Search

You may also like

Den Darwin léist Gréissen
Neiegkeeten

Den Darwin léist Gréissen

Schonn zanter September woussten déi brittesch Autoritéite vun der déi

UN-Sécherheetsrot verurteelt Gewalt am Myanmar
Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot verurteelt Gewalt am Myanmar

Eestëmmeg – also och mat de Stëmme vu China a

ULC: De juristeschen Dissens mat Alibaba/AliExpress wäit sech aus
Neiegkeeten

ULC: De juristeschen Dissens mat Alibaba/AliExpress wäit sech aus

Am Januar hat d‘ULC (Konsumenteschutz) géint déi siwen europäesch Internet-Handelsplattforme

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS

Munneref féiert den 20. Anniversaire vun der ISS

Am Munnerefer Thermalbad, gëtt dësen 10. November e „Weltraum-Nomëtteg“ ofgehalen, dat am Kontext vum 20. Anniversaire vun der internationaler Weltraumstatioun (ISS). Bei dëser Geleeënheet gëtt eng Büste vum Yuri Alekseyevich Gagarin ageweit. De Public kann op dësem Dag och dem 116. russesche Kosmonaut Aleksandr Aleksandrovitch Missourkine begéinen.

Dës Veranstaltung gouf erméiglecht, duerch d‘Zesummenaarbecht tëscht dem „Kulturellen a Wëssenschaftlechen Zenter vu Russland zu Lëtzebuerg“, der internationaler Stëftung „Dialoge of Cultures – United World“ (Russland), dem Musée vun der Lëtzebuerger Loftfaart, dem Munnerefer Thermalbad, an der Steebroch-Entreprise Feidt. Si passt och gutt zu eise Weltraumambitiounen.

De Kulturellen a Wëssenschaftlechen Zenter vu Russland zu Lëtzebuerg ka sech op eng gutt Kollaboratioun mat de Lëtzebuerger Loftfaart-Cercle beruffen. Den Zenter dréit derzou bäi, datt et zu engem reegelméissegen Austausch mat de russeschen Acteure vun der Weltraumeruewerung kënnt. Esou de Besuch vum Alexeï Leonov (2015) oder dem Sergueï Krikalev (2017).

ISS

Fir d‘Inauguratioun vun der Büste vum Yuri Gagarin, ass de Kosmonaut Aleksandr Aleksandrovitch Missourkine, dësen 10. November zu Munneref. Hie war schonn 2014 de Gaascht vu Lëtzebuerg, deemools am Kader vum 80. Anniversaire vun der Gebuert vum éischte Mann am Weltraum. Dat war och de Yuri Gagarin, deen 1961 den éischte bemannte Weltraumfluch absolvéiert huet.

D‘Aweiungszeremonie vun der bronzener Büste – erschaaft vum Kënschtler Alexeï D.Leonov – déi den éischte Kosmonaut mat Helm, de Bléck an den Himmel geriicht, weist, fënnt um 15 Auer beim Fligereimusée statt. De Sockel fir dëst Monument gouf vun der Steebroch-Entreprise Feidt gestallt.

Wann d‘Büst ageweit an d‘Riede verklonge sinn, datt ginn uschléissend um 16 Auer, d‘Amateure vun der Weltraumfuerschung agelueden, dem Kosmonaut Aleksandr Aleksandrovitch Missourkine ze begéinen. De Kosmonaut, huet zanter sengem éischte Besuch zu Lëtzebuerg schonn zweemol als Kommandant vun „Soyuz MS-06“ an der Expeditioun ISS-53/54 de Weltraum besicht.

De russesche Kosmonaut huet vill Zäit am Weltraum an op der ISS verbruecht, wat aus hie qualifizéiert de Froe vun de Leit Ried an Äntwert ze stoen. Hie ka villes iwwert d‘Liewen an der internationaler Weltraumstatioun erzielen. D‘ISS, déi mëttlerweil zanter 20 Joer ronderëm eis Äerd kreest, an nach ëmmer e gutt Beispill fir international Zesummenaarbecht duerstellt.

Related topics Aleksandr Missourkine, Fligereimusée, Munneref, Thermalbad, Yuri Gagarin
Next post Previous post