Search

You may also like

MeteoLux gëtt Wiederwarnung eraus
Neiegkeeten

MeteoLux gëtt Wiederwarnung eraus

Wärend den Internetsite vun de Wiederfräschen aus Grënn nach ëmmer

Bei der CSV maachen se elo Neel mat Käpp
Neiegkeeten

Bei der CSV maachen se elo Neel mat Käpp

Um éischten Oktober huet zu Ettelbréck d‘Sëtzung vum CSV-Nationalrot mat

Gemengen Zukunftsfit maachen
Neiegkeeten

Gemengen Zukunftsfit maachen

Leschte Méindeg 21. Januar huet d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Vertrieder

Déifferdeng an de Wielerwëllen

Déifferdeng an de Wielerwëllen

Et ass den Ament net einfach fir d‘Awunner vun Déifferdeng. De Buergermeeschter huet missen d‘Been an de Grapp huelen, well hien eng Rei „Feeler“ gemaach huet. An och d‘Sozialisten haten dem Buergermeeschter säi Kapp gefuerdert. Elo hunn déi gréng d‘Conseillère Christiane Brassel-Rausch als Nofolgerin vum Roberto Traversino virgeschloen, an dat gëtt vun der LSAP kritiséiert.

Woubäi „Kritik“ éischter dat falscht Wuert ass. Villméi ass et esou, dat den LSAP-Conseiller Erny Muller der Usiicht ass, datt mat dëser Decisioun de Wielerwëllen net respektéiert gëtt. Do géif ee sech erwaarden, datt den nächste Saz „Neiwahlen“ misst enthalen. Deem ass net esou, an et géif och net vun der déi gréng-CSV Koalitioun gefuerdert d‘Entscheedung nach emol ze iwwerdenken.

Anescht ausgedréckt, de Conseiller Erny Muller, wollt och emol nees an de Medien zitéiert ginn, ausser et géif eppes méi „Déifgräifendes“ ginn, firwat ee sech d‘Erklärunge vun der Déifferdenger LSAP-Sektioun muss zu Gemitt féieren. An déi sinn interessant: fir unzefänke steet hei am Raum, datt „d‘Propose d‘Madamm Brassel-Rausch virzeschloen net de Choix vum Wieler respektéiert“.

Den Erny Muller preziséiert: „D‘Conseillère Christiane Brassel-Rausch als fënneft gewielten op der Parteilëscht bei de Gemengewahlen ervirgaangen. Alles an allem huet si 2.768 Stëmmen erhalen, mee dovunner sinn nëmme 618 sougenannt Direktstëmmen, wat net vill ass“. An hie gëtt ze bedenken datt et am grousse Ganzen en zimlecht Duerchenaner beim „Choix“ vun déi gréng gëtt.

Ganz oder guer net!

Esou befënnt den LSAP-Conseiller, datt et scho bei där en Dënschdeg getraffen Entscheedung, datt de Conseiller Paulo Aguiar elo d‘Schäffin Laura Pregno soll ersetzen, déi vum Christiane Brassel-Rausch fir d‘Dauer vun engem Elterecongé (6 Méint) ersat ginn ass, entgéint dem Wielerwëlle gaangen ass. Och hei sinn d‘Stëmmen erbäigezu ginn, fir dat mathematesch ze rechtfäerdegen.

Wann een der Kritik duerchaus eppes ofgewanne kéint, ëm esou méi erstaunt ass een dann iwwert d‘Suite. Eigentlech sollt ee sech erwaarden dierfen, datt een no esou enger ausféierlecher a gutt recherchéierter Informatioun, d‘Fuerderung stellt, Neiwahlen ofzehalen. Mee nee, et wollt een hei just eppes „Feststellung“. Et wier net hire Choix, mee si wéilten d‘Koalitioun net a Fro stellen.

Et ass dann nach iwwert de Georges Liesch diskutéiert ginn, a firwat deen net als Nofolger a Fro kënnt. An déi schon ernimmte Laura Pregno ass am Elterecongé. Firwat den Erny Muller dann och insistéiert, datt et net un der LSAP ass de Choix vun déi gréng ze kommentéieren, freet sech nees firwat dat Ganzt dann elo awer kommentéiert gëtt. Bis 2022 huet de Wieler dat souwisou vergiess…

Related topics Christiane Brassel-Rausch, Déifferdeng, Erny Muller, Fränz Meisch, Gary Diderich, Roberto Traversini
Next post Previous post