Search

You may also like

Wann Traditiounen leiden: Abrëllsgecken op Dezember verréckelt!
International Neiegkeeten

Wann Traditiounen leiden: Abrëllsgecken op Dezember verréckelt!

T’gëtt einfach näischt ze laachen – Wärend d’Covid-19-Pandemie an déi

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. Abrëll
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 30. Abrëll

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell
International Neiegkeeten

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell

„Grouss Biergerconsultatioun“: esou gëtt d‘Houmass tëscht dem President vun der

Prisong fir dem George säi Mäerder

Ex-Polizist Derek Chauvin gouf ee Freideg vum Geriicht zu Minneapolis zu 22,5 Joer verurteelt

Prisong fir dem George säi Mäerder

Nodeems den Derek Chauvin schonn am Abrëll vun de Geschwuerenen zu allen Uklopunkten als Schëlleg befonnt gi war, huet nach missen d‘Strofmooss definéiert ginn. De Procureur hat eng Haftstrof vun 30 Joer gefuerdert, d‘Verdeedegung huet d‘Probatioun plädéiert.

Virun der Uerteelsverkënnegung haten sech nach Familljemembere vum George Floyd zu Wuert gemellt an hunn d‘Héchststrof fir de fréiere Gesetzeshidder gefuerdert. Dem Affer säin Neveu, Brandon Williams, säi Brudder Philonise an esouguer seng Duechter Gianna… si all haten sech eppes virgeholl. Et war op en Neits en Ofschid, an och seng Mamm huet himm hei geduecht.

Den Täter war am Hellgroe-Kostüm ugereest an huet sech wärend de Wuertmeldungen näischt umierke gelooss. Hien huet kuerz a knapp der Famill „säin häerzlecht Bäileed“ ausgedréckt. Am Prozess selwer hat hie jo och d‘Ausso verweigert. Ee Operatiounsmodus deen drop hindeit, datt nach ee Bundesverfaren ustoe kéint, mindestens den Appell nach als Optioun zeréckbehale gouf.

George

Säitens dem Wäissen Haus, datt fir gewéinlech keng Stellung zu Geriichtsurteeler ofgëtt, heescht et dat den US-President Joe Biden, d‘Urteel begréisst hätt. Him géif d‘Strofmooss vun 22,5 Joer als ugemiess erschéngen. Och d‘Affekote vun der Floyd Famill, deelen dem President seng Siicht, mee der Famill geet et – wat verständlech ass – net duer. Si fënnt datt Liewenslänglech verdéngt war…

Et war nach net den Epilog

Mat der Verkënnegung vum Strofmooss ass den Dossier George Floyd dann awer nach net zou. Et ass jo engersäits esou, datt den Derek Chauvin nach kann an Appell goen. Doriwwer eraus, an dat onofhängeg vum Prozess am Bundesstaat Minnesota, ass och eng Klo géint den elo verurteelten Täter, virun engem Bundesgeriicht erhuewe ginn. Heibäi geet et dann awer net ëm d‘Dot u sech.

George

Den US-Justizministère huet an der Begrënnung zum Verfare virun engem Bundesgeriicht erkläert, datt dem Beschëllegten – an dësem net eleng – ënnert anerem virgeworf gëtt, dem Affer seng vun der Verfassung geschützte Rechter verwiert ze hunn. Mat op de Uklobänk sëtzen dräi vum Derek Chauvin senge Kolleegen, déi sech beim „Asaz“ wuel net Reegel- a Gesetzkonform beholl hunn.

Fir déi Dräi huet et dat anert Joer dann och de Prozess virum Geriicht zu Minneapolis. Hinne gëtt Bäihëllef virgeworf. Sollten an dësem Kontext déi Geschwueren op en Neits der Meenung sinn, datt d‘Virwërf schlësseg sinn an dës ex-Polizisten eng Matschold ze veräntwerten hunn, kann och hei zu laangen Haftstrofe kommen. Den Dout vum George Floyd wäert nach net esou séier vergiess sinn.

mat indymedia/min

Illustratioun: © Tim Hüfner / unsplash

Related topics BLM, Derek Chauvin, George Floyd, Minneapolis, USA
Next post Previous post