Search

You may also like

Verlängerung vun de Covid19-Mesure bis de 14. Mäerz
Neiegkeeten

Verlängerung vun de Covid19-Mesure bis de 14. Mäerz

Zanter gëschter ass et offiziell: déi geltend Moossnamen am Kampf

What the Fakt – Alles Guddes un d’Stilikon Audrey Hepburn!
Neiegkeeten

What the Fakt – Alles Guddes un d’Stilikon Audrey Hepburn!

Mat Sensibilitéit a rouegem Schauspill-Talent huet déi britesch-hollännesch Actrice Audrey

Geheim Fichieren: Et geet virun
Neiegkeeten

Geheim Fichieren: Et geet virun

An de Kommissiounen „Justiz“ & „Bannesécherheet“ stoung op der Dagesuerdnung:

OPGEPASST: Delhaize rifft Sesam an eng Bûche zeréck

OPGEPASST: Delhaize rifft Sesam an eng Bûche zeréck

Bei den alldeegleche Qualitéitskontrolle vun de Produiten beim Delhaize ass opgefall, datt zwee Liewensmëttel net an der Rei sinn. Zum engen weist de Sesam vun der Hausmark ze héich Quantitéite vu phytopharmazeutsche Mëttel op, zum anere sinn an der Bûche Saint Maure Bakterien (Listeria monocytogenes) fonnt ginn, déi zu enger Listerios féiere kënnen.

Aus dësem Grond gi folgend Produiten zeréckgeruff:

  • Numm: Graines de sésame décortiquées
  • Mark: Delhaize
  • EAN: 5400112327777
  • Lot: 706704J2905F; 706704J1106F, 706704J2506F, 706704J2007F
  • Halbarkeetsdatum: 9/11/2020; 22/11/2020; 6/12/2020; 31/12/2020


  • Numm: Bûche Saint Maure 200g
  • Mark: Delhaize
  • EAN: 5400119505017
  • Halbarkeetsdatum: 6/11/2020, 10/11/2020, 11/11/2020, 17/11/2020, 19/11/2020, 24/11/2020, 26/11/2020, 1/12/2020, 8/12/2020, 15/12/2020; 23/12/2020

Déi concernéiert Produiten goufe schonn aus de Rayonen geholl. Et kann awer net ausgeschloss ginn, datt en Deel verkaaft ginn ass. Den Delhaize biet d’Clienten dorëm, déi genannte Produiten op kee Fall zou sech ze huelen. De Remboursement gëtt garantéiert.

Am Fall vun der Bûche sollt ee beim Optriede vu Féiwer an/oder Kappwéi direkt en Dokter opsichen. Virun allem schwanger Fraen, Persoune mat enger Immunschwächt, eeler Leit a Kanner solle besonnesch opmierksam sinn. D’Bakterie kënnen zu enger Listerios féieren.

Bei weidere Froen kann ee sech iwwert d’Telefonsnummer (+32) 0800/95 713 un d’Geschäft wennen. Delhaize entschëllegt sech fir dës Onannehmlechkeeten.

Related topics Bakterien, Delhaize, Féiwer, Liewensmëttelsécherheet, Listeria monocytogenes, Sesam
Next post Previous post