Search

You may also like

D’Philharmonie seet Merci: Concert zu Éiere vum Fleege- a Gesondheetssecteur
International Neiegkeeten

D’Philharmonie seet Merci: Concert zu Éiere vum Fleege- a Gesondheetssecteur

Säit Mäerz 2020 beweist d’Personal aus dem Fleege- a Gesondheetssecteur

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen
International Neiegkeeten

Plastikpartikel kontaminéieren d‘Waasserfläschen

An enger um Mëttwoch verëffentlechter Etüde, ass ze liesen, datt

Iwwerreechung vum Militär- an Zivildéngschtuerden vum Adolph vun Nassau
International Neiegkeeten

Iwwerreechung vum Militär- an Zivildéngschtuerden vum Adolph vun Nassau

Am groussherzogleche Palais huet S.A.R. de Groussherzog haut de Militär-

Déidlech Iwwerschwemmungen an Zentralchina

Staarkreen huet sech iwwert der chinesescher Metropol Zhengzhou ausgebreet an honnerte Mënschen an der Metro blockéiert, 12 affer goufen um Mëttwochmuere vun den Autoritéite confirméiert

Déidlech Iwwerschwemmungen an Zentralchina

Ob de Biller, déi vun de staatleche Medie bereetgestallt goufen, gesäit ee wéi d‘Fluten sech an d‘Souterraine vun der Metro drängen. De Mënsche stoung d‘Waasser deels bis zu de Schëlleren. Dausende Pompjeeën a Rettungskräfte ware a sinn nach am Asaz. Iwwer 100.00 Leit goufen evakuéiert. Eng Universitéitsklinik mat 600 schwéier Kranken huet och missen evakuéiert ginn.

Vun der Krisenzell an der néng Millioune Metropol heescht et, datt et esou Staarkreen eigentlech nëmmen all 100 Joer sollt hunn. Esou eppes wéi dat eleiten hätt een nach net erlieft an och an den Anale géif vun esou engem Wiederphenomen net bericht. D‘Stroosse vun Zhengzhou hunn sech och a räissend Stréim verwandelt, Autoen a Busser sinn einfach wéi Blieder fortgeschwemmt ginn.

Zhengzhou

Den Eisebunnsverkéier huet missen ugehale ginn, um Fluchhafe goufen iwwer 270 Flich gestrach an d‘Stroossen si wéi gesot wäitgoend onpasséierbar. Entspriechend der Kommunikatioun vum lokale Wiederdéngscht, solle bannent enger Stonn 200 Millimeter Reen/M² gefall sinn. Ausgeléist gouf de Staarkreen duerch den Taifun „In-Fa“, deen och anerwäerts seng Spuren hannerlooss huet.

Esou an de Provënzen Fujian an Zhejiang, wou de Wierbelstuerm zolidd Schued ugeriicht huet, reent et zolidd weider. D‘Provënz Henan gëtt scho säit iwwert enger Woch vun heftegem Reen bedrängt. D‘Pegelstänn vum „Giele Floss“ an dem „Haie Floss“ steige weider wéi verréckt an d‘Autoritéiten erwaarde weider gréisser Néierschlagspassagen. An dat ass nach laang net alles.

Schwéier Onwieder huet et och a Südchina. Hei ass et den Taifun „Cempaka“ dee säin Onwiesen dreift. Mat Wandspëtzte bis zu 110 Km/H ass hie bei Yiangjiang op Land getraff. Vill Néierschlag huet et och am Norde vu China, aus der Mongolei gi gréisser Iwwerschwemmunge gemellt. Et ass scho gewosst, datt de Schued fir d‘Landwirtschaft am héije Milliouneberäich wäert leien.

mat indymedia/tpe

Foto: © Xinhua

Related topics China, Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, Staarkreen, Taifun, Zentralchina, Zhengzhou
Next post Previous post