Search

You may also like

Der Monarchie den „Dicks gebéit“
International Neiegkeeten

Der Monarchie den „Dicks gebéit“

Elo wou dem Jeannot Waringo seng Bericht virläit steet fest:

D’Spiller vun de klenge Länner – 140 Lëtzebuerger Athleten zu Montenegro!
International Neiegkeeten

D’Spiller vun de klenge Länner – 140 Lëtzebuerger Athleten zu Montenegro!

Op Invitatioun vum Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) huet

Liewenslänglech fir den Donald Trump
International Neiegkeeten

Liewenslänglech fir den Donald Trump

Et war dem charismateschsten US-President aller Zäiten seng léifste Spillsaach,

Avrox SA… den Albdram geet weider

Avrox SA… den Albdram geet weider

Am Kontext vun enger Belscher Soumissioun fir Gesiichtsmasken, hat eng Lëtzebuerger Boîte sech den Zouschlag geholl. Avrox SA huet wuel net wierklech eppes mat Textilien um Hutt, dierft hei an der Roll vum Tëschenhändler dem asiatesche Fournisseur de Fouss un de Bigel gehalen hunn.

Den Deal war vun de belsche Konkurrente vun Avrox SA hefteg kritiséiert ginn, mee am Summer 2020 war d‘Bier geschielt. Vill vun der Kritik sollt sech da bei Liwwerung vun de Masken als net emol esou falsch erweisen. Zum engen huet den Hiersteller am Begleetziedel drop higewisen, datt een d‘Masken nëmme bei 30°C wäsche soll, woubäi Avrox sech weiderhin op 60°C behaapt huet.

Wéi dunn och nach d‘Institut fir ëffentlech Gesondheet (Sciensano) agemëscht huet, an de Masken och nach schiedlech Inhaltsstoffer zougeschriwwen huet, war d‘Bëtschel Fett. Als Kiischt um Kuch heescht et zudeem, datt wéinst Dokumentefälschung, Bedruch a Geldwäsch géint d‘Dirigente vun Avrox SA ermëttelt gëtt. De Parquet vu Bréissel bei EuroJust ëm Ënnerstëtzung nogefrot a kritt.

En Dënschdeg ass de Laurent Hericord (Delegéierten Administrateur) vun der franséischer Police zu Cannes festgeholl ginn. Seng Iwwerstellung un déi belsch Autoritéite gëtt vum Geriicht zu Aix-en-Provence den 12. Mee gepréift. Um haitegen Donneschdeg, esou de Parquet zu Lëtzebuerg, ass och hei am Land eng Persoun vun der Police, am Kontext vun der „Masken-Affär“ verhaft ginn.

D‘Justiz ass net gewëllt Informatiounen zur Persoun ze nennen. Ob et vu Bréissel eng Demande zur Aushändegung vun dëser Persoun gëtt, schéngt och ee Geheimnis ze sinn. Zumindest konnt eis elo bestätegt ginn, datt et gëschter nach emol eng Perquisitioun um Siège zu Beggen ginn huet. Et ass wichteg an dëser Affär och d‘Onscholdsvermuddung gëllen ze loossen, woubäi et net gutt ausgesäit.

mat indymedia/bru/qxb/lgg

Illustratioun: © J Williams / unsplash

Related topics Avrox SA, Bedruch, Cannes, EuroJust, Justiz, Laurent Hericord, Parquet Bréissel, Soumissioun
Next post Previous post