Search

You may also like

Bolivien a Mexiko hunn sech an den Hoer
International Neiegkeeten

Bolivien a Mexiko hunn sech an den Hoer

Nom „politesche Wiessel“ a Bolivien, si Minister vun der fréierer

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun
International Neiegkeeten

BnL: Een Uert fir den intellektuelle Patrimoine, Autonomie an Inclusioun

Nach bis de 25. Abrëll 2020 bitt d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL)

Firwat schreifs du?
International Neiegkeeten

Firwat schreifs du?

De Jean Bodry ass e lëtzebuergesche Blogger, deen iwwert alles schreift,

Demissioun vun der britescher Inneministesch bréngt Theresa May an d‘Bredouille

Demissioun vun der britescher Inneministesch bréngt Theresa May an d‘Bredouille

Um Sonndeg huet d‘Amber Rudd, déi britesch Inneministesch, hir Demissioun agereecht. Eng direkt Konsequenz zu de Skandaler, déi den Ëmgang mat Migranten aus der Karibik, säitens de Servicer vum Inneministère a Fro gestallt hunn.

Domatter muss op e neits e Regierungsmember säi Büro raumen, an d‘Loft ronderëm d‘Theresa May fänkt un dënn ze ginn. Et war dann och just e Spriecher vun der Premierministesch, dee gëschter Owend matgedeelt huet: „D‘Premierministesch huet haut den Owend d‘Demissioun vun der Inneministesch ugeholl“.

A wann d‘Amber Rudd (54) hire Posten net fräiwëlleg geraumt hätt, da wier se zimlech sécher entlooss ginn. Si war wéinst dem Skandal ëm déi sougenannten „Windrush-Generation“ ënner Drock geroden. Heibäi handelt et sech ëm Migranten, déi vun der britescher Regierung nom zweete Weltkrich aus der Karibik no Groussbritannien „ageluede“ gi waren.

De Begrëff „Windrush-Generation“ staamt vun engem Schëff of, mat deem sengerzäit déi éischt Awanderer agereest sinn. D‘Briten haten nom Krich e grousse Besoin un Aarbechtskraaft, an hunn net gezéckt an hire Kolonien op entspriechend „präiswäert“ Humankapital zréckzegräifen.

Wat net méi gebraucht gëtt muss fort

Et war dann och déi Londoner Zeitung The Guardian, déi de Skandal opgedeckt huet. Laut hirem Bericht, ass honnerte vun dëse Migranten an hiren Nokommen, d‘ausbezuele vun der Pensioun verwiert ginn. Et soll hinnen och eng medezinesch Versuergung refuséiert gi sinn. Dat ass esouwäit gaangen, datt hinnen, wa se keng Pabeiere konnte virleeën, mat Ausweisung gedreet ginn ass.

Inneministesch

Am Londoner Quartier Brixton, hu vill Mënschen hir Solidaritéit mat der Windrush-Generation zum Ausdrock bruecht. © Daniel Leal-Olivas/AFP

Déi Migranten, déi de facto zu der Windrush-Generation gehéieren, halen sech awer ganz legal a Groussbritannien op. Vill Karibikstaaten ware fréier sougenannte Krounkolonien, a wien nom zweete Weltkrich a Groussbritannien agereest ass, hat automatesch d‘Recht ze bleiwen, ouni dat hinne Pabeieren ausgestallt gi wieren. Elo ginn se „net méi gebraucht“ a solle verschwannen.

De Bréif deen et net hätt dierfe ginn

Béid Politikerinnen, also d‘Theresa May an d‘Amber Rudd, haten sech widderhuelt bei der Windrush-Generation entschëllegt, de betraffene Mënschen déi britesch Staatsbiergerschaft an esouguer Entschiedegungen ugebueden. Mee an der leschter Woch ass de Drock op d‘Amber Rudd op e neits geklommen.

InneministeschDem Guardian war e vertrauleche Bréif an d‘Hänn geroden, dee prompt verëffentlecht ginn ass. An dësem Schreiwes, besteet d‘Inneministesch drop, d‘Zuel vun den Ausweisungen ëm 10% ze erhéijen. Wat domatter zesummenhänkt, datt d‘Regierung sech d‘Zil gesat huet, Quote fir d‘Awanderung op ënner 100.000 festzeleeën.

De Buergermeeschter vu London bezitt Stellung

Säitens der Oppositioun war an der Konsequenz de Récktrëtt vum Amber Rudd gefuerdert ginn. Déi huet sech mat Hänn a Féiss gewiert, an nach e puer Deeg iert si dann awer demissionéiert huet, via Twitter ugebueden, sech fir e mënschlecht Awanderungssystem anzesetzen

An och zu London selwer, huet sech de Buergermeeschter Sadiq Khan iwwert d‘Regierung hir gemaach. Fir hien ass dat wat hei mat der Windrush-Generation geschitt, keng Anomalie oder e Feeler vun enger Administratioun. „Et ass d‘Folleg vun engem feindlechen Ëmfeld, dat vun der Regierung geschafe ginn ass“, esou déi oppe Kritik vum Sadiq Khan.

Wann dat esou weider geet, ass geschwënn kee méi do

D‘Regierung vun der Premierministesch, déi och fir de „gudde Verlaf vum Austrëtt aus der EU“ suerge sollt, leit zanter Méint ënner Opléisungserscheinungen. E Récktrëtt nom anere kennzeechent déi politesch Akkuratesse an engem Land, datt ënnerwee an eng zweiwelhaft Zukunft ass.

Esou war de Verdeedegungsminister Michael Fallon am November, nom Virworf vu „sexuellen Iwwergrëff“, zeréckgetruede ginn. Knapps eng Woch méi spéit, huet et d‘Entwécklungsministesch Priti Patel kal erwëscht. Dat well si géint de „Ministerkodex“ verstouss hat.

Den Dezember war och kee gudde Mount: de Vizepremier Damian Green war och net an der Regierung ze halen. Mat him hat d‘Theresa May ee laangjärege Frënd a Vertraute verluer. An de fënneften an der Rei war schliisslech de briteschen Nordirland-Minister James Brockenshire. Hei goufe gesondheetlech „Ursaachen“ als Grond fir de Récktrëtt ugefouert.

mat AFP

Foto: London de 24. Abrëll, d‘Amber Rudd kënnt an der Downing Street un, fir um Ministerrot deel ze huelen. Eigentlech wier et do schonn un der Zäit gewiescht de Récktrëtt bekannt ze ginn. © Ben Stansall/AFP

Related topics Amber Rudd, Groussbritannien, The Guardian, Theresa May, Windrush-Generation
Next post Previous post