Search

You may also like

Villa Thilges: Wolz presentéiert säi restauréiert Gemengenhaus
Neiegkeeten Stories

Villa Thilges: Wolz presentéiert säi restauréiert Gemengenhaus

Ganzer véier an en halleft Joer, sou wéi 7,1 Milliounen

Den Islamesche Staat huet den Uschlag vu Léck revendiquéiert
Neiegkeeten Stories

Den Islamesche Staat huet den Uschlag vu Léck revendiquéiert

Eis belsch Noperen hunn um Mëttwoch den zwou Polizistinnen an

Demokratesch Institutiounen hu Corona-Stresstest gutt iwwerstanen
Neiegkeeten Stories

Demokratesch Institutiounen hu Corona-Stresstest gutt iwwerstanen

Um Méindeg huet d’Chamber d’Gesetzesvirschléi 7606 a 7607 ugeholl. Domat

Si sinn es dem Minister iwwerdrësseg

Beim Syndikat SEW/OGBL ass ee gëschter net ëm siwen Ecker geschlach, et gouf Tacheles geschwat

Si sinn es dem Minister iwwerdrësseg

Eigentlech ass de President vum SEW/OGBL Patrick Arendt ee ganz ëmgängleche Personnage, deem méi un engem konstruktiven Dialog geleeën ass, wéi sech mam Géinteniwwer an d‘Hoer ze kréien. Fakt awer ass: den Dialog gëtt et guer net. Stellt sech d‘Fro wéi en Zweck et soll erfëllen, d‘Enseignanten an de Sozialkonflikt ze dreiwen. Dat nämlech kéint séier goen…

An esou wéi et de Patrick Arendt erkläert, kritt den Onmutt ënnert den Enseignanten eng ganz nei Dimensioun. Schold dorunner wieren den Drock, d‘Onsécherheet wéi d‘Ongewëssheet, och déi eklatant Intransparenz. Ënnerstëtzung géif zudeem och keng, an et muss ee sech froen, op et nach de Wëllen huet de Leit nozelauschteren. D‘Vertrauen, esou de Gewerkschaftler, ass verflunn.

Dobäi ass ee beim SEW/OGBL u sech ganz zefridde mat der Decisioun, datt de Präsenzunterrecht d‘Reegel ass. Home-Schooling wier eigentlech nëmme sënnvoll fir gutt Schüler, déi dann och bei sech doheem gutt encadréiert ginn. Fir all déi aner, stellt d‘Schoul doheem éischter ee Problem duer an esou géifen deenen hir Chance beschnidden. Si hu Verspéidung an déi gëllt et elo opzehuelen.

Ee Problem deen den Educatiounsminister erkannt hat, firwat dann och versprach gouf, datt et dat fir den Appui noutwennegt Personal zäitno géif ginn. Wou sech dës Verstäerkung verstoppt, oder op et déi jeemools ginn huet, ass zu Stonn nach ëmmer net gekläert. Dofir steet fest, datt néierewou esou eng Hëllef ugetraff ginn ass. An esou bleift nees um Enseignant hänken an dat ass schlecht.

D‘Kanner sinn hir gréisste Suerg

De Patrick Arendt stellt nach emol kloer, dat d‘Enseignanten am Fondamental, hir éischte Flicht doranner gesinn, sech ëm hir Schüler ze këmmeren, a ganz besonnesch d‘Gewiicht op déi hinnen uvertraute Kanner leeë mussen, déi ee gewësse Retard accumuléiert hunn. Fir vill ënnert hinnen, war d‘Schoul doheem kontraproduktiv, an et ass ee Frou fir jiddereen, deen den Niveau hale konnt.

Progressioun beim Distanzunterrecht verlaangt méi vum Schüler wéi vum Enseignant. Et feelt den Austausch an d‘Interaktioun, zudeem spillt dat soziaalt Ëmfeld hei och eng grouss Roll. Et heescht dann awer, datt all Schüler déi selwecht Bildungschance soll erhalen. Beim Home-Schooling ass dat awer éischter ausgeschloss. Wann déi versprachen Hëllef net geleescht gëtt, gëtt et schlëmmer.

An esou kann ee verstoen, datt déi vum SEW/OGBL vertrueden Enseignanten d‘Oueren zweemol gespëtzt hunn, wéi de Claude Meisch zur Rentrée gemengt huet, datt alles beschtens geklappt huet. Si haten sech och erwaart, datt de Minister an der Chrëscht/Silvester-Paus ee Plang géif hikréien, wat d‘Schoul doheem betrëfft. Ëmmerhin ass hie jo vun Experten a kënnege Beamten encadréiert.

Fir en Nol anzeschloe brauch et een

Et muss nach drop higewise ginn, datt d‘Enseignante bereet sinn Neel mat Käpp ze maachen, et wier dann awer nëtzlech, wann de Ministère hinnen déi Neel dann endlech géif zur Verfügung stellen. Si hëllefen sech den Ament selwer, dat esou gutt wéi et méiglech ass an waarden op déi versprachen Hëllef déi net kënnt. Datt hinnen da weider Tâchen operluecht ginn, veriergert se.

Laut dem Patrick Arendt ginn d‘Enseignanten ëmmer méi gefuerdert, esou beispillsweis fir de schouleschen Entwécklungsplang vun hirem Etablissement auszeschaffen. Dee soll jo fir dräi Joer gülteg sinn, an den alen Entwécklungsplang, dee matten an der Pandemie zejoert ausgelaf ofléisen. Dat sollt een ënnert den aktuellen Ëmstänn dann awer vläicht op d‘Säit leeën, esou de SEW/OGBL.

An dann huet et jo och nach Schüler, déi sech op hiren Iwwergang an de Lycée sollte virbereeden. Déi stinn zimmlech ënner Drock, esou de Patrick Arendt, well et mussen och d‘Epreuven zur Orientéierung virbereet ginn. Och dat wëll den SEW/OGBL dëst Joer op er Säit loossen, fir datt sech primär drop ka konzentréiert, déi verpasste Lektiounen nozehuelen. Dat wier elo wichteg.

D‘Eltere sëtze mat am Boot

Wien elo awer nees mengt, datt d‘Gewerkschaften näischt Besseres ze dinn hätten, wéi de Minister ze zëssen an d‘Schoulmeeschter mat Privilegien ze iwwerheefen, huet wuel keng Kanner déi an d‘Schoul ginn. Dofir sollt dierfen drop higewise ginn, datt et elo och den Elteren duer geet an een net op Dauer de Geck mat hinne maache kann. Si organiséieren sech an de sozialen Netzwierker.

Déi hu wuel eppes differenzéiert Suergen am direkte Verglach mat den Enseignanten, well op et engem gefält oder net, d‘Schoul bleift eng vun de Plaze wou d‘Kanner dem Covid19 ausgesat sinn. Bedenkt een hei, datt si nawell oft asymptomatesch sinn, also selwer net krank ginn, esou sinn d‘Krapperten awer keng Grëtz manner Kontagiéis. Den Infektiounsrisk an der Schoul bleift héich.

An dësem Kontext stellt den SEW/OGBL-President fest, dat ausser dem Minister, all d‘Acteuren aus dem Bildungssecteur inklusiv den Elteren, gären eng Plang virleien hätten, deen sech op all d‘Eventualitéiten, déi esou Pandemie kann ervirruffen, bezitt. Et mécht zudeem Sënn, datt hei d‘Enseignante ee Lockdown wëllen antizipéieren, an sech mat de Kanner virbereede kënnen.

Kee Plang, beschtefalls ee Bauchgefill

Den SEW/OGBL verlaangt dann och folgerichteg ee Plang, deen d‘Marschrichtung virgeet, sollt et zum äusserste kommen. Hei muss een awer der Vollstännegkeet hallwer drop hiweisen, datt déi um Ministère scho verschidden Zeenarien ausgeschafft hunn. Wéi gutt oder schlecht se sinn, kënne mir net jugéieren, dat ass dann nees geheim. De Patrick Arendt awer hält wéineg dovunner…

Vun der Gesondheet vun den Enseignanten awer hält den SEW/OGBL-President vill, an och déi betraffe géifen et begréissen, wa sech dann och hirer Gesondheet kéint ugeholl ginn. Si wëssen, datt een sech an der Schoul kann ustiechen, a weisen drop hinn, datt hir Schüler nach ëmmer „Kanner“ sinn, an et do schonn emol eppes schëtzeg ka virugoen. Bezunn op d‘Anhale vun de Reegelen.

Als Fazit (nee dee fält schlecht aus) bleift nach just d‘Feststellung, datt hei d‘Vertrauen elo éischter ganz bei der Däiwel ass, wéi datt een nach Loscht op eng Ausenanersetzung hätt. Ee Minister deen enger ganzer Beruffsgrupp esou respektlos géinteniwwer trëtt ass soziale Sprengstoff. Et wier ee gutt beroden eng Krisenzell tëscht Ministère, Elteren a Gewerkschaft op d‘Been ze stellen.

Illustratioun: © Jessica Lewis / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Educatiounsminister, Patrick Arendt, Schoulwiesen, SEW-OGBL
Next post Previous post