Search

You may also like

surprise
SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars
International Neiegkeeten

SpaceX: Déi gréisste Rakéit vun der Welt ass um Wee Richtung Mars

D‘Falcon Heavy vu SpaceX ass um Dënschdeg op seng éischt

Eis belsch Noperen op der sich no enger Klimastrategie
International Neiegkeeten

Eis belsch Noperen op der sich no enger Klimastrategie

Nodeems d‘EU-Kommissioun vun all Memberland verlaangt huet eng Strategie virzeleeën,

Eng Knetzel mécht ee gewote Schratt
International Neiegkeeten

Eng Knetzel mécht ee gewote Schratt

Virun engem gudde Joer huet déi jonk schwedesch Klimaaktivistin Greta

Dem Sultan säi Schauprozess

250 Verhandlungsdeeg, 497 Ugekloten… de Prozess zum Putschversuch huet elo säin Urteel

Dem Sultan säi Schauprozess

Am August 2017 war de Prozess géint déi dem Putsch ugeklote Membere vun der Arméi ugelaf. Am Fokus vun den Ermëttlungen huet d‘Presidentegard gestanen. Elo bal 250 Verhandlungsdeeg méi spéit, ass en Urteel gefall: 32 fréier Kommandanten hu Liewenslänglech kritt. Domadder ass d‘Geschicht, zumindest fir den tierkesche President erleedegt.

De Procureur Serhat Yilmaz, dee flichtbewosst d‘Instruktioune vu sengem Här a Gebidder befollegt huet notéiert: „D‘Regiment vun de Leibwächter vum Staatspräsidium war en uert, wou de Putsch geplangt, wou detailléiert dru geschafft gouf an d‘Decisioune gefall sinn, wéi, wou a wéini de Coup duerchgefouert soll ginn“. Als Niewenukloer war de Staatssender TRT mat derbäi. De Sender war an der Nuecht vum Putschversuch vun 100 Zaldote besat ginn, Mataarbechter goufe bedrängt.

Schauprozess

Fir eng 30 Kommandante vun der Presidentegard ass „Liewenslänglech“ déi gerecht Strof, woubäi d‘Kläger an de Sultan héchstperséinlech eigentlech de Gaalgen nees opriichte wollten. E weidere Procureur, de Alaatin Varol, zum Urteel: „D‘Täter hunn déi héchste Strofe kritt déi eis Gesetzer virgesinn. Wann et d‘Doudesstrof nach géif ginn, dann hätten se och déi kritt“. Et dierf nach drop higewise ginn, datt déi meeschten Tierken sech och nees d‘Aféierung vum „Strang“ wënschen.

Ofgesi vun den Offizéier, waren och Zaldoten op d‘Uklobänk gesat ginn. Fir eng 200 ënnert hinnen ass den Dag „gutt“ ausgaangen, hinne „konnt d‘Geriicht net noweisen“ dat si um Putsch bedeelegt waren. Interessant, deenen hir Affekote wollten sech nom Urteel net zum Prozess an dem Gléck vun hire Mandanten ausdrécken. Et gouf massiv Drock op d‘Affekoten, an op d‘Famillje vun de Zaldote gemaach, kee Wuert iwwer Haft a Prozess ze verléieren. D‘Rechtsstaatlechkeet gouf bewoort…

mat indymedia/tlv

Related topics Presidentegard, Putschversuch, Recep Tayyip Erdogan, Schauprozess, Tierkei, Urteel
Next post Previous post