Search

You may also like

Den neien Eurogruppechef ass eng Iwwerraschung
International Neiegkeeten

Den neien Eurogruppechef ass eng Iwwerraschung

Et huet zwee Wahlgäng gebraucht iert festgestanen huet, datt den

Israel: déi erzwonge Koalitioun
International Neiegkeeten

Israel: déi erzwonge Koalitioun

Der politescher Patt-Situatioun an Israel war net mat Wahle bäizekommen,

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht
International Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht

De 26. Mee 2019 sinn Europawahlen – ee Grond méi,

Dem Bibi seng Exzesser

An Israel hunn sech d‘Bierger a Politiker eng nei Passioun entdeckt: all puer Méint nei wiele goen!

Dem Bibi seng Exzesser

Op en neits ass d‘Knesset politesch implodéiert, well et net méiglech war viru Mëtternuecht den neie Staatsbudget ficeléiert ze kréien. Domadder ass d‘Knesset (Parlament) dann och automatesch opgeléist an et mussen zwéngend Neiwalen ofgehale ginn. Am Mäerz 2021 gëtt da fir d‘véiert an zwee Joer gewielt.

Elo kéint jo ganz frech behaapten, dat sech d‘Cheffe vun der Koalitioun, also de Benjamin „Bibi“ Netanyahu (Likud) an de Benny Gantz (Kahol Lavan) net méi verdroen, mee déi spillen an dësem politesche Koméidistéck net d‘Haaptroll. Nee, an dësem Kontext ass et d‘Parlament dat sech fir Neiwalen agesat huet. Et gouf einfach keen neie Budget gestëmmt an Zack, war d‘Bier geschielt.

Bibi

Dat bedeit folgerichteg och automatesch d‘Enn vun der Koalitioun, an et gëtt vill béis Zongen déi behaapten, datt de Benny Gantz doriwwer guer net enttäuscht ass. Dozou muss gewosst sinn, datt besonnesch an dësem Bündnis ëm den Haushalt gestridde ginn ass. Dat ass bedéngt duerch dat vu béide Parteie gefleegte Mësstrauen an der Freed Feindséilegkeeten auszetauschen. Esou ass Israel.

Wann elo awer „Observateure“ spekuléieren, datt den Benjamin Netanyahu bewosst Neiwale wollt erbäiféieren, dann ass dat schonn eng gewote Behaaptung. Et ass richteg, datt sech dës ongläich an duerchaus kontrovers Koalitioun net op Dauer hale konnt an et natierlech méiglech gewiescht wier, datt de Bibi d‘Mandat net mam Benny, esou wéi vereenbaart, getosch hätt. Elo ass och dat egal…

Bibi

Bleift nach drop hinzeweisen, datt bei dësen Neiwahlen, déi den 23. Mäerz missten ofgehale ginn, dem Benjamin Netanyahu seng Likud am meeschten ze verléieren huet. De „Krisemanagement“ vu der Covid19-Pandemie war an ass, bei allem noutwennege Respekt „ee Schoss an den Uewen“. Dat verhënnert alles net, datt sech béid Alphamännercher am Netz géigesäiteg d‘Schold zouweisen.

mat indymedia/tlv

Foto: Dat israelescht Parlament huet scho schlëmmer Situatioune materlieft a well et ausgesäit wéi wann och d‘Vollek Spaass um stännegen Urnegang hätt, sollt een et hinne vergënnen. Woubäi elo an der Covid19-Pandemie… mee gutt jidderee mécht wéi en et fir richteg hält. © Samuel Laster

Related topics Benjamin Netanyahu, Benny Gantz, Israel, Kahol Lavan, Knesset, Likud
Next post Previous post