Search

You may also like

Maintenance a Botze vun den Tunnellen – wéini a wou?
Business Neiegkeeten

Maintenance a Botze vun den Tunnellen – wéini a wou?

D’Administratioun vum Ponts et Chaussés deelt mat, datt kommend Woch

LAR-Impfzenter um Findel
Business Neiegkeeten

LAR-Impfzenter um Findel

Op gëschter Méindeg, ass um Findel an de hellegen Hale

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt
Business Neiegkeeten

Wann d‘Wieder onberechenbar gëtt

Et huet nëmme Minutte gebraucht, mee dat schrecklecht Onwieder dat

Delhaize schaaft d‘Feierdeeg an d‘Sonndeger of

Delhaize schaaft d‘Feierdeeg an d‘Sonndeger of

Ouni datt ee sech grouss mat der Personaldelegatioun oder dem Sozialpartner concertéiert hätt, huet d‘Direktioun vun de Supermarchéë „Match“, datt ab muer 9. Mee nees all Sonndeg an all Feierdag muss geschafft ginn. Dës Geschäfter gehéieren zum belsche Grupp Delhaize. Och d‘Enseigne Cora ass deel vun dësem Ensembel.

Elo ass wuel hiert gutt d‘Recht d‘Personal esou anzesetzen, wéi et hinne kommerziell am beschten entgéint kënnt, also muss och d‘Sonndesaarbecht wéi d‘Aarbecht iwwer d‘Feierdeeg engem Salarié zouzemudde sinn. Zudeem gëtt masseg Secteuren, an deenen sech dës Fro net stellt, well et ganz üblech ass, op dësen Deeg dem Konsument zur Verfügung ze stoen. An dee verlaangt dat jo elo och.

Mat dësem Argument kann ee beim OGBL a senge Militante fir eppes Adrenalin-Iwwerschoss an zolidd Grimasse suergen, woubäi een den Afloss vun de schlechte Konsumgewunnechten an dësem Kontext net dierf ausser Siicht loossen. Et ass jo erwisen, datt esou laang et Mënschen huet, déi aus Grënn gäre Sonndes an iwwer d‘Feierdeeg akafe ginn, et ee gëtt deen d‘Demande wäert erfëllen.

Den OGBL, deen all d‘Delegéiert vum Personal am Match stellt, huet awer net wëlles sech op den Aarm huelen ze loossen a wäert an de Widderstand goen. D‘Gewerkschaft erënnert drun, datt et d‘Personal vun der grousser Distributioun ass, datt zanter engem Joer an der éischter Rei steet an hir Leeschtung am Kontext vun der sanitärer Kris, sollt endlech Unerkennung statt Gängelung erfueren.

Eng droleg Aart „Merci“ ze soen

D‘Direktioun, déi selbstverständlech weder Sonndes nach iwwert d‘Feierdeeg ee Fanger kromm mécht – dat ass d‘Lous vun de klenge Salaire a soss prekär Beschäftegten – weess schonn, wat et bedeit, a wéi wichteg et war, datt d‘Leit hinnen a schwieregen Zäite Partie gehalen hunn. Mat der Opportunitéit och dierfe Sonndes an d‘Feierdeeg ze schaffen, kann ee jo och méi Geld verdéngen.

Esou ass d‘Ouverture an éischter Linn och net als Service fir Client ze verstoen, mee als soziale Beitrag fir déi vun der Entreprise beschäftegt Mataarbechter. De Konsument géif dann an dëser Equatioun éischter zoufälleg erschéngen. Datt elo awer déi Beschäftegt net Sonndes an iwwer d‘Feierdeeg wëlle schaffen, ass der Direktioun einfach onverständlech. Et ass schonn affrontéiert.

Fir d‘Direktioun ass et säitens der Beleegschaft eng droleg Aart a Weis Merci ze soen, wou si sech déi gréisste Méi ginn, de Salariéeën en zousätzlecht Akommes ze sécheren. Dat geet esouwäit, dat de Match elo och op Nationalfeierdag (23. Juni) seng Enseigne wëll opmaachen. Wuel wëll et net genuch Feierdeeg fir all déi beschäftegt huet. An de Nationalfeierdag betrëfft och just Lëtzebuerger.

Sollt et därer am Match hunn, ass dovunner auszegoen, datt dat vun der Direktioun berécksiichtegt gëtt an de „Patriot“ selbstverständlech do fräigestallt ass. Den OGBL gesäit dat zum Gléck eppes anescht a wäert mat entspriechenden Aktiounen, de Revendicatioune vun de Match-Mataarbechter Rechnung droen. Dat bescht wier awer, wann de Konsument endlech zu Vernonft géif kommen.

Foto: Dee wierklech gréisste Problem betreffend d‘Sonndes- a Feierdagsaarbecht ass am Endeffekt de Konsument selwer. De Grupp Delhaize – wéi all déi aner och – géif sech hidden opzemaachen, wann ni ee Client géif kommen. Deen awer huet jo keng Zäit méi ënnert der Woch akafen ze goen. Am léifste wier dësem jo, wann d‘Geschäfter ni zou hätten… och wann dann awer dat meescht nees online kaf gëtt. © OGBL

Related topics Delhaize, Konsum, Match, OGBL, Personaldelegatioun, Sonndegaarbecht
Next post Previous post