Search

You may also like

Käerjenger Chrëschtmaart 2020 ofgesot
International Neiegkeeten

Käerjenger Chrëschtmaart 2020 ofgesot

De Schäfferot vun der Käerjenger Gemeng huet a senger Sëtzung

dislike
Europa-Tournée fir den Donald Trump
International Neiegkeeten

Europa-Tournée fir den Donald Trump

Haut geet dem amerikanesche President säin Tour duerch Europa lass.

Récktrëtt & Verhaftung vum Hashim Thaci
International Neiegkeeten

Récktrëtt & Verhaftung vum Hashim Thaci

Am Juni hat de Parquet vum internationale Jugoslawien-Tribunal (ICTY) zu

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“

Wéi eng Roll huet de Rudy Giuliani an de Ukrain gespillt?

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“

An der Affär ëm dat ominéist Telefonsgespréich tëscht dem US-President a sengem ukraineschen Homolog, gëtt et nach eng Rei „Acteuren“ déi een net vergiesse sollt. Esou de Rudy Giuliani, dee vun den US-Medien ass „Ugrëffslëschteg“ an als „net op de Mond gefall“ beschriwwe gëtt. A seng Method ass denkbar einfach: Attack, Attack, Géigeschlag…

Hien huet seng Roll als „Pittbull“ déi ganz Woch iwwer gutt vertrueden, war an all Sendung ze gesinn an hat ee Rei gutt Spréch drop: „D‘Demokrate sinn an eng Fal geroden, wéi ech mir et zanter Méint wënschen. Si wäerten ee vun de gréisste Skandaler aus dësem Joerhonnert opdecken: den Joe Biden“. An géintiwwer den Demokrate mengt hien: „Dës Partei ass esou korrupt, datt se sténkt“.

Eng staark Perséinlechkeet

An de fréiere Procureur a Buergermeeschter vun New York erlaabt keng Géigewierder. Wann hien – wéi et dës Woch nees op FOX de Fall war – eppes ze vill an d‘Enkt gedriwwe gëtt, dierf et schonn emol eppes méi „direkt“ ginn. Eng Charakterstäerkt déi dem US-President gefält, wat erkläert datt den Donald Trump de Rudy Giuliani d‘Lescht Joer an seng Ekipp integréiert huet.

Dem Rudy Giuliani seng éischt Missioun: de Milliardär während de Muller-Ermëttlungen ze beroden. Wéi deen Dossier ofgeschloss war huet hie sech engem neien Optrag zougewennt: der Ukrain. An hei ass et vun Ufank un ëm de Joe Biden gaangen. De Giuliani ass ee Verfechter vun zwou Theorien, déi rietsextrem Gruppéierungen am Netz verbreeden a bei de Leit Gefale fannen.

Déi éischt Theorie beseet: de Joe Biden huet als US-Vizepresident d‘Ukrain bestach an domatter erreecht, datt d‘Ermëttlunge géint eng Entreprise agestallt goufen, an där säi Bouf, den Hunter Biden, am Virstand gesiess huet. Déi Zweet: déi russesch Amëschung an de Wahlkampf wier eng Erfindung. Eng ukrainesch Organisatioun hätt dat am Déngscht vun den Demokrate gemaach…

Schwéier Beschëllegungen

Dat sinn natierlech nëmmen „Theorien“ well Beweiser fir dës schwéier Beschëllegunge kann de Rudy Giuliani net virleeën. Zwar huet den ukrainesche Generalprocureur Yuri Lutsenko nach am Mee zum „Korruptiounsvirworf géintiwwer dem Hunter Biden“ gemengt, do wier d‘Recht verletzt ginn. Dat war allerdéngs schonn nodeems den Giuliani sech direkt an d‘Ukrain agemëscht huet.

Et geet aus dem Bericht vum Geheimdéngschtagent – deen an dësem Dossier als Whistleblower ze betruechten ass – ervir, datt sech de Yuri Lutsenko an de Rudy Giuliani Ufank vum Joer zweemol getraff hunn an datt d‘Beméiungen ënnert der neier Regierung „verstäerkt“ goufen. Esou huet et weider Treffe mat Regierungsvertrieder an regierungsnoen Ukrainer ginn.

Géintiwwer CNN huet de Rudy Giuliani elo „agestanen“, datt hien all dës Aktivitéiten hannert dem Réck vum US-President bedriwwen huet, an dësen eréischt Méint duerno iwwert seng Ermëttlunge wëll informéiert hunn. Eng Aventure wann een esou wëll, déi elo awer dem 45. US-President zum Amtsenthiewungsverfare verhëlleft. An dat ass nëmmen ee vu villen Detailer an dëser Affär…

Éischt Affer

No den Ermëttlungen an der Entklassifizéierung vum Gespréichsprotokoll huet de Kurt Volker, US-Sonnergesandte fir d‘Ukrain demissionéiert. Grond dofir dierften déi vu verschiddenen Ausschëss am Kongress organiséiert „Froe-Ronnen“ sinn, déi schonn den nächsten Donneschdeg am Kader vum ugestrieften Amtsenthiewungsverfare stattfannen. Och hie hätt sech géint de Biden agesat.

Den drëtten am Bond: US-Ausseminister Mike Pompeo. Hie gouf gëschter vun den Demokraten ultimativ opgefuerdert Dokumenter mat Bezuch zur Ukrain-Affär erauszeginn. Deen huet elo eng ganz Woch Zäit dëser „Demande“nozekommen. Géif sech widdersetzen, wier dat eng Behënnerung vun den Ermëttlungen. Dozou wäert et de Mike Pompeo net komme loossen, heescht et emol.

En Amtsenthiewungsverfaren unzekierbelen ass eng Saach, dat dann och duerchgesat ze kréien, eng aner. Nach ëmmer geet kee politeschen Expert mat eppes Verstand dovunner aus, datt d‘Demokrate mat hirem „Impeachment“ erfollegräich kënne sinn. Et dierft sech awer ganz hefteg op de lafende Presidentschaftswahlkampf auswierken, woubäi net den Erfolleg vun de Demokrate gemengt ass.

mat indymedia/nyc

Related topics Donald Trump, Hunter Biden, Impeachment, Joe Biden, Kurt Volker, Rudy Giuliani, Telefonsgespréich, Ukrain
Next post Previous post