020 huet dat misse bestätegen. Mee och an dësem elitäre Krees, dierf d‘Gesiicht net verluer goen, firwat de CEO vum Organisatiounscomité, Toshiro Muto, erkläert huet, datt een awer genuch Hänn huet.

Eng duerchaus realistesch Ausso, bezunn op de Fait datt keng auslännesch Zuschauer zu de Spiller zougelooss sinn (Stand 3. Juni), an de japanesche Public als disziplinéiert ze bewäerten ass. Mee wëllen d‘Japaner iwwerhaapt an d‘Stadien? Maachen si alles „gratis“? Olympia wäert seng Spuren hannerloossen an d‘Freed vun de Spiller dierft bannent der Populatioun nohalteg gestéiert sinn.

Impfen, esou wuel déi gängeg Meenung kéint jo hëllefen, besonnesch wou Japan zum Club vun den zéng Länner gehéiert, déi sech 75% vun de weltwäit disponibelen Impfdose gekroopt hunn. Et huet genuch Impfstoffer, allerdéngs… a Japan dierfe just Dokteren a gewëssen Infirmieren – rechtlech gesinn – de Leit de Vaccin ënnert d‘Haut joen. D‘Athleten, esou den IOC, déi wiere jo geimpft…

mat indymedia/tyo

Illustratioun: Op der Homepage „Tokyo2020“ geet eng aner Wourecht wéi an de japanesche Medie gewisen. Mee d‘Spiller musse stattfannen, well grouss Konzerner Milliounen Dollar a Werbung wéi och a „Frëndschaftsdéngschter“ gestach hunn. IOC-Partner sinn, huet bekanntlech säi Präis, a wien dëse bereetwëlleg bezilt, wäert op d‘Géigeleeschtung net verzichte wëllen.

Related topics Covid19, IOC, Japan, Olympesch Spiller, Widderstand, Wirtschaftsinteressen
Next post Previous post