Search

You may also like

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister besuergt

Zwee Deeg laang hat déi vun den europäeschen Ausseminister ofgehale

Krawall zu Athen
Neiegkeeten

Krawall zu Athen

En Donneschdeg huet déi griichesch Regierung e Gesetz ugeholl, mat

Den nationalen Dag vum Bam 2019 – Wëll all Bam zielt!
Neiegkeeten

Den nationalen Dag vum Bam 2019 – Wëll all Bam zielt!

Scho fir eng 28. Kéier ass gëschter den nationalen Dag

Chamberwahlen: déi Demokratesch Partei an d‘Mobilitéit

Chamberwahlen: déi Demokratesch Partei an d‘Mobilitéit

Am Kontext vun der Presentatioun vum Wahlprogramm, huet déi demokratesch Partei e Mëttwoch hiren „zweete Pilier“ virgestallt. De Generalsekretär Claude Lamberty, an de Logementsminister Marc Hansen, hunn de „Mobilitéit-Programm“ vun der DP erläutert.

„Mir wäerten eng Offensiv op d‘Mobilitéit lancéieren“ deklaréiert de Claude Lamberty, deen drun erënnert huet, datt d‘DP an der Koalitiounsregierung net manner wéi 10 Milliarden Euro während der leschter Legislaturperiod „investéiert“ huet. An esou wéi si et gesinn, soll d‘Politik vun der DP – am Bezuch op den ëffentlechen Transport – eng nei Orientéierung erhalen.

Si versprieche méi Investissementer an d‘Mobilitéit, fir der aktueller Situatioun – iwwerfëllte Stroossen an ëffentlech Transportmëttel – ze begéinen. Dozou gehéiert den Ausbau vun der Gar an der Haaptstad, wéi och eng „séier“ Verbindung tëscht Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht.

Nei ass, datt elo och déi demokratesch Partei fir en gratis ëffentlechen Transport plaidéiert. Gratis fir jiddereen, egal op Bus, Zuch oder Tram. Hiert Zil ass denkbar einfach: d‘Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport erhéijen, an esou eng zolidd an effizient Alternativ zum Individualverkéier schafen. En Zil, datt d‘DP duerch en intelligente Verkéierssystem erreeche wëll.

Ausbau vu Schinnenetz an Tram

D‘Demokrate setzen hei ganz däitlech op den Ausbau vum Schinnenetz an dem Tram, mee net nëmmen. Si gedenken och d‘Innovatioune bei der Mobilitéit ze ënnerstëtzen an ze entwéckelen. Heibäi gëtt vill Hoffnung op d‘Digitalisatioun gesat, mat där et sollt méiglech ginn, en intelligente Verkéierssystem opzebauen, mat deem den Trafic op eise Stroossen besser geleet ka ginn.

Am Kontext vum Stroosseverkéier, versprécht d‘DP och, eppes géint de Kaméidi ze ënnerhuelen, dee vill Dierfer a Stied belaascht an d‘Liewensqualitéit vun den Awunner beanträchtegt. Esou ginn déi vill Contournementsprojeten déi scho geplangt sinn „minutiéis analyséiert“.

Et gi säitens der DP och nach Engagementer geholl, fir d‘Dauer vun de sëlleche Chantieren an de Grëff ze kréien. Esou solle Stroosseninfrastrukturprojeten „zesummenhängend“ geplangt a realiséiert ginn. Zudeem leet de Claude Lamberty vill Wäert op déi sougenannten douce Mobilitéit. Et gëtt beispillsweis iwwert eng „Vëlo-Autobunn“ tëscht Esch-Uelzecht a Lëtzebuerg nogeduecht.

Dat si vill gutt Usätz, déi dann awer och missten tatsächlech ëmgesat ginn, wann een nees an d‘Verantwortung sollt kommen. D‘Iddi vum gratis ëffentlechen Transport allerdéngs, déi ass net „wierklech“ nei. Dës Fuerderung hunn anerer schonn eppes méi laang am Programm stoen.

mam Laure Schlesser

Related topics Chamberwahlen 2018, Claude Lamberty, DP, Marc Hansen, Mobilitéit
Next post Previous post