Search

You may also like

geek
Game Over: China erlaabt Mannerjärege just 3 Stonne Spillzäit pro Woch
Neiegkeeten

Game Over: China erlaabt Mannerjärege just 3 Stonne Spillzäit pro Woch

A China kommen elo verschidde Gamer dem „Game Over“ geféierlech

20 Joer – 20 Magier – 200 Zuschauer
Neiegkeeten

20 Joer – 20 Magier – 200 Zuschauer

E Samschdeg den 12. Oktober huet de Magica-Club Lëtzebuerg säin

Nei Uklopunkten: USA fuerderen d‘Ausliwwerung vum Assange
Neiegkeeten

Nei Uklopunkten: USA fuerderen d‘Ausliwwerung vum Assange

Déi amerikanesch Justiz huet Groussbritannien op en neits opgefuerdert de

Gitt dem Virus keng Chance

Um Donneschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an de Premierminister sech zur 2. Phas vum Flächendeckende Covid19-Test geäussert, firwat elo gewosst ass, datt een dem Coronavirus nach bis mindestens Mäerz 2021 wäert mussen op der Spur bleiwen.

No enger Ronn um Parking Bouillon, wou sech d‘Paulette Lenert an de Xavier Bettel vun der Akzeptanz vun den Tester duerch d‘Populatioun iwwerzeege konnten, ass uschléissend an der Villa Louvigny nach emol op d‘Importenz vum flächendeckenden Depistage higewise ginn. An hei huet d‘Ministesch gutt dru gedoe kloer ze stellen, datt sech de Succès vun der Campagne net duerch d‘Zuel vun de positiv geteste Persoune bemoosse léist.

Et huet dann nach emol den obligate Rappell zur Saison virun der Vakanz an dann déi vum Summer gemaach ginn. Et ass sech mat de Resultater vun den Tester nom Kollektivcongé beschäftegt ginn, a wéi déi an de verschiddene Secteuren (Bau, Botz, Enseignement, asw.) ausgefall sinn. Hei schéngen d‘Zuelen esouwäit zefriddestellend ze sinn an et kann ee verstoen, datt d‘Gesondheetsministesch et esou och wéilt no Beendegung vun der 2. Phas dierfe presentéieren.

Matmaachen ass ëmmer gutt

Flexibilitéit an ee cibléierten Testing – besonnesch bezunn op d‘Beruffer déi en héije Kontakt mam Public hunn – sinn hei déi Haaptachs op där d‘Campagne ausgeriicht gëtt. Et bleift zudeem derbäi, datt eis Grenzgänger sech och weiderhin zu Lëtzebuerg dierfen teste loossen. Nei ass, datt net méi virgesinn ass, stänneg d‘Resultater vun den Tester ze mellen. Et wäert a gréisseren Ofstänn iwwert d‘Entwécklung vun der Pandemie beriicht ginn.

Och déi 2. Phas kritt een net zum Nulltarif ugebueden, an fir den Ament läit de Budget hei bei 60,7 Milliounen Euro. D‘Kapassitéit vun den Tester läit bei ronn 53.000/Woch. Nei ass och datt engem elo serologesch Tester ugebuede ginn. D‘Leit déi „ageluede“ gi kënnen esou en Test maache fir ze kucken, op si entspriechend Antikierper entwéckelt hunn. Et gëtt nach emol drop higewisen, datt wann ee Symptomer spiert, een säin Dokter kontaktéiere sollt.

Wouriwwer och muss geschwat ginn

Bezunn op den Inhalt, war d‘Pressekonferenz vum Donneschdeg elo net wierklech en Highlight, och wann et natierlech ze begréissen ass, datt sech de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch mat eegenen Ae vum gudden Oflaf op der Teststatioun um Bouillon iwwerzeege konnten. Et hätt een erwaart, datt d‘Paulette Lenert en Appell un d‘Leit riicht, sech géint Gripp impfen ze loossen.

Sech géint déi sougenannte Wantergripp impfen ze loossen – an dat sollt ee dann am beschten och elo scho maachen – ass net nëmme sënnvoll, mee verhënnert och datt et zu Iwwerschneidunge kënnt, vu datt d‘Symptomer sech gläichen. Och ass net gewosst, wéi et sech verhält, wann ee béid „Grippe“ gläichzäiteg sollt erwëschen. Mee vläicht brauch et dofir eng weider Pressekonferenz.

Foto & Gallerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Covi19, Covid-19-Tester, Large Scale Testing, Paulette Lenert, Xavier Bettel
Next post Previous post