Search

You may also like

De wirtschaftlechen Drock op Teheran klëmmt
Kultur Neiegkeeten

De wirtschaftlechen Drock op Teheran klëmmt

D‘USA hu sech fest virgeholl den Iran mam Réck widder

De Pedagogeschen Ëmgang mam 2. Weltkrich
Kultur Neiegkeeten

De Pedagogeschen Ëmgang mam 2. Weltkrich

Am Sennenger Schlass huet den Exekutivbüro vum „Comité fir d‘Memoire

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel
Kultur Neiegkeeten

Eng Allianz tëscht dem Turban an Hummer a Séchel

Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Irak, huet

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op

No enger duerch Parasitten organiséiert „Zwangspaus“ mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg e Méindeg den 11. Februar nees seng Diere fir de Public op. D‘Oweskeess ass ab 18 Auer op, an déi éischt Seance vum Joer ass fir 18.30 Auer programméiert.

Den 30. November hat dës kulturell wäertvoll Institutioun wéinst Verdacht op Hauswanze missen seng Dieren zou maachen. E Verdacht dee berechtegt war, firwat eng op dës Form vu „Seuch“ spezialiséiert Entreprise mat der Botz vum gesamte Gebai beoptraagt ginn ass. Heibäi sinn déi Hauswanzen thermesch bekämpft ginn, an dat mat Erfolleg. Eng Kontroll mëttels „Schnoffelhënn“ huet d‘Reussite vun der Operatioun bestätegt.

Et war bedauerlecher net déi éischte Kéier, woubäi elo e Preventiv-Plang virläit. Fir déi éischt Zäit kommen d‘Muppen elo eemol de Mount hir Nuese bei d‘Fotellen halen, fir sécher ze goen, datt een dem Ongezifer lass ass. Ass deem esou, gi lues a lues d‘Inspektiounsfolgen zäitlech erweidert. Vun engem op zwee Méint, an dann, wann alles positiv verleeft, brauchen d‘Muppen nëmmen nach all dräi Méint hir Nuese fir d‘Wuel vun de Leit anzesetzen.

De Programm vun der Cinemathéik gëtt ganz normal opgeholl, esou wéi et an der Programmatioun fir de Mount Februar virgesinn ass. A mir wëllen hei och eng Lanz fir d‘Reouverture briechen: Mat „Taxi Driver“ vum Martin Scorsese (18.30 Auer) steet en erkläerte Kultfilm um Programm, dee mir perséinlech nëmmen empfeele kënnen. Um 20.30 Auer dann den 2. Film vum Owend: „Charulata“ vum Satyajit Ray. Dëse Film leeft am Kader vun der Retrospektiv vun de Melodramaen.

Dat an nach villes méi erwaart iech mat der Reouverture déi kommend Woch. Esouwäit et sech maache léisst – et si jo leider e puer absolut Top-Events „parasitéiert“ ginn – sollen och e puer Programmatiounen nogeholl ginn. Detailer fannt dir wéi gewinnt op www.cinematheque.lu oder an der Brochure vun der Cinemathéik.

Related topics Charulata, Cinémathéik, Stad Lëtzebuerg, Taxi Driver, VDL
Next post Previous post