Déidlechen Accident tëscht Useldeng an Iewerleng

Bei engem Verkéiersaccident op der N22 tëscht Useldeng an Iewerleng ass eng 18 järeg Automobilistin ëm d’Liewe komm.

Géint hallwer 10 gëschter Owend huet si d’Kontroll iwwert d’Gefier verluer, ass op d’Géigespuer geroden an huet e Bam geroden. Op der Plaz konnt den Noutdokter just nach hiren Doud feststellen.

Nieft der Police waren och de SAMU, eng Ambulanz vu Lëntgen, sou wéi d’Pompjeeën vun Useldeng a Réiden am Asaz.

Dernières nouvelles