Search

You may also like

Ungarn op en Neits vum EuGH ofgestrooft
Neiegkeeten

Ungarn op en Neits vum EuGH ofgestrooft

Gentil ass dat net, an datt déi ungaresch Autoritéite Flüchtlingen

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm
Neiegkeeten

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm

Am Kader vun den Aarbechten am Val de Hamm, wou

Am Asaz fir Mënscheliewen – d’Séinoutrettung muss bestoe bleiwen!
Neiegkeeten

Am Asaz fir Mënscheliewen – d’Séinoutrettung muss bestoe bleiwen!

Virgëschter huet déi Europäesch Kommissioun mat Drock op déi rechtspopulistesch

Déidlech Bankgeschäfter um Kierchbierg

Déidlech Bankgeschäfter um Kierchbierg

Nodeems am Dezember 2020 nees ee Mataarbechter vun der Europäescher Investitiounsbank um Kierchbierg, et dem Ikarus gläich maache wollt a vum Balcon gesprongen ass, stellen sech direkt eng ganz Rëtsch Froen, an déi stellt ausgerechent Bloomberg, eng der Finanzwelt eigentlech ganz zougedoen Zeitung.

Et sinn dann och eis Partner an Amerika, déi eis op den Artikel opmierksam gemaach hunn, deen den 19. Abrëll vu Bloomberg verëffentlecht ginn ass. Am Artikel geet engersäits drop verwisen, datt et sech beim Affer ëm en 51 järege Mataarbechter aus der Verwaltung (back office) ge4handelt huet. Et gëtt och drun erënnert datt et schonn en änleche Virfall 2013 ginn hat, wou sech eng Damm aus engem aner Gebai vum Campus soll an den Atrium gestierzt hunn.

Nach ëmmer bezunn op Bloomberg, soll sech d‘Personaldelegatioun den 12. Januar schrëftlech un den EIB-President Werner Hoyer (en däitsche FDP-Politiker) gewannt hunn, fir dësem ze erklären, datt et ee Problem a sengem Verantwortungsberäich gëtt, deem ee sech zäitno unhuele misst. Vun der Personaldelegatioun heescht do, datt 2016 Psychologen, déi vun der Bank beoptraagt goufen d‘Mataarbechter ze beroden, virun engem Suizidal-Risk gewarnt haten.

Am interne bericht dee Bloomberg News konnt agesinn, géif vu seriéise Problemer, wéi Mobbing, sexuell Iwwergrëff an engem „Klima vun der Angscht“ rieds goen. Och Mataarbechter déi vun de Journaliste kontaktéiert goufen, a vun deenen der nach eng Partie um Site Kierchbierg schaffen, gi ganz ausféierlech Auskunft zum Ëmgang mat de Mataarbechter. Et geet esouguer rieds vu weidere Suiciden, woubäi sech dat net géif onofhängeg préiwe loossen.

D‘EIB huet sech de Froen ugeholl

Op déi vu Bloomberg un d‘EIB adresséiert Froen, kruten d‘Kolleegen eng 17 säitelaang Äntwert, an natierlech gëtt sech doranner drop behaapt, datt et keng Indizie géif ginn, déi de Suizid vun de genannte Mataarbechter géif a Relatioun mat hirem Aarbechtsverhältnis bréngen. Zudeem wier den Aarbechtsklima beschtens an et hätt vill Fortschrëtter bei der Geschlechtergläichstellung ginn, an een de Virworf vum „Harcèlement“ esou net verstoe géif.

Trotzdeem huet sech BEI derzou entschloss bis Enn vum Joer een neie mentale Gesondheetsplang, inklusiv Suizidpräventiounstraining, ze implementéieren. Et ass och nach interessant ze notéieren, datt (ëmmer laut Bloomberg) ganzer 19% vun de Mataarbechter (dat sinn der ronn 3.500) fannen, datt sech de Management ethesch korrekt an integer behëlt, 16% sinn esouguer de Meenung, datt Entscheedungen d‘Personal betreffend „fair“ wieren.

Harcèlement war scho juristesch en Thema

Am Kontext vun hire Recherchen hunn d‘Journalisten dann och de Fall vun enger Damm opgeworf déi 2016 zur Wier gesat hat, nodeems d‘Direktioun hirer Plainte wéinst sexueller Belästegung keng Suitte wollt ginn. Et wier awer eng Enquête gemaach ginn. Resultat: Et ass der Fra derzou gerode ginn eng méi positiv Attitude unzehuelen. De Werner Hoyer, deen dat lescht Wuert hat, huet sech de Recommandatioune vun investigative Panel ugeschloss.

Dës Decisioun gouf vum Geriichtshaff gekippt an d‘Fra schafft nach ëmmer op der EIB. D‘Bank huet iwwert hire Spriecher erkläre gelooss, datt ee sech un dëst Urteel hale wäert. Gewosst ass nach, datt et zanter 2013 ganzer 21 formell Plainte wéinst Harcèlement ginn huet, fënnef wiere verworf ginn, déi aner hätten extern Organisatioune gepréift. An och wann et null Toleranz géintiwwer dem Mobbing huet, esou gouf nach keen dowéinst entlooss.

mat indymedia/nyc

Foto: © EUD

Next post Previous post