Search

You may also like

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!
International Kultur Neiegkeeten

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!

Et ass richteg, datt den Handy hannert dem Steier zur

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch

Pünktlech zum Ufank vum Fréijoer gëtt d’Natur geéiert a virun

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?
International Kultur Neiegkeeten

Exit-Strategie: Liicht um Enn vum Tunnel?

Eraus aus der Coronakris – Bei der Pressekonferenz vun haut

Eng hallef Millioun US-Dollar fir dem Bob seng Telecaster

Eng hallef Millioun US-Dollar fir dem Bob seng Telecaster

Eng vun den emblematesche Gittaren, déi den Iwwergang vum Folk zur elektronesch verstäerkter Musek vum Bob Dylan „matgemaach“ huet, ass béi enger Auktioun zu New York, fir ganzer 495.000 US-Dollar versteet ginn. D‘Auktioun war den „Ikone vun der Musek“ gewidmet.

D‘Gittar, eng Fender Telecaster vun 1965, déi dem Robbie Patterson – de Gittarist vum Bob Dylan – gehéiert huet, war esouwuel vum Bob Dylan, wéi och vum Eric Clapton an dem George Harrison bespillt ginn. Esou d‘Informatioun vum Auktiounshaus „Julien“ dat d‘Stee organiséiert huet. De Wäert war virun der Auktioun op eng Valeur tëscht 400.000 a 600.000 US-Dollar geschätzt ginn.

Dës Fender Telecaster huet d‘Konversioun vum Folk-Sänger „The Times They Are A Changin“ zum elektronesch verstäerkte Sound vu Lidder wéi „Like a Rolling Stone“ markéiert. Si war dann och „begiert“ an de neie Besëtzer gëtt esou Proprietär vun engem Stéck Museksgeschicht.

Keng Stee ouni den Elvis

Ënnert den anere „berühmte“ Gittaren déi ënnert den Hummer komm sinn: déi éischt elektresch Gittar vum George Harrison, eng Hofner Club 40. Déi huet bei der Auktioun de stolze Präis vu 430.000 US-Dollar erziilt.

Telecaster

Dem Bob Dylan seng Fender Telecaster vun 1965, huet déi stolz Zomm vu 495.000 US-Dollar beim der Auktioun vun „Julien“ zu New York abruecht. © Don Emmert/AFP

Mee et huet nach eng Fender Telecaster e neie Besëtzer fonnt. Hei war déi, wou 1968 fir den Elvis Presley gebaut gi war. Komplett aus Rousenholz hiergestallt, ass et e geschichtsträchtegt Unikat. Den Hummer ass hei bei der Zomm vun 115.200 US-Dollar gefall. D‘Vente ënnersträicht dann awer och, datt 40 Joer nom Dout vum „King“, den Interessi u senger Persoun net ofgeholl huet.

Dat beweist dann och d‘Vente vun enger schwéier dekoréierter Ceinture, déi den Elvis bei engem Concert 1972 zu Hawaii gedroen huet. Si sollt fir 354.400 US-Dollar e neie Besëtzer fannen. Och en Rank mat engem Diamant, deen den Elvis 1975 verschenkt hat, huet nach 100.000 US-Dollar abruecht.

Aalt Gezei

Bei der Auktioun vum Samschdeg, sinn och vill Bühnekostümer ënnert den Hummer komm. Gezei dat e wuel als „al“ ka betruechten, mee wou de Wäert dorunner gemooss gëtt, wien se gedroen huet. Dorënner esou emblematesch Artiste wéi den Elton John, Britney Spears, oder Michael Jackson.

E Kostüm (West & Box aus Lieder) mat engem gielen Hiem vum Michael Jackson (Thriller / Billie Jean), huet bei 217.600 US-Dollar den Zouschlag erhalen. Fir „nëmmen“ 179.000 US-Dollar, huet en anonymme Sammler e Liedersrimm mat sëlwer Schnall, op där a gëllene Buschtawen „BAD“ geschriwwe steet, kritt.

Schonn um Freideg ware bei „Julien“ am Kader vun enger Auktioun, Géigestänn vum 2016 verstuerwenen Artist „Prince“ ënnert den Hummer komm. Am ganze sinn eng 600 perséinlech Géigestänn an den zwee Deeg ugebuede ginn. Alles an allem si méi wéi sechs Milliounen Dollar Ëmsaz gemaach ginn.

mat AFP

Foto: Dem Prince seng „Yellow Cloud“ (r) an dem George Harrison seng éischt e-Gittar, eng Hofner Club 40. © Don Emmert/AFP

Related topics Auktioun, Bob Dylan, Fender, George Harrison, Prince, Telecaster
Next post Previous post