Search

You may also like

Nestlé wëll méi Ëmsaz zu Lëtzebuerg maachen (Carte Blanche)
International Neiegkeeten

Nestlé wëll méi Ëmsaz zu Lëtzebuerg maachen (Carte Blanche)

Erratum Entgéint der Behaaptung hei am Artikel huet déi zu

Der Monarchie den „Dicks gebéit“
International Neiegkeeten

Der Monarchie den „Dicks gebéit“

Elo wou dem Jeannot Waringo seng Bericht virläit steet fest:

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren
International Neiegkeeten

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren

Nodeems Moskau den Delai versträiche gelooss huet, ouni déi vu

Demokratie op tierkech

Oppositiounspolitikerin Canan Kaftancioglu wéinst Terrorpropaganda a Presidentebeleidegung veruerteelt

Demokratie op tierkech

Si ass déi regional Virsëtzend vun der gréisster Oppositiounspartei an der Tierkei a sollt wéinst: Beleidegung vun der Republik, Beleidegung vum President a Volksverhetzung zu 17 Joer Haft veruerteelt ginn. D‘Uerteel huet sech mat 9 Joer an 8 Méint Prisong zefridde ginn…

D‘Spëtzepolitikerin vun der CHP zu Istanbul, Canan Kaftancioglu, ass eng aflossräich Supporterin vun hirem Parteikolleg a rezent zum Buergermeeschter gewielten Ekrem Imamoglu. E Fakt dee vum Sultan nëmme widderwëlleg ugeholl gouf, nodeems och „beim zweeten Ulaf“ de Kandidat vun der CHP bestätegt ginn ass. Et gëtt als eng vun de gréissten Néierlage vun der AKP bewäert.

DemokratieSech elo um Canan Kaftancioglu ze vergräifen, wëll seng Partei déi wichtegst Stad am Land soll „politesch verluer“ hunn, ass dem Recep Tayyip Erdogan, deen de Justizapparat zu senge Gonschte verännert huet, duerchaus zouzetrauen. Et géif zudeem erkläre firwat d‘Strof net zur Bewährung ausgesat gouf, woubäi d‘Argument vum Riichter „si huet näischt bereit“ d‘Fakte verkläert.

Twitter ass kee rechtsfräie Raum

Nom Prozess huet déi engagéiert Politikerin sech virum Geriichtsgebai un hir Supporter gewannt: „Dëse Prozess soll Istanbul an all déi bestrofen, déi zur Victoire vum Vollek bäigedroen hunn. Ech wäert meng Iwwerzeegungen ni opginn a mech och net aschüchtere loossen“. Si sollt allerdéngs net d‘Muecht vum Sultan ënnerschätzen, deem si eng wëllkomm Oflenkung vu anere Problemer ass.

DemokratieViru Geriicht huet sech d‘Uklo op Tweets aus dem Zäitraum 2012 bis 2017 bezunn. Esou huet sech d‘Canan Kaftancioglu zum Dout vun engem 14 järege Bouf während de „Gezi-Protester“ am Summer 2014 geäussert. D‘Kand war deemools vun engem Polizist mat enger Tréinegasgranat déidlech um Kapp blesséiert ginn. Bis haut gëtt dem Beamten Absicht ënnerstallt, méi awer och net.

Als erwise schéngt och dat d‘Canan Kaftancioglu „Propaganda fir eng terroristesch Organisatioun“ gemaach huet. Si hat an engem Tweet e Vetrieder vun der PKK – dat ass déi verbueden an als terroristesch verkläerte kurdesch Aarbechterpartei – zitéiert. Zudeem gouf déi als Kritik erkenntlech Aussoe géintiwwer der Regierung, als Beleidegung vun der Republik an dem President gewäert.

Randnotiz

Säit de Sultan a seng AKP net méi esou fräizügeg hir Politik ëffentlech an Däitschland zur Schau stelle kann, ass et och fir däitsch Bierger déi an der Tierkei schaffen oder just Vakanz maachen, net méi ganz esou „einfach“. Deputéierte vum Bundestag gëtt d‘Arees verweigert, Journaliste sinn och net gäre gesinn an wie berufflech an der Tierkei ze dinn huet, sollt sech aus allem eraushalen.

Demokratie

Dat huet en däitsche Mataarbechter vun der Friedrich-Naumann-Stëftung zu Istanbul iergendwéi net matkritt. Dee soll an engem Tweet aus dem Juni 2018, d‘Wuert „Bascalan“ (Chef-Déif) am direkten Zesummenhang mam President benotzt hunn. Dee muss sech elo och wéinst Presidentebeleidegung viru geriicht veräntwerten. Demokratie gëtt nu emol net iwwerall gläich definéiert…

mat indymedia/tlv

Foto: Si ass d‘Cheffin vun der CHP (Cumhuriyet Halk Partisi). Déi Republikanesch Vollekspartei fundéiert gouf 1923 vum Staatsgrënner an éischten tierkesche President Mustafa Kemal Atatürk gegrënnt. Zanter de 60er Jore gëllt si als „sozialdemokratesch Partei“. Hei um Bild ass d‘Canan Kaftancioglu (Mëtt) mam Präsidium vun der CHP-Istanbul ze gesinn. © CHP

Related topics AKP, Canan Kaftancioglu, CHP, Demokratie, Tierkei
Next post Previous post