Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)
D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéiert, datt am Kader vum Reamenagement
D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéiert, datt am Kader vum Reamenagement
Kanada huet e weidere Schratt a Richtung Legaliséierung vum rekreative
D’Stad Esch huet dës Woch déi éischt ëffentlech zougänglech Defibrillatoren
No der Kanddaf am Klouschter vum Hellege Maurice zu Klierf, ass e Méindeg an der Stad, de Bam zu Éiere vum Prënz Charel am Park Pescatore (Uewerstad) ganz offiziell ageweit ginn. Dem Charel säi Bam steet net wäit ewech vum „Käschtebam“ (Aesculus Hippocastanum) deen de 5. Januar 1921 fir säin Urgrousspapp de Groussherzog Jean geplanzt gouf.
D‘Zeremonie, déi bei summerlechem Wieder an a Presenz vum Premierminister Xavier Bettel, dem Aarbechtsminister Dan Kersch, der Buergermeeschtesch, Lydie Polfer an dem éischte Schäffe Serge Wilmes stattfonnt huet, konnt och wéinst der Covid19-Pandemie net grouss ugekënnegt ginn, an ass folgerichteg och an zimlecher Intimitéit ofgehale ginn.
Et huet der ersiichtlecher Freed vum Ierfgroussherzog Guillaume an senger Fra Stephanie keen Ofbroch gedoen. De Charel huet dat ganzt zimmlech geloossen opgeholl, och wann et sech bei dësem Bam natierlech ëm wesentlech méi wéi nëmmen ee Symbol handelt. De Premier huet wéi gewinnt déi richteg Wierder fonnt an huet mam Lydie Polfer d‘Stèle enthüllt.
Den Ierfgroussherzog Guillaume huet sech erfreet an erkenntlech gewisen, fir de schéinen Dag an déi léif Attentioun déi d‘Land an seng Vetrieder dem kleng Prënz entgéint bréngen. Kuerz no hallwer Dräi war d‘Zeremonie eriwwer an et ass net sécher gewosst, op et vläicht eng Coupe vum beschte Lëtzebuerger Cremant op der Gemeng sollt ginn hunn.
Foto (& Gallerie): © Martine de Lagardère / moien.lu