Search

You may also like

„Bleift Doheem!“ ass nees aktuell
International Neiegkeeten

„Bleift Doheem!“ ass nees aktuell

Gëschter huet d’Gesondheetsministesch eng Pressekonferenz ofgehalen, fir iwwer déi neiste

money
EU-Finanzminister minimaalst solidaresch (Analys)
International Neiegkeeten

EU-Finanzminister minimaalst solidaresch (Analys)

D‘Doudegriewer vum Projet „Europa“ hu sech vum Covid19 d‘Maske vum

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!
International Neiegkeeten

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!

Nodeems um vergaangene Sonndeg de Sarg vum Groussherzog Jean an

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus

Dem Milliardär aus dem Wäissen Haus seng Virléift fir de Luxus, besonnesch d‘Weekender an de Golf-Ressorts, dinn dem Geheimdéngscht net gutt. Dobäi huet den Trump och nach „Famill“ an datt ass eng Hickecht.

Esou kënnt et, datt de Secret Service, dee jo gehalen ass déi ganz Band ze schützen, säi Budget mëttlerweil opgebraucht huet. Den Direkter vum Secret Service, Randolph Alles, huet der Dageszeitung „USA Today“ erkläert, datt iwwer 1.000 Agente schonn hire Jores-Plafong um Niveau Gehalt an Iwwerstonnen erreecht hunn. Dat entsprécht ronn 160.000 US-Dollar pro Mann.

Gutt, an engem Communiqué, deen nom Artikel un d‘Press gaangen ass, spillt de Randolph Alles d‘Situatioun erof. Hie versicht ze erklären, datt en ähnleche Problem vum Kongress 2016 konnt „geléist“ ginn.

Den Direkter vum Secret Service wëll awer nach ënnersträichen, datt „dëse Problem net eleng de Besoine vun der aktueller Administratioun kann ugehaange ginn, wat de Schutz betrëfft“ mee et wier dem „operationellen Tempo“ vum leschte Joerzéngt geschëlt.

Keng Zäit duerchzeootmen

Laut „USA Today“ awer hätt de Secret Service eng Aarbechtsbelaaschtung déi et esou nach net ginn hätt. Tëscht den erwuessene Kanner vum President, déi vill reese fir de Familljebetrib um lafen ze halen, hire Vakanzen an natierlech dem President selwer, dee seng Weekender zum groussen Deel a senge Golf-Ressorts a private Luxusresidenze vun der Ostküst (Florida, Virginia, New Jersey) verbréngt.

„De President huet eng grouss Famill an eis Verantwortung ass vum Gesetz virgeschriwwen. Ech kann do net flexibel sinn“ esou de Chef géintiwwer der Dageszeitung. Deemno ze uerteelen, haten seng Agenten nach ni esouvill Leit, déi iergendwéi mam Wäissen Haus ze dinn hunn, ze beschützen. 42 Persounen, dovunner 18 Familljemembere vum Trump. Ënnert dem Barack Obama waren et der 31.

Déi onënnerbrache Reesen an d‘Iwwerstonne provozéieren e reegelrechten Exodus bei den Agenten. De Randolph Alles warnt dann och, datt falls de Kongress net agéiert an de Budget rektifizéiert, hien net amstand ass déi scho geschaffte Stonnen ze bezuelen. Déi betraffe Kommissiounen am Kongress hunn awer schonn ugedeit, datt si un enger Léisung schaffen. Den Alles, deen am Abrëll nominéiert ginn ass, huet de Problem och schonn am Wäissen Haus ugeschwat.

„Si verstinn de Problem“ seet de Randolph Alles. „Se versichen och hiert Méiglechst d‘Situatioun an de Grëff ze kréien“, esou den ex-Generol vun de Marines. De Secret Service huet zudeem och eng Campagne lancéiert fir Leit ze rekrutéieren. D‘Effektiver sollten op 7.600 bis 2019 an 9.500 bis 2025 klammen, schreift „USA Today“.

Foto: Agente vum Secret Service lafen nieft der Limousin vum President. Vill vun hinnen dierften am Moment net sécher sinn op d‘Suen fir d‘Iwwerstonnen iwwerhaapt iwwerwise ginn. (© Chip Somodevilla/Getty Images/AFP)

Next post Previous post