Search

You may also like

LNS: Covid-19-Tester a Wunn- a Fleegeheemer
Business Neiegkeeten

LNS: Covid-19-Tester a Wunn- a Fleegeheemer

De Laboratoire National de Santé (LNS) start ee landeswäite Programm,

Groussbus a Wal hu sech d‘Jo-Wuert ginn
Business Neiegkeeten

Groussbus a Wal hu sech d‘Jo-Wuert ginn

Schonn um Sonndegnomëtten haten d‘Gemenge via Communiqué matgedeelt, datt d‘Awunner

Kinepolis erfënnt sech nei
Business Neiegkeeten

Kinepolis erfënnt sech nei

„Video on Demand“ (VOD) ass iech ze langweileg, oder dir

Dem Handwierk feelt un Handwierker

Dem Handwierk feelt un Handwierker

Wann ee soe kann, datt d‘Pandemie eenegermoossen ënner Kontroll ass an d‘Reprise vun der Wirtschaft laut der Denkfabrick IDEA (Handelskummer) gutt ënnerwee ass, esou trëfft dat net wierkelch op all d‘Secteuren zou. D‘Federatioun vum Handwierk huet an dësem Kontext eng Enquête gemaach, déi alles ausser zefriddestellend ka sinn.

D‘FDA huet eng 200 Entreprise zu hirer Situatioun befrot. ET goung dobäi ëm déi finanziell Lag, d‘Problemer am Kontext vun der Materialknappheet an déi organisatoresch Gestioun vun der sanitärer Kris. Néng Secteure goufen op de Leescht geholl, déi kleng wei déi mëttelgrouss Betriber an dat am ganze Land. D‘Conclusioune sinn net erquicklech an dat läit net eleng um Covid19.

Wann ee sech d‘Zuelen ukuckt stellt ee séier fest, dat 4 vun 10 Entreprisen am éischte Semester 2021 weider eng Baisse vum Ëmsaz verquësse mussen. Dat ënner Berécksiichtegung datt ofgesi vum Horesca-Secteur an dem Evenementiel, de Gros vun de Entreprise méi oder wéineger normal schaffe konnten. A wéi et esou ass, sinn et besonnesch d‘Betriber mat bis zu 5 Leit déi leiden…

Hei si 64% vun den Entreprise massiv vum Abroch beim Ëmsaz betraff, firwat dës éischter eppes zeréckhalend sinn, wann si op hir Perspektiven ugeschwat ginn. Eppes kléngs iwwer d‘Hallschent ginn dovunner aus, datt hir Situatioun géintiwwer dem 1. Semester 2021 „stabil“ bleift. 24% sinn net esou zouversiichtlech a fäerten eng weider Baisse, a fir 21% geet et den Ament nees Biergop.

De Problem am Problem

Aus der Enquête geet allerdéngs och ervir, datt d‘Handwierk zu Lëtzebuerg e ganz aneren – och elo net wierklech neie – Problem huet. D‘Betriber gesinn hir Rentabilitéit duerch déi grouss Laascht a Punkto administrativem Gedeessems gedréckt, woubäi de wierklech grousse Problem en aneren ass. Wéinst dem Covid19 – esou 80% vun de Befroten – ass den Absenteismus eng richteg Plo ginn.

Dat soll net als Virworf un déi betraffe verstane ginn, mee et kann sech net all Betrib de stännegen Ausfall leeschten. An d‘Betriber si beméit, e déckt Drëttel sicht no Mataarbechter, grad emol 7% géifen iwwerleeën d‘Segel anzehuelen. Et huet Aarbecht, woubäi 8 vun 10 Entreprise beklot keng Leit ze fannen. Dobäi huet et Formatiounen a géint de „Learning by doing“ gëtt et keen Awand.

Firwat et dann un Hänn feelen deet? Un de Léin kann een d‘Penurie u Main d‘Oeuvre net fest maachen, also muss et aner Grënn hunn. Dat huet wuel eppes mat der Attraktivitéit vu gewësse Beruffer ze dinn, mee wuel vill mat der Attraktivitéit vum Land als Aarbechtsstanduert selwer. Wunnen am Land ass onbezuelbar, abordabel Logementer gëtt et keng. Dat bedeit laang Weeër.

Ab 2 bis 3 Stonnen „Aarbechtswee“ fir 200 oder 300 Euro méi Pai ze hunn; dat dinn sech d‘Leit net méi un. Zudeem herrscht am Handwierk tëscht Chef an Ekipp net déi beschte Stëmmung. Esou huet et Aarbechter déi dréngend nei Kolleege brauchen, awer kengem rode géifen sech fir eng Aarbecht virstellen ze kommen. Wéi e gesäit d‘Kris fir d‘Handwierk mécht keng Ustalte goen ze wëllen.

Illustratioun: © Adi Goldstein / unsplash

Annex: Enquête Fédération des Artisans

Related topics FDA, Handwierk, Pandemie, Penurie, Reprise
Next post Previous post