Search

You may also like

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn
Neiegkeeten

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn

No de villen Interventiounen zum Budget (5. Januar) war et

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?
Neiegkeeten

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?

Wirtschaftswuesstem an Aarbechtsplaze sinn ee wichtege Sujet, besonnesch ugesiichts enger

Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!
Neiegkeeten

Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!

Eng weider kreativ Iddi kënnt aus dem Lycée Michel Lucius!

Delphi Lëtzebuerg wëll Aarbechtsplazen ofbauen

Den OGBL revendiquéiert e Plang fir d‘Salariéeë weider ze beschäftegen

Delphi Lëtzebuerg wëll Aarbechtsplazen ofbauen

Den 31. Oktober sinn d‘Mataarbechter vum Standuert Delphi Technologies zu Käerjeng informéiert ginn, datt de Konzern weltwäit eng Restrukturatioun virhuele wäert, déi verschidde Standuerter, an esou och dee vu Käerjeng betrëfft.

Beim OGBL kënnt dës Annonce net gutt un an hei gëtt een ze bedenken, datt et fir eng Entreprise, déi 2021 säi 50. Jubiläum zu Lëtzebuerg feiere wëll, keng gutt Virzeeche sinn. Laut deem wat de Mataarbechter gesot ginn ass, soll an den nächsten 2 Joer d‘Divisioun „Fuel Injection System“ (FIS) an d‘Divisioun „Komponenten“ (PTP) zu Lëtzebuerg ganz verschwannen.

Dës Aktivitéite ginn op aner Standuerter – notamment deen zu Blois (Frankräich) – verluecht ginn. De Beräich „Electronics an Electrification“ (E&E) ass vun der Restrukturatioun net betraff an hätt zu Lëtzebuerg nach Zukunft. Dat bedeit awer, datt ënnert dem Stréch iwwert d‘Hallschent vun den Aarbechtsplaze kuerz- bis mëttelfristeg zu Lëtzebuerg bedreet sinn.

Zu Lëtzebuerg beschäftegt Delphi iwwer 500 Leit an den OGBL huet kee Versteesdemech fir dës Annonce, déi bis zu 250 Aarbechtsplaze kaschte soll. Woubäi dat nëmmen déi „direkt“ Emploie sinn… hei misst een och berécksiichtegen, datt um Site e puer Dose Soustraitanten an/oder aner extern Fournisseure beschäftegt sinn. Och déi Plaze wiere vum Plang bedreet.

Den OGBL ass den eenzege Signataire vum Kollektivvertrag vum Grupp, an huet zesumme mat der Personaldelegatioun d‘Annonce antizipéiert an d‘Erëffnung vu Gespréicher ugefrot, fir e Plang zum Erhalt vun der Beschäftegung fir d‘Mataarbechter auszeschaffen. Et wier aus Siicht vum OGBL déi eenzeg valabel Léisung, firwat all legal Mëttel sollten ausgenotzt ginn.

Gefuerdert gi Rekonversioun, Transferten an d‘Prepensioun ze notzen, dat fir emol all Entloossung ze verhënneren. Alternative gi vun der Gewerkschaft net envisagéiert. Den OGBL stellt dann och nach fest, datt d‘Decideure vun esou Restrukturéirungsmoossnamen sech (oft) am Ausland ophalen an vun de Virdeeler deen de Standuert Lëtzebuerg bitt, wéineg Ahnung hunn.

Bedenklech och d‘Feststellung, datt hei – no bekannt gi vun der endgülteger Schléissung vun den ënnerschiddleche Produktiounsstanduerter vum Grupp Mahle – schonn den zweete Konzern aus dem Secteur vum Equipement an der Fuerschung vun der Automobilindustrie, Aarbechtsplazen ofbaut. Den OGBL setzt sech an fir den Erhalt vun dësen Aarbechtsplazen.

Related topics Aarbechtsplazofbau, Delphi, Käerjeng, OGBL
Next post Previous post