Search

You may also like

surprise
Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten
Neiegkeeten

Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten

De Philadelphia Eagles ass eng vun de gréissten Iwwerraschungen an

Transition Days Festival 2021: Mat Bewosstsinn a Freed no vir
Neiegkeeten

Transition Days Festival 2021: Mat Bewosstsinn a Freed no vir

9 Méint, 9 Zëmmeren, zuelräich Aktivitéiten. Gesäit een eise Planéit

ULC: Petitioun fir de gratis Service bei de Banken
Neiegkeeten

ULC: Petitioun fir de gratis Service bei de Banken

An der Mäerz-Editioun vun „de Konsument“ behandelt de Lëtzebuerger Konsumenteschutz

Déifferdenger Schoulen: Groussflächegt Testen bis den 2. Abrëll

Déifferdenger Schoulen: Groussflächegt Testen bis den 2. Abrëll

Tëscht dem 29. Mäerz an dem 2. Abrëll ginn d’Schüler vu fënnef Grondschoulen a siwe Maisons Relaisen vun der Gemeng Déifferdeng, sou vun der Annexe vum Zenter fir intellektuell Entwécklung an der International School vun Déifferdeng an Esch-Uelzecht, mat senger Annexe zu Esch vu mobillen Ekippen op Covid-19 getest.

Am Kader vum Large Scale Testing a well eng méi héich Prevalenz bei der Populatioun an dëser Géigend festgestallt gouf, hunn de Gesondheetsministère an den Educatiounsministère decidéiert, datt mobil Ekippen d’Schüler vu 4 bis 12 Joer, sou wéi d’Schoulpersonal op eng méiglech Infektioun mam Coronavirus teste wäerten. Ganzer 1.086 Erwuessener an 3.931 Kanner si concernéiert.

Fir d’Verbreedung vum Virus besser aschätzen an doropshin agräifen ze kënnen, organiséiert de Gesondheetsministère ëmmer erëm preventiv a geziilt Testaktiounen, déi entweder ee bestëmmte Secteur oder eng Géigend, an där sech de Virus méi ausbreet, betreffen.

Fir de Beräich vun der Educatioun huet dat geheescht, fir d’Rentrée am September 2020, sou wéi no der Chrëschtvakanz am Januar 2021 um Large Scale Testing deelzehuelen. No der Fuesvakanz goufen d’Schüler an d’Schoulpersonal vun deenen Etablissementer getest, bei deenen d’Infektiounszuele vu vir eran méi héich waren.

Aktuell leeft eng Pilotphas mat Schnelltester an 10 Schoulen.

Related topics Covid-19, Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Large Scale Testing, Léierpersonal, Mobil Ekippen, Schnelltester, Schoulen, Schüler
Next post Previous post