Search

You may also like

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek
Neiegkeeten

NIGHT, Light & More: Den neie Festival an a mat der Regioun Éislek

Wann d‘Sonn ënnergeet an d‘Nuecht sech wéi en Duch iwwert

JSL: Schluss mat der Sexualiséierung vum weibleche Kierper
Neiegkeeten

JSL: Schluss mat der Sexualiséierung vum weibleche Kierper

Wann et em Belästegung vu Frae geet, gëtt am Moment

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten
Neiegkeeten

Déi zweet Staffel vun Jessica Jones ass anescht, mee huet seng Stäerkten

D’Marvel Serien op Netflix hu bei wäitem net ëmmer dee

Den 1. Dezember ass Weltaidsdag

Den 1. Dezember ass Weltaidsdag

Zanter iwwer 35 Joer gëtt et den AIDS-Virus (HIV) a säit 2018 organiséiert d‘Rout Kräiz de Concours „Art on Condoms“, bei deem déi „Jonk“ opgeruff ginn, d‘Verpakung vun de Kondomer no eegener Loscht a Laun ze gestalten. Eng Kreativitéit déi derzou verhëllefe soll, de geschützte „Verkéier“ ze promouvéieren.

Zoustänneg fir dat Ganzt ass d‘Sandy Kubaj, Cheffin vun der HIV-Berodung beim Roude Kräiz. An dësem Kontext fënnt haut dann och eng symbolesch Aktioun am Europapark zu Dummeldeng statt, dat a Kooperatioun mam AIDS-Iwwerwaachungscomité. Et ass ee sougenannten „Non-Event“ well schliisslech muss der Covid19-Pandemie Rechnung gedroe ginn an et kënne keng Gummie verdeelt ginn.

De Bam deen am Europapark 2016 vun der Stad Lëtzebuerg geplanzt gouf, dat zu éiere vun den AIDS-Affer, kënnt ënnert de Patronage vun der HIV-Berodung, nodeems d‘PATICKA Asbl sech opgeléist huet. Hei fënnt dann och d‘Gedenkminutt fir déi verstuerwen agehalen.

„Dëst Joer, am Kontext vun der Pandemie déi mir grad erliewen, ass dat éischt wou déi traditionell Verdeelung vu Kondomer op verschiddene Plazen am Land net um 1. Dezember stattfënnt“, erkläert d‘Sandy Kubaj. Dofir ginn dann aner Aktioune lancéiert. Preventioun a Solidaritéit sinn ee ganz wichtege Bestanddeel vum Kampf géint dës Krankheet, déi den Immunsystem ugräift. Fir haut also, muss sech mat enger Campagne zefriddegestallt ginn.

Déi richteg Gesten uwennen, och ënnert dem Rimm!

Jo de Coronavirus huet den AIDS weder ofgeléist nach verdriwwen, deen ass nach ëmmer ganz present an zuweilen och nach ëmmer déidlech. D‘Rout Kräiz weist dann och nach emol drop hin, datt wann de Kondom déi éischt Schutzmoossnam ass, esou kann nëmmen en Test Gewëssheet bréngen op een sech infizéiert huet. Et ass wéi mam Covid19, d‘Mask schützt, mee nëmmen den Test seet engem wou een drun ass.

„Den Depistage ass déi eenzeg Manéier Accès zu den Traitementer ze erhalen, déi et erlaben eng indetectabel viral Charge ze erreechen an esou, déi eege Gesondheet ze schützen an ze verhënneren den HIV beim Geschlechtsverkéier weiderzeginn. Et ass ee solidareschen Akt“, heescht et säitens der Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

„Konscht um Gummi“ als virtuell Ausstellung

Aus de bekannte Grënn – a wa jo och schonn d‘Zeremonie reng symbolescher Natur ass – fënnt déi soss ëffentlech Ausstellung mat de Wierker am Kontext vum Concours „Art on Condoms“, woubäi wéi gesot hei d‘Gestaltung vun der Verpackung an net de Gummi gemengt ass, am virtuelle Raum statt. Wien elo vu Facebook keng esou gutt Meenung huet an och do kee Kont huet, hat pech, well d‘Ausstellung nëmmen op FB ënnert Dimps-Project anzegesinn.

Esou ee selektive Virgank, wann een da wierklech jidderee wëll uschwätzen an/oder erreechen, ass bedauerlech. Facebook ka keng offiziell Internetsäit ersetzen. Sécher et ass praktesch, wuel och séier gemaach a Kenntnisser sinn net wierklech eng Viraussetzung. Trotzdeem vermëttelt et den Androck, datt een net jiddereen erreeche wëll, firwat och de Projet selwer als „symbolesch“ Aktioun kéint ugesi ginn.

Dat ass fir Kritiker dann e Widdersproch géintiwwer dem Luef dee Lëtzebuerg vum europäeschen Drogenobservatoire (EMCDDA) dëse 16. November erhalen huet. Hei goufe „mir“ als „Beispill“ fir Europa an déi ganz Welt genannt. Woubäi d‘EMCDDA sech fir seng Evaluatioun net op déi vu jonke Mënschen erschafe Konschtwierker op Kondomverpackunge wäert bezunn hunn. An dat wichtegst ass jo och „mir hunn eppes gemaach“ oder?

Illustratioun: Mam Gummi ass et wéi mat Mask an Hännwäschen: 100% Schutz gëtt et keen, mee ouni ass der Gefor 100% ausgeliwwert. © Dainis Graveris / unsplash

Related topics AIDS, AIDS-Iwwerwaachungscomité, HIV, HIV Berodung, Rout Kräiz, Weltaidsdag
Next post Previous post