Search

You may also like

Gutt Laun – Gutt Wieder – Gutt Mënschen
International Neiegkeeten

Gutt Laun – Gutt Wieder – Gutt Mënschen

Eigentlech war den 10. Mäerz als Datum fir d‘Schëfflenger Kavalkad

Negligabel Niewewierkunge beim Covid19-Vaccin?
International Neiegkeeten

Negligabel Niewewierkunge beim Covid19-Vaccin?

Well déi investigativ Kolleege vu „Mediapart“ an aner Medieschaffend (international)

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd
International Neiegkeeten

Cargolux: 2018 war fir d’Entreprise d’Joer vum Päerd

Am vergaangene Joer huet Cargolux Airlines International ee perséinleche Rekord

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt

„Ligener, Fatzbeidel“: sinn déi vertrietbar Wierder, déi den US-President um Freideg fir den James Comey, säi geschasste FBI-Direkter, iwwreg hat. Woubäi sech dem Locataire aus dem Wäissen Haus seng Roserei, ganz besonnesch op d‘Buch vum James Comey bezitt.

Am Buch “A Higher Loyalty: Truth, Lies, and Leadership” zeechent den Auteur James Comey en onbaarmhäerzege Portrait vum amerikanesche President. Engem Mann ouni Glawen a Moral, mee voll a ganz egozentresch. Datt him d‘Buch net gefält, huet den Donald Trump wéi gewinnt, der Welt via Twitter matgedeelt.

Mee esouvill Reklamm hätt d‘Buch net gebraucht, well den Auteur, dee vun engem Ament zum Aneren am Mee 2017 virun d‘Dier gehäit ginn ass, ass grad op Promotiounstournée. Et vergeet kaum en Dag, wou een den James Comey net op der Tëlee gesäit d‘Buch an d‘Kamera halen.

„Den James Comey huet Fuitten organiséiert an ass en erkläerte Ligener“ heescht am Tweet deen den US-President am (ganz) fréie Muere senge Fans zougemutt huet. Hie bezichtegt de fréiere FBI-Direkter klasséiert Informatioune weiderginn ze hunn, wat senger Meenung no misst juristesch Konsequenze mat sech bréngen.

„Bal all Mënsch zu Washington huet geduecht, datt hie misst erausfléien, wéinst der schrecklecher Aarbecht déi hie geleescht huet, bis en dann tatsächlech erausgehäit gouf“, esou den Donald Trump deen dann nach eng Schëpp bäileet a vun häerzen twittert: „Et war mir eng grouss Éier den James Comey ze entloossen!“.

300 Säiten iwwert dee Mann deen d‘Muecht huet

Am Buch “A Higher Loyalty: Truth, Lies, and Leadership”, beschreift den Auteur e verlugene President, dee sengem Ëmfeld en drolege Loyalitéit-Kodex ofverlaangt. Esou an enger Passage, wou den James Comey erzielt, wéi d‘Interaktioun mam Donald Trump hien un d‘Joren erënnert huet, wou hien nach zu New York géint Mafiabossen ermëttelt huet.

„Dëse stëlle Krees dee zoustëmmt. De Boss deen den Dag an d‘Nuecht mécht. Dat bestännegt schwieren Trei ze sinn. D‘Visioun vun der Welt, laut där se alleguerte géint eis sinn. Déi generaliséiert Ligen, op kleng oder grouss, am Déngscht vun engem Loyalitéit-Kodex deen d‘Organisatioun iwwert d‘Moral an d‘Wourecht stellt“, esou den James Comey.

Fir de 57 Joer jonke James Comey, huet sech de 45. US-President „vun der Wourecht an den institutionelle Wäerter lassgeléist“. Mee dem Auteur seng Memoire erzielen och vu sengen 20 Joer Carrière als Procureur vu New York, als Adjoint vum Justizminister an der Regierung vum George W. Bush, an Chef vum FBI tëscht 2013 an 2017.

Am Buch geet den James Comey op e Mënsch an, dee besiess wier vun „kriddelegen“ Detailer hie betreffend. Esou erzielt de Comey, datt de President hie gefrot hätt eng Enquête zu Ënnerstellungen ze maachen, no deenen hien (den Trump) 2013 zu Moskau sech mat Prostituéierten ofginn hätt.

„Ech hunn eng Mysophobie. Et wier ganz onméiglech, datt ech et géif zouloossen, datt leit viru mengen Ae Pippi op sech maachen“, soll de Milliardär zum Kontext vun dëse Soiréeë gesot hunn, bei deenen déi Dammen esou Praktiken op seng Demande ausgefouert hätten. Dozou schreift de Comey: „Mir ass e Laachen entwutscht“.

Dësen „Dossier“ soll vun engem fréieren Agent vum britesche Geheimdéngscht, am Opdrag vun der politescher Oppositioun géint de republikanesche Kandidat ausgefouert gi sinn. An enger éischter Phas, war de Bericht vum US-Geheimdéngscht als kredibel ageschat ginn. D‘Authentizitéit war dann awer zu engem spéideren Zäitpunkt vollstänneg a Fro gestallt ginn.

Bei enger Auditioun am Senat, hat de James Comey vum Drock geschwat, deen dat Wäisst Haus ausgeüübt hätt; also datt de President seng Loyalitéit agefuerdert huet, an och gefrot huet e Volet vun der Enquête falen ze loossen, déi sech op de Generol Michael Flynn bezunn huet. Dee war dem Donald Trump säi Beroder fir déi national Sécherheet an wier zu Demissioun gezwonge ginn.

Eng weider Episod déi der Roserei vum US-President net dierft entgéint kommen: de James Comey erzielt, datt nodeems hien de Stull vrun d‘Dier gesat kritt huet, de John Kelly, sengerzäit Minister vun der Banne-Sécherheet, an zanterhier de Generalsekretär vum Wäissen Haus ass.

Bei dësem Gespréich, soll den John Kelly him gesot hunn, datt hie vun dëser Entloossung degoutéiert wier, a wëlles hätt aus Protest seng Demissioun anzereechen. „Ech hunn dem John Kelly gesot dat net ze maachen, wëll d‘Land staark Leit brauch déi dëse President encadréieren. Besonnesch dëse President“, schreift de James Comey.

mam Jérôme Cartillier/AFP

Foto: Bereet et mam mächtegste Mann vun der Welt opzehuelen. De James Comey (hei en Archivbild vum Juni 2017) geet a sengem Buch haart an d Geriicht mam Donald Trump. © Brendan Smialowski/AFP

Related topics Donald Trump, James Comey
Next post Previous post