Search

You may also like

Playgirls & Gameboys: D’Rotondes ginn zum Spillparadäis!
Neiegkeeten

Playgirls & Gameboys: D’Rotondes ginn zum Spillparadäis!

Dëse Samschdeg verwandelen sech d’Rotondes an eng Spillothéik! Famille, Kanner,

D‘Kommunalwalen 2023 brénge Faarf an d‘Spill
Neiegkeeten

D‘Kommunalwalen 2023 brénge Faarf an d‘Spill

Zanter en Donneschdeg ass gewosst, den 11. Juni 2023 si

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen
Neiegkeeten

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen

Et gëtt vill Bosseges ze beriichte wann et ëm d‘Bezéiung

Demokratesch Partei: an der Gemengen-Offensiv

Bal alles gëtt ofgedeckt

Demokratesch Partei: an der Gemengen-Offensiv

De Gemengewahlkampf mécht den Optakt fir dräi Joer Wahlkampf um Stéck. Do gëllt et de Startschoss net ze verpassen. Wéineg iwwerraschend also, datt och d’Demokratesch Partei seng Strategie virstellt.

Si probéieren an hirem Themenfeld méiglechst näischt auszeloossen. Kommunikatioun, Ëmwelt, Logement, Mobilitéit, Fräizäit – alles dat gouf ugeschwat. Och nei Téin gi fonnt. Biergerbedeelegung an Transparenz, dat war mol ganz anere Parteien hir Begrëffer.

Fir de breede Publique

Déi breet Ausleeung mécht awer duerchaus Sënn. Ëmmerhin wëll ee vill Leit uschwätzen. De Marc Ruppert, Generalsekretär vun der DP a Kandidat an der Stad, huet op der Pressekonferenz betount, datt d‘DP an 22 Gemengen eng Lëscht huet. Nei dobäi sinn Luerenzweiler, Habscht an – no enger 30 järeger Abstinenz – och zu Fréiseng un. Insgesamt sinn 570 Kandidaten mat dobäi, wouvunner der 170 Frae sinn. Dëst ass awer nach alles virleefeg, et kann sech nach muenches doen.

Gemengewahle ginn all Bierger eppes un

Marc Ruppert, Generalsekretär vun der DP

Ma ugeschwat soll jidderee ginn. Dowéinst ass de Walprogramm a fënnef Sprooche verfügbar. „Gemengewahle ginn all Bierger eppes un“, sou de Marc Ruppert. Englesch a Portugiesesch ergänzen d‘Landessproochen bei de Wahlprogrammer.

v.l.n.r.: Marc Ruppert, Lex Delles, Max Hahn, Martine Dieschburg-Nickels – Foto: Nancy Klauner

Mee wat steet do eigentlech dran? Do gëtt dann drop gepocht, datt nei Medien an der Kommunikatioun mam Bierger solle benotzt ginn. Transparenz gëtt elo grouss geschriwwen, wann Martine Dieschbourg-Nickel Sätz wéi „Esou Projeten däerfen net méi hannert zouenen Diere verhandelt ginn!“ seet. Nëmmen konsequent also, wann méi op Videostreaming gesat gëtt. Den Informatiounsfloss soll awer an déi zwou Richtunge goen: „Den Input vun den Awunner ass essentiell, fir datt et an di richteg Richtung geet.“ D‘Kandidatin zu Stroossen ass iwwerzeegt, datt d‘Décisiounen net méi iwwert d‘Käpp vun de Leit ewech getraff kënne ginn.

Méi Mobilitéit a bezuelbart Wunnen

Den Transport ass dunn net ze kuerz komm. De Max Hahn wëll d‘Mobilité douce stäerken. Am beschten doduercher, datt d‘Gemenge besser ënnerteneen verflechte Spadséier a Vëlosweeër opbauen. Méi Pendelbussen sollen d‘Lücken am Land beim ëffentleche Transport zoumaachen. Souguer vun enger Korrespondenz mat den neien Nuetszich gëtt geschwat! Wat de Logement ugeet, huet een d‘Iddi, e Punktesystem anzeféieren, wéi dat schonn an der Stad ass: Wann een mat den Elteren an enger Gemeng opgewuess ass, soll een et erliichtert kréien, an dëser liewen ze kënnen. An de Begrëff „Bezuelbart Wunnen“ huet net dierfe feelen: Hei soll méi am logement social geschéien.

Den Thema Bildung ass och zur Sprooch komm. „Eis Kleng si fir eis keng Klengegkeet“, sou de Lex Delles, Vizepresident vun der DP an Kandidat zu Munneref. D‘Schoule sollen mat besserem Material hire Wee an d‘digital Sphäre fannen. An de Kantinne kënnt méi regionaalt Iessen op den Dësch an d‘Kanner sollen och direkt vun der Schoul per Bus an hir Veräiner kommen.

Ween sech gäre selwer en Iwwerbléck verschafe wëll, kann et um Site vun der DP maachen.

Related topics DP, Gemengewahlen 2017
Next post Previous post