Search

You may also like

Konscht als virtuell Realitéit
International Neiegkeeten

Konscht als virtuell Realitéit

De leschte Freideg huet de Guy Daleiden, Direkter vum Film

surprise
Der ASTI gefält de Staatsbudget net
International Neiegkeeten

Der ASTI gefält de Staatsbudget net

De Veräin zur Ënnerstëtzung fir déi immigréiert Aarbechter (ASTI) bedauert

Vereedegung am Justizministère
International Neiegkeeten

Vereedegung am Justizministère

Am Kader vun enger Zeremonie um Justizministère huet d’Justizministesch Sam

Déidleche Schosswaffegebrauch am Texas

Fënnef Mënscheliewen einfach esou, ouni besonnesche Grond ausgeläscht...

Déidleche Schosswaffegebrauch am Texas

D‘Autoritéite vun Odessa (US-Bundesstaat Texas) hu matgedeelt, datt an zwou Klengstied am Weste vun Texas, fënnef Persounen am Kugelhagel vun engem Aggressor verstuerwe sinn, et goufen nach op mannst zwanzeg weider Mënsche blesséiert.

Éischten Erkenntnisser no, soll den Täter – dee vun der Police erschoss ginn ass – blannemännches op d‘Passante geschoss hunn. Et wier kee Muster ze erkennen, datt drop hindeite géif, datt hien sech geziilt Leit erausgesicht hätt. Den Ausléiser vun dësem „Amoklaf“ kéint eng Verkéierskontroll gewiescht sinn. Laut der Police huet alles mat enger Verkéierskontroll vum Täter ugefaangen.

TexasHei muss dann alles aus dem Rudder gelaf sinn. No Handgräiflechkeeten an dräi blesséierte Beamte soll den Täter – en 30 järege wäisse Mann – e Camion vun der Post gekapert hunn. Hien hätt sech mat dësem duerch d‘Bascht wëlle maachen an zu Midland éischt Schëss op onbedeelegt Passanten ofginn hunn. Duerno wier den Täter dann op Odessa gefuer, wou seng déidlech Rees beendegt gouf.

TexasWéi de Buergermeeschter vu Midland, Jerry Morales, erkläert huet, ass den Täter vun der Police um Parking vun engem Supermarché zu Odessa gestallt an erschoss ginn. Dem Donald Trump wier de Virfall zougedroe gi firwat dësen sech genéidegt gefillt huet, d‘Welt ze informéieren. Hie bestätegt am Tweet mam Justizminister geschwat ze hunn an datt den FBI sech mam Fall befaasse géif.

TexasOch de Gouverneur vun Texas, Greg Abbott, huet de Virfall als ee „sënnlosen a feigen Ugrëff“ bezeechent an op en Neits betount, datt „hien“ et net wäert zouloossen, datt Texas vu Gewalt an Haass beherrscht gëtt. Interessant, dat huet de Politiker esou och scho beim Tëschefall zu Santa Fe (Mee 2018) an no der Schéisserei am Akafszenter zu El Paso (Ufank August 2019) ausgedréckt.

TexasElo ass et erlaabt och nach emol ze betounen, datt esou Doten an den USA „eigentlech nëmmen ee banale ‚Fait Divers‘ ass“. All Dag stierwen am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten duerch Schosswaffe Mënschen. Eng besser Kontroll an ee méi reguléierten Zougang zu Waffe léisst sech awer net duerchsetzen. Den 2. Zousazartikel vun der Verfassung an d‘NRA stinn deem entgéint.

mat indymedia/hou

Related topics Midland, Odessa, Schéisserei, Texas, zweet Amendement
Next post Previous post