Search

You may also like

OPGEPASST: Delhaize rifft seng Bûche zeréck
Neiegkeeten

OPGEPASST: Delhaize rifft seng Bûche zeréck

Duerch ze héich Réckstänn u phytopharmazeutesche Mëttel an engem Zousatzstoff

Kanadesche Finanzminister iwwerraschend zeréckgetrueden
Neiegkeeten

Kanadesche Finanzminister iwwerraschend zeréckgetrueden

An enger kuerzfristeg ugemellter Pressekonferenz huet de Bill Morneau säi

Wéi gutt kenns du Dikrech?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Dikrech?

[onionbuzz quiz-id=56][/onionbuzz] Dikrech ass eng vun de Pärele vum Lëtzebuerger

Den Assange gesäit Luucht um Enn vum Tunnel

Den Assange gesäit Luucht um Enn vum Tunnel

De Julien Assange, Grënner vu WikiLeaks, huet en Donneschdeg gesot, datt hien hofft bis a sechs Méint seng Divergenze mat den briteschen Autoritéiten ze klären. Dat géif him erlaben d’Ambassade vum Ecuador zu London ze verloossen, ouni Richtung USA ausgeliwwert ze ginn.

„Eng historesch Victoire“

An enger Videokonferenz, déi organiséiert gi war fir ee Studien-Zenter vu Quito sot den australesche Bierger: „Ech gleewen datt mer bis a sechs Méint gewanne wäerten. Dat gëtt eng Historesch Victoire.“ Den Assange, deen zanter fënnef Joer an der Ambassade festsëtzt, weider: „Falls ech net gewanne wäert ech d’Ambassade verloossen an fir weider zéng Joer an e britesche Prisong goen, wou ech mech fir lächerlech Beschëllegungen ze rechtfäerdegen hätt (…) a wou géint meng Ausliwwerung an d’USA misst kämpfen.“

D’USA hätte gären de Mann hanner WikiLeaks, fir dee vrun ee Geriicht ze stellen, well d’Internet-Plattform „geheim“ militäresch an diplomatesch Dokumenter verëffentlecht huet. Am Mee hat déi schwedesch Justiz d’Poursuitte géint den Assange fale gelooss. Hie war deemools wéinst Vergewaltegung beschëllegt ginn an et war een europäesche Mandat géint de 45 Joer alen Australier ausgestallt ginn.

Nodeems de Mandat opgehuewe gi war, konnt den Assange d’Ambassade nawell net verloossen. D’Police vu Groussbritannien hat him matgedeelt, datt si hie misst festhuele well hie géint d’Bedéngunge vu Fräiloossung mat Konditioune verstouss hat.

Garzon beschëllegt London

„Déi richteg Schluecht fänkt elo un“, seet den Assange an der Ambassade. Hie muss nach ëmmer fäerten datt déi britesch Autoritéiten hie wëllen un d’USA ausliwweren. D’USA hirersäits weigeren sech offiziell ze bestätegen op eng Prozedur géint den Assange opgemaach ass oder net. Amerikanesche Medien no, géifen d’US-Autoritéiten eng Uklo géint de WikiLeaks-Grënner virbereeden. Och déi britesch Autoritéite weigeren sech bekannt ze ginn, op si dann elo eng offiziell Ufro fir eng Ausliwwerung erhalen hätten.

Laut dem spueneschen ex-Riichter Baltasar Garzon, Chef vum Assange senger Verdeedegung: „D’Vereente Kinnekräich ignoréiert, ëmgeet a violéiert all Regele vum internationale Recht“ am Dossier vum WikiLeaks-Grënner an deem se him de Pass verweigeren, deen him erlabe géif no Ecuador zu goen, wou hien Asyl zougestane krut. De Garzon huet ugekënnegt dräi UN-Instanze mat dësem däregen Dossier ze befaassen: de Comité géint Folter, de Sonner-Rapporter iwwert Folter an de Sonner-Rapporter iwwert d’Recht op Gesondheet.

Déi ecuadorianesch Ausseministesch Maria Fernanda Espinosa huet en Donneschdeg erkläert, datt hir Regierung mat de briteschen Autoritéiten a Kontakt steet fir eng Léisung an dësem Dossier ze fannen.

mat AFP

Foto: WikiLeaks-Grënner Julian Assange schwätzt mat de Medie vum Balkon vun der ecuadorianescher Ambassade zu London (Archiv-Bild vum 19. Mee – © Justin Tallis/AFP)

Related topics Groussbritannien, Julien Assange, USA, WikiLeaks
Next post Previous post