Delhaize wëll op Keesenticketen aus Pabeier verzichten

Ëm eng Millioun Clienten kafen all Mount an de Lëtzebuerger Supermarchéen vun Delhaize an. Op mannst genee esou vill Keesenticketen ginn ausgedréckt, wat zesummegerechent eng Längt vun 2.000 Kilometer, respektiv e Gewiicht vu 6 Tonne Pabeier mécht. Der Ëmwelt zu Léift soll elo op déi digital Alternativ gesat ginn.

Dobäi kréien d’Clienten de Choix, ob si nach e physeschen Ticket oder dach déi digital Versioun wëllen. Natierlech gëtt dozou encouragéiert de Beleeg via Mail an/oder App ze erhalen. Dëst gëllt fir all Keesen, déi nach vun enger Persoun bedéngt ginn, sou wéi de Quick- a Self-Scan. Allerdéngs ass och Delhaize sech bewosst, datt verschidde Clienten net op den traditionellen Keesenziedel verzichte kënnen.

D’Virdeeler vum digitale Keesenticket

Nach ëmmer bestinn d’Beleeger an de Supermarchéen a Butteker oft aus Thermopabeier, bei deem amplaz vun Tënt Hëtzt benotzt gëtt, fir d’Rechnung vun den Artikelen an hire Präisser duerzestellen. Duerch déi doran enthale Chemikalien dierf de Keesenticket net an déi blo Dreckskëscht gehäit, mee muss iwwert de Reschtoffall entsuergt ginn.

Eng méi ëmweltfrëndlech Alternativ heizou sinn déi blo Ziedelen, déi manner Chimie enthalen an och an der Pabeiertonn entsuergt kënne ginn. Déi nach méi ëmweltfrëndlech Versioun dierft allerdéngs den digitalen Keesenticket sinn. Esou gëtt nämlech just en Handy an eng Mail-Adress benéidegt, an dës huet hautdesdaags bal jiddereen.

Iwwert d’Delhaize-Applikatioun „SuperPlus“ kann de Client uginn, datt en zukünfteg kee physeschen Beleeg méi kréie wëll. Dëse Wonsch gëtt ab deem Ament bei all Akaf berécksiichtegt. Awer keng Angscht – Delhaize bitt d’Optioun de Profil esou anzestellen, datt ee keng lästeg Matdeelungen erhält oder iwwer Reklammen informéiert gëtt.

E weidere Virdeel ass, datt een de Keesenticket net esou einfach verléiere kann, all Rechnungen vun de vergaangenen Akeef op enger Plaz gespäichert an esou och op ee Bléck ze fanne sinn.

Domat geet Delhaize dem Aktiounsplang „The Lion’s Footprint“ no. Heibäi solle Plastik an CO2-Emissioune reduzéiert, sou wéi d’Liewensmëttelverschwendung bekämpft ginn.

Dernières nouvelles