Search

You may also like

Interview: Sea-Watch, e klenge Bléck hannert d’Kulissen
Neiegkeeten

Interview: Sea-Watch, e klenge Bléck hannert d’Kulissen

Virwuert: Ze beriichten datt eppes stattfonnt huet, féiert an dësen

Welt-AIDS-Dag: 38 Millioune Mënschen sinn infizéiert
Neiegkeeten

Welt-AIDS-Dag: 38 Millioune Mënschen sinn infizéiert

Zënter 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember mam Welt-AIDS-Dag

Erstaunt a schockéiert, mee och kämpferesch: De Claude Wiseler an d’CSV wëllen et mat der Regierung ophuelen
Neiegkeeten

Erstaunt a schockéiert, mee och kämpferesch: De Claude Wiseler an d’CSV wëllen et mat der Regierung ophuelen

Déi politesch Rentrée huet och bei der CSV mat enger

Fondatioun Robert Krieps: „Iddie fir de Wee no vir“

Véier jonk Mënschen hu sech an der sozialistescher Denkfabrick mat der Zäit no der Kris beschäftegt

Fondatioun Robert Krieps: „Iddie fir de Wee no vir“

Den Olivier Cano, Max Lners, Maxime Miltgen an de Max Molitor hunn sech Gedanken doriwwer gemaach, wéi eng Beneficer eis Gesellschaft aus der sanitärer Kris zéie kann. Ass eng méi nohalteg, wäitsiichteg a méi gerecht Gesellschaft méiglech? An hu si déi sech uschléissend Wirtschaftskris an hire Gedanke berécksiichtegt?

Et ass interessant Siicht op dat, wat eigentlech mat eppes gesondem Mënscheverstand längst hat solle Bestand hunn: en integrativen a nohaltege Wirtschafts- a Finanzsystem; esou grondleeënd Bedierfnesser, wéi Gesondheet, Bildung a Wunne misste vun der maartwirtschaftlecher Logik getrennt ginn; méi Naturschutz a méi participativ Demokratie sinn nëmmen e puer Fuerderungen.

Wat besonnesch flott ass, och wann een natierlech net mat allen hire Punkte muss averstane sinn, si bidde mat hirer ganz gutt recherchéierter an iwwerluechter Aarbecht, eng ganz Rëtsch Denkustéiss, déi zu engem grousse gesellschaftlechen Debat bäidroe kënnen. Tatsächlech wier et net vu Muttwëll wann een d‘Definitioun „Wäert“ an der Gesellschaft emol géif op de Leescht huelen…

KrisAlles an allem, geet et ëm d‘Gesellschaft. Eis Gesellschaft. Bezitt ee sech op d‘Grondlage vun deem wat eis Gesellschaft ausmécht, sollt sech jiddereen, den Avis vun dëse jonke Mënschen duerchliesen a dat méiglechst ouni virageholl ze sinn. Wéi gesot et muss een net mat alles 1:1 averstane sinn, mee wann d‘Bierger och no der Kris nach wëlle „souverän“ sinn, wier et scho bal Flicht et ze liesen.

Ganz oder besonnesch Interessant, ass hei dann och de Thema „Konsumenteverhalen“. Wéi a wat de Mënsch zu Lëtzebuerg konsuméiert, huet net nëmmen Auswierkungen op d‘Land selwer, mee och op d‘Konzerner an d‘Liewensqualitéit an deene Länner wou d‘Gidder déi eis esou wichteg sinn hiergestallt ginn. Esou begrenzt dëse jonke Mënschen hir Analys, net eleng op eist Wuelbefannen.

Europa a seng duerch national Interesse verhënnert „Solidaritéit“ muss sech gläichfalls a Fro stellen an sech dréngend nees dem communautaire Grondgedanken zouwennen. Wéi esou kéint ausgesinn, gëtt gutt duergestallt an si hunn och d‘Zesummenaarbecht an de Regiounen net ausgelooss. Et ass eng wierklech spannend Lektüre, liicht verständlech a Lëtzebuerger Sprooch verfaasst. Liest et!

Illustratioun: © Ugne Vasyliute / unsplash

Related topics Covid19, Denkfabrick, Exitstrategie, Fondatioun Robert Krieps, LSAP, Sanitär Kris
Next post Previous post