Search

You may also like

money
Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter
Neiegkeeten

Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter

Datt d‘Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart éischter „Katastrophal“ ass, datt ass

Si sinn es dem Minister iwwerdrësseg
Neiegkeeten

Si sinn es dem Minister iwwerdrësseg

Eigentlech ass de President vum SEW/OGBL Patrick Arendt ee ganz

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm
Neiegkeeten

Géint d‘Diskriminatioun: déi „reklasséiert“ Aarbechter erhiewen d‘Stëmm

No méintelaangen Diskussiounen zur Reform vum „Reklassement“ an no villen

Déifferdeng: um Budget fir 2021 huet de Covid19 matgeschriwwen

Déifferdeng: um Budget fir 2021 huet de Covid19 matgeschriwwen

Gemengebudgeten si generell och ëmmer eng Previsioun, quasi ee konkrete Bléck an d‘Zukunft an déi ass am Kontext vun der Covid19-Pandemie jo awer éischter ongewëss. Dat och wa gewosst ass, datt et Schnelltester huet an en Impfstoff kuerzfristeg kann zur Verfügung stoen.

D‘Zukunft ass folgerichteg „onbestëmmt“ an dat erliichtert d‘Opstelle vun enge Gemengebudget a kengster Weis. D‘Buergermeeschtesch huet richteg erkannt, datt dat op en Enn zousteierend Joer a ville Beräicher (sozial, wirtschaftlech a sanitär) alles op d‘Kopp gestallt huet. Esou war et net eleng schwiereg en neie Budget opzestellen, mee och dee vun 2020 huet zolidd Lächer Opweises.

Zu Déifferdeng war sech, esou d‘Christiane Brassel-Rausch (déi gréng) op déi exzellent Konjunktur bezu ginn, déi e richteg gudde finanzielle Bäitrag iwwert den Ëmwee vun der Gewerbesteier, der TVA an der Akommessteier generéiert huet. Jo déi Déifferdenger haten esouguer d‘Circulaire aus dem Dezember 2019 behäerzegt, an sech op déi 88,4 Milliounen un Dotatioune vum Staat gefreet.

Eng Freed déi vu kuerzer Dauer war, wann ee bedenkt datt am Mäerz een am Januar ënnerschätze Coronavirus all Berechnungen zur Makulatur gemaach huet. D‘Dotatioun wäert ëm mindestens 12,4% musse gekierzt ginn, déi verschidde Steieren an Taxen déi de Gemengen zoustinn, dierften 2020 och uerdentlech a Matleedschaft geroden. Eleng bei der Gewerbesteier soll ee Véierel feelen.

Gutt Rechekënschtler gesicht

An och wann ee „Reserven“ huet, si verluere 16 Milliounen Euro eng ganz Staang Geld. Laut der Cheffin géif dat awer net de Gros vun den Investissementer beaflossen, déi sech fir 2021 virgeholl goufen. (De rektifizéierte Budget vun 2020 enthält Investitioune vu ronn 102 Milliounen Euro). An awer, esou en diskrete Conseiller, bréicht et eng gehéiereg Portioun Optimismus et unzegoen.

Et läit net an der Natur vun der Buergermeeschtesch an hirer Ekipp, sech beandrocken ze loossen, wéi een aus dem Dossier „Traversini“ an Erënnerung huet. Hei gëtt et virgezunn den Excedent am ordinäre Budget (25,6 Milliounen Euro) ervirzehiewen. Geld dat der Gemeng ee Benefice vu ronn 50 Milliounen Euro zougesteet, an fir den aussergewéinleche Budget opgewannt kënne ginn.

Dorausser ergëtt sech rektifizéierte Budget nach en Iwwerhang vu 5,2 Milliounen Euro, déi mat an de Budget vun 2021 iwwerholl ginn. An dësem – esouvill Zäit muss sinn – stinn allerdéngs och déi sëllegen Investitiounen, déi op 112 Milliounen Euro beziffert ginn. Dat ass jo u sech och eng vun de grousse Fuerderunge vun der Regierung. Anersäits, muss och d‘Wirtschaft lokal gestäipt ginn…

Et brauch eng koherent Strategie

Wann dann elo och gewosst ass, datt d‘Ausgaben ëm 23 Millioune wäerte klammen, d‘Einnamen dogéint ëm 36 Milliounen abriechen (= 13 Milliounen Euro Nettoverloscht) ass de Spillraum fir d‘Wirtschaft ze stäipe jo awer eppes begrenzt. Op d‘Gemeng ënnert dësen Ëmstänn och 2021 nach ka generéis géintiwwer senge Locatairen a Veräiner sinn? De Wëlle wier do, gerechent géif nach.

Fir den Eenzelhandel sinn 250.000 Euro reservéiert ginn a mam Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) wëll een eng koherent Strategie opstellen. Dat ass interessant an där Hisiicht, datt d‘Regierung et net ronn kritt huet zur Stonn ee koherent Covid19-Gesetz virzeleeën. Zudeem de previsionnelen Excedent am Ordinäre fir 2021 mat 26 Millioune beziffert gëtt, dat trotz Prêt vun 9 Milliounen.

Dëst Geld ze léine wier wichteg, fir den Autofinancement vun der Gemeng sécherzestellen, esou d‘Erklärung. Et gouf nach preziséiert, datt d‘Annuitéite vun dësem Prêt 3,1% vun den ordinäre Recetten ausmaachen. Mir preziséieren, datt sech dës Ausso strikt op de Budget 2021 bezitt, firwat dëse Prozentsaz éischter als variabel ze consideréieren ass. Woubäi op eppes muss ee sech bezéien.

Wat bleift a wat muss fale gelooss ginn

Wann et also schon richteg ass d‘Betounung op „héich Investitioune mussen erhale bleiwen“ ze leeën, esou muss ee sech dann awer bewosst sinn, datt et wäert Projete ginn, déi zäitlech musse verréckelt ginn. Weider Verschëldunge solle vermidde ginn an déi folgend Projeten si betraff: den neien Terrain fir d‘Liichtathleten, de Projet Nelson Mandela, de Centre Medico-Sportif avm.

Net dovu Betraff sinn de Projet Gravity (80 Milliounen) de Red Rock Trail, d‘Haiser op der Plaz Saintignon, déi vir den „doucen Tourismus“ am Kader vun Esch2022 ëmgebaut musse ginn (2 Milliounen). D‘Bock-Schoul (42 Milliounen), dat neit Gebai fir d‘Regie (70 Milliounen), den neie Policebüro (19 Milliounen) an d‘Renovéierung vum Gemengenhaus (31 Milliounen).

Kléngt alles iergendwéi stëmmeg an awer ass net gewosst wéi eng Iwwerraschungen dës Covid19- Pandemie eisem Land an esou och der Gemeng Déifferdeng nach bereet hält. Et demonstréiert och, wéi schwéier et schonn an „normalen Zäiten“ ass ee Gemengebudget opzestellen…

Illustratioun: © Michele Henderson / unsplash

Related topics Covid19, Déifferdeng, Gemengebudget 2021, Investissementer, Projeten
Next post Previous post