Buchtipp: Die letzten Tage von Rabbit Hayes

Puh, wat soll ech soen? Sidd gewarnt, dëst Buch aus dem Rowohlt Verlag ass krass. Witzeg an traureg zugläich, et fält vun engem Extreemt an dat anert.

Op der Säit 43 hunn ech dat éischt Nuesschnappech gebraucht, op der Säit 68 hunn ech opgehalen se ze zielen, ech wosst, et kommen der nach vill dobäi.

Ech hunn dacks misse mam Liese pauséieren, ech hunn d’Säiten net méi kloer gesinn, sou verschwomme ware meng An. Et war de Wansinn, awer op eng gutt Aart a Manéier.

D’Buch „Die letzten Tage von Rabbit Hayes“ ass an 9 Deeg opgedeelt. An deenen Deeg, begleede mir d’Rabbit (a seng geckeg Famill) beim Stierwen. Hatt huet Broschtkriibs am Endstadium, d’Geschicht fänkt mat sengem éischten Dag am Hospice un.

Wat dës Geschicht esou tragesch mécht, ass den Humor, deen eis op all Säit begéint. Nodeems ee gelaacht huet, huet ee scho bal ee schlecht Gewësse – ëmmerhi stierft d’Rabbit.

Mä déi ganz Famill Hayes ass eng ganz gelungen, chaotesch, liewensfrou Gesellschaft, et schléisst een se all an d’Häerz. An och wann d’Rabbit ee fiktive Charakter ass, Trauer nom Liesen ass echt.

Mir léieren hatt an der Géigewaart kennen, allerdéngs begleede mir d’Rabbit och zäitweis duerch verschidden Episoden aus sengem Liewen.

D’Buch gëtt aus ënnerschiddleche Perspektiven erzielt – dorënner sinn natierlech d’Rabbit, seng Elteren, seng Gesëschter, seng Duechter, an och Frënn. Dat suergt fir verschidde ‚Verschaffmanéieren‘ an Emotiounen.

Ganz grousse Kino!

Ee Moment hunn ech mir souguer iwwerluecht, ob ech d’Buch ofbrieche soll – soll ech hatt wierklech stierwe loossen?

Ech hu misste weiderliesen, et war wichteg, richteg ofzeschléissen. Et bleift natierlech net aus, dass de Lieser sech och Gedanken iwwert seng Gesondheet a Famill mécht. An ech schumme mech net, Iech ze soe wéi et ass – de Schluss huet mech iwwerwältegt, ech hu gepinscht, ewéi scho laang net méi. All meng Ängschten, Suergen, Zweiwel, Hoffnungen an Erënnerunge sinn héichkomm, an dono, hunn ech mech sou gutt wéi scho laang net méi gefillt.

Dëst Buch ass bestëmmt net fir jiddereen, mä déi, wou et liesen, wäerten d’Geschicht nach laang am Häerz droen.

Dernières nouvelles