Search

You may also like

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten
Neiegkeeten

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten

Beim EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel (2.

SEW/OGBL: Net esou Här Meisch !
Neiegkeeten

SEW/OGBL: Net esou Här Meisch !

Den SEW/OGBL an de Landesverband hunn ënnerstëtzt, dass an de

Biergcourse zu Holtz muss verluecht ginn
Neiegkeeten

Biergcourse zu Holtz muss verluecht ginn

Wéinst der aktueller Situatioun am Kontext vun der Covid19-Pandemie, an

Déidlech Ausenanersetzung a Flüchtlingsënnerkonft

Déidlech Ausenanersetzung a Flüchtlingsënnerkonft

An der Nuecht op e Freideg ass et zu Stroossen an enger fir d‘Opnam vu Flüchtlingen ageriichten Ënnerkonft (Centre de Primo-Accueil) zu engem Sträit tëscht engem 38 järegem Asyl-Demandeur an dem vermuttleche 35 järegen Täter komm. D‘Affer war heibäi ganz schwéier blesséiert ginn an d‘Police huet sech op d‘sich nom Ugräifer gemaach.

D‘Affer dat nach op der Plaz vum Noutdokter versuergt konnt ginn an zäitno an d‘Spidol gefouert gouf, huet d‘Folge vun den zougefüügte Verletzungen net iwwerstanen. Dat geet esou aus esouwuel dem Bericht vun der Police ervir, wéi der kuerzer Stellungnam vum Ausseminister Jean Asselborn. D‘Police hat ganz séier d‘Foto vum Verdächtege publizéiert, an d‘Populatioun ëm Hëllef gebueden.

Ausenanersetzung© Police

Beim vermuttlechen Täter soll et sech ëm de Nait Ali Mohammed Reda (35) handelen. Gëschter Owend um 19.30 Auer konnt d‘Police bekannt ginn, datt si dem gesichten Täter nokomm sinn, an dëse verhaft ginn ass. Dësen ass dem Untersuchungsriichter virgefouert ginn, iert en op Schrasseg an Untersuchungshaft koum. Zu den Hannergrënn déi de Sträit ausgeléist hunn ass näischt gewosst.

Foto: © Police

Related topics Doudschlag, Flüchtlingsënnerkonft, Nait Ali Mohammed Reda, Police, Stroossen
Next post Previous post