Amerikaner setzen Huawei wéinst Spionagevirworf massiv ënner Drock
Fir de chinesesche Smartphone-Hiersteller an Netzwierkausrëschter Huawei gëtt et esou
Fir de chinesesche Smartphone-Hiersteller an Netzwierkausrëschter Huawei gëtt et esou
„Eemaische misst et dat ganzt Joer iwwer ginn“ sot mer
„De post-fossillen Zäitalter, dee muss haut ufänken an net muer
Wéinst der sanitärer Kris mussen och d‘Reliounen an hir Kierchemänner sech gewësse Reegelen unhuelen, wat natierlech fir Chrëschtdag an déi op dësem Dag stattfannend „Metten“ schonn eppes ustrengend war. Zudeem huet d‘Regierung eng Ausgangsspär verhaangen, déi zwar „eréischt“ um 23 Auer ugefaangen, awer de Programm zolidd impaktéiert huet.
Et waren dann och déi éischt Chrëschtmetten, déi zu Lëtzebuerg um 20 Auer ugefaangen hunn. Et wier zumindest net geschichtlech beluecht, datt een schonn emol esou eppes hätt missen iwwer sech ergoe loossen. No annerhallef Stonn war de Kierchemann mat sengem Optrëtt duerch, an déi eppes méi wéi soss opgereegte Massendénger haten hir kierchlech Missioun wéi opgedroen erleedegt.
An der Kathedral, vun där gewosst ass, datt si vill Mënsche kann empfänken, war d‘Zuel vun de Gäscht extreemst begrenzt ginn. Offiziell – esou de Bistum – hunn sech physesch 99 Persounen un der Zeremonie bedeelegt. Och dat ass kee Beebroch, den däitsche Mediekonzern Bertelsmann huet seng Filial RTL2 ugewisen, d‘Zeremonie live ze iwwerdroen. Et war also méiglech matzemaachen.
Betreffend den Oflaf vun de Metten, esou huet et hei ee méi „klenge Krees“ ginn. Beispillsweis huet d‘Chouer dëst Joer net wéi dat fir gewéinlech de Fall ass, aus enge 50 Sänger bestanen. Sange wier jo eng richteg Kontaminatiounsgefor, firwat d‘Chouer um Freidegowend op 10 Sänger begrenzt ginn ass. Déi stoungen dann och wäit ausenaner, an den Dirigent hat alles ënner Kontroll.
Illustratioun: © Ben White / unsplash