Search

You may also like

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
Neiegkeeten

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

surprise
Korruptioun: Wann den Ierfprënz sech selwer dem Problem unhëlt
Neiegkeeten

Korruptioun: Wann den Ierfprënz sech selwer dem Problem unhëlt

Eelef Prënzen an e sëlleche Minister sinn um Samschdegowend a

15 Start-up Entreprise selektionéiert
Neiegkeeten

15 Start-up Entreprise selektionéiert

Ënnert dem Motto: „Start-ups vs Covid19“ hat de Franz Fayot

Déifferdeng ënnert neiem Management

D‘Christiane Brassel-Rausch gëtt déi éischt Buergermeeschtesch vun der Stol-Stad

Déifferdeng ënnert neiem Management

Am Kader vun de Gemengerotssëtzung gëschter, ass d‘Christiane Brassel-Rausch (déi gréng) als Buergermeeschtesch vun der Gemeng Déifferdeng bestätegt ginn. Si iwwerhëlt hei d‘Mandat vum Roberto Traversini, deen no enger Réi „onglécklechen Decisiounen“ huet misse säi Mandat als Buergermeeschter (an och als Deputéierten) néierleeën.

Elo ass et dann eng Damm déi d‘Geschécker vun der Gemeng an de Grapp hëlt, an hei dierf een op Versteesdemech hiweisen, wann déi nei Buergermeeschtesch eppes Gedold verlaangt bis si alle déi Feinheete vum Mandat intus huet. Si ass eegenen Aussoen no an dat „kaalt Waasser“ gehäit ginn an et kéint een net vun haut op muer alles wëssen.

No der Onrou, déi mat der Demissioun vum Virgänger anhirgeet, wier et hir éischt Aufgab nees „Rou“ an d‘Gemeng ze bréngen. Eng eescht gemengten Ausso, déi sech och domatter bestätegt gesäit, datt d‘Majoritéit eng Motioun vun der Oppositioun (DP/LSAP/déi lénk) ugeholl huet. Heiranner gëtt et drëms en Deontologieskodex ze schafen.

Am Gemengerot schéngt een iwwerzeegt, datt dëst Instrument am beschte gëeegent ass, der Politik nees d‘Vertraue vun de Bierger zréckzeféieren. Iwwert eppes méi Transparenz géif sech dann och kee bekloen, mee dat ganzt muss op enger zolitter Grondlag opgebaut ginn. Et soll also net gehetzt ginn, mee mat Beduecht um Projet geschafft ginn.

Zudeem, esou d‘Christiane Brassel-Rausch, wier et am Kontext vum Deontologieskodex imminent wichteg, dat dësen sech op de Konsens vun alle politeschen Acteure beruffe kann. Wat alles an esou ee Kodex muss ageschriwwe ginn a wou ee sech Grenze setze muss, datt dierft déi vum Vollek auserwielten déi nächst Woche beschäftegen.

Related topics Christiane Brassel-Rausch, déi gréng, Déifferdeng, Mandataswiessel, Roberto Traversini
Next post Previous post