Delhaize iwwerreecht en Don vun 11.500€ un ALUPSE

Nodeems am Juli 2020 zwee Spezial-Cuvéen an de Lëtzebuerger Supermarchéen vun Delhaize erausbruecht gi sinn, ass eng immens Zomm vun 11.500 € zesummekomm, déi als Don un d’Associatioun ALUPSE iwwerreecht gouf.

Schonn am Joer 2018 konnt duerch de Verkaf vum Cuvée Schengen en Spent un d’Asbl goen. Dës Kéier waren et de Pinot Gris GPC an e Pinot noir rosé, déi net nëmmen am Glas vum Client, mee och ënnerhalb vun der Associatioun fir Begeeschterung suergen.

D’ALUPSE (Associatioun Luxembourgeoise de Pédiatrie Sociale) gouf 1984 gegrënnt an ënnerstëtzt mëttlerweil all Joer iwwer 250 Famillen, déi verschidde Schwieregkeeten ausgesat sinn. Gehollef gëtt Kanner, Mammen a ganze Famillen am Beräich vun der Preventioun géint Gewalt a Vernoléissegung, wougéint d’Wuelergoen an den harmoneschen Ëmgang mateneen am Virdergrond stinn.

Den Don vun Delhaize wëll d’Associatioun an engem spezifesche Projet vun der Ekipp ALUPSE-BÉBÉ asetzen. Hei ginn zukünfteg Elteren, schwanger Fraen a frësch gebake Mammen ënnerstëtzt, déi mat diverse Problemer konfrontéiert ginn.

„An dësen Zäiten, déi vun Onsécherheeten an Zukunfstängschten dominéiert ginn, gi Famillen erschüttert a Kanner bleiwen net verschount. Dofir bidden d’Ekippe vun ALUPSE hir Hëllef, en oppent Ouer an Ënnerstëtzung“, erkläert den Dr Roland Seligmann, Kannerdokter, Grënner a President vun der ALUPSE. Fir all dës Servicer bidden ze kënnen, braucht et moralesch a finanziell Ënnerstëtzung.

Dernières nouvelles