Magesch Feierdeeg: Si haten déi am schéinsten dekoréiert Vitrinnen

Mëtt November haten d’Stad Lëtzebuerg an d’Stater Handelsunioun (UCVL) e Concours lancéiert, bei deem Kreativitéit an Originalitéit vun de Geschäftsleit wärend der besënnlecher Wanterzäit sollte belount ginn. Ënnert de ronn 50 Butteker, déi deelgeholl hunn, sinn „Just Home“, „Grand Café Red Beef“ a „Let it B“ zu de gléckleche Gewënner ernannt ginn.

Vum 1. bis de 24. Dezember 2021 sollte Geschäftsleit encouragéiert ginn, duerch eng magesch Beliichtung an Dekoratioun e Beitrag zur wanterlech festlecher Atmosphär ze leeschten. Ënnert de Participanten hu sech e Véierel vun de Butteker am Garer Quartier befonnt, wärend d’Majoritéit an der Uewerstad ze fanne waren. Ma, 85 % vun de Kandidature koume vun Independanten.

Wéinst der globaler Ästhetik vun der Vitrinn an/oder Fassade, genereller Originalitéit a Kreativitéit, an den an der Dekoratioun integréierte Produiten, goufe folgend Gewënner ausgewielt:

  1. Präis: Just Home – Buttek an der Avenue de la Liberté;
  2. Präis: Grand Café Red Beef – Restaurant op der Plëss;
  3. Präis: Let it B – Buttek an der Rue Genistre.

Ausgezeechent goufe si mat engem Geldpräis vu 4.000€, 2.000 € an 1.000 €, déi vun der Stad Lëtzebuerg zur Verfügung gestallt gi sinn. Am Jury souzen d’Lisa Junius (Artistin), de Serge Wilmes (éischte Schäffen vun der Stad Lëtzebuerg), de Gilles Scholtus (Conseiller vun der Regierung bei der Direktioun fir Mëttelklass), de Claude Bizjak (Directeur adjoint vun der CLC) an den Donato Pascalicchio (Direkter vun der Agence BGL BNP Paribas an der Groussgas).

Dernières nouvelles