Search

You may also like

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“
Neiegkeeten

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“

Den éischten Dag vum EU-Sommet huet sech ervirgedoen duerch eng

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten
Neiegkeeten

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten

Mat engem Bericht, huet en Dënschdeg den Europarot, déi widderholl

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement
Neiegkeeten

New Horizons Festival: Als Metalhead op engem EDM Evenement

Eréischt 2 Joer ass et hir, datt den New Horizons

De Wirtschafts- a Sozialrot zum Télétravail

Dat vun doheem aus Schaffen, huet esouwuel eng Rei Avantage wéi och Desavantagen, mee virun allem brauch et heifir emol ee legale Kader an och entspriechend Accorde mat den Noperen

De Wirtschafts- a Sozialrot zum Télétravail

Et ass jo elo gewosst, datt d‘Regierung am allgemengen, den Aarbechtsminister am besonneschen, festgestallt huet, datt den Télétravail sech als ee ganz nëtzlecht Instrument wärend dem Lockdown am Kontext vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, erwisen huet. Dëst „Instrument“ elo méi generell anzesetzen, verlaangt eng Reglementéierung an Accorden.

Wann et stëmmt, datt wärend dem Confinement gutt zweedrëttel vun der aktiver Bevëlkerung sech fräiwëlleg oder noutgedrongen am Télétravail erëmfonnt hunn, esou ass et och richteg, datt dës Aarbechtsform ouni Accord oder formellem Schrëftstéck vu béide Parteien (Salarié/Employeur) iwwerholl ginn ass. Fir de Wirtschafts- a Sozialrot (CES) eng onzefriddestellend Situatioun.

An elo gesäit et och nach duerno aus, wéi wann et net méi zwéngend de Coronavirus wier, deen de Leit de Wee op d‘Aarbecht verspäert, mee et vill Mënsche gëtt déi gefalen un dëser Aarbechtsform fonnt hunn. Vun doheem aus schaffen huet sech agebiergert, an do wou et méi Liewensqualitéit bréngt, wëllen d‘Salariéeën dat och gäre bäibehalen. Mee och Patrone fannen de System flott.

Deem Ganzen elo awer ee legale kader ze ginn, dierften sech vill Leit méi liicht virstellen, wéi et elo am Endeffekt ass. Wann um nationale Plang d‘Regierung et verhältnesméisseg liicht huet ze legiferéieren, esou dierft et eppes komplizéiert sinn, en Accord an dësem Sënn mat den Noperen ze fannen, bezunn op d‘Grenzgänger, déi jo och vun dësem Aarbechtsinstrument profitéiere sollen

Fir den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP) ass d‘Ausgangslag relativ einfach: „Wann sech d‘Sozialpartner eens sinn, gëtt et kee Grond fir d‘Politik sech anzemëschen“. U sech déi richteg Astellung, wann et dann déi „Harmonie“ och mat den Nopeschlänner géif ginn. Déi awer ginn et ganz ënnerschiddlech un an hunn och nach fiskal Interessen, déi si verdeedege mussen.

Eigentlech eng kloer Saach

Wärend dem Confinement hu vill Salariéeën aus administrative Beruffer den Télétravail emol esou richteg kennegeléiert an och eng Patronen hunn duerchaus d‘Avantage vun dëser Aarbechtsform ze appreciéiere geléiert. Ënnert de Sozialpartner schéngt ee sech dann och zimmlech eens ze sinn, dat Ganzt op en neien Niveau ze hiewen, an ze kucken, a wéi enge Beräicher et besonnesch sënn mécht.

Den Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot (CES) gouf am Optrag vum Aarbechtsministère erstallt an aus dësem geet ervir, datt wann et fir de Salarié u sech einfach ass, dës nei Aarbechtsform unzehuelen, esou dierft dat fir d‘Regierung eng aner Saach ginn. D‘Regierung misst, iert se an dëser Saach legiferéiere kann, emol ee fiskalen Accord mat all sengen direkten Nopere fannen.

Télétravail

„Den Télétravail kann nëmmen dann erfollegräich sinn, wann et der Regierung geléngt sech mat den Noperen op een harmoniséiert Verfaren ze eenegen“, esou de President vum CES, Jean-Jacques Rommes © Martine de Lagardère / moien.lu

Et ass jo den ament nach ëmmer esou (ausser elo fir d‘Dauer vun der Kris an dat mindestens bis zum 31. Dezember) datt ab enger gewësser Unzuel vu geschaffte Stonnen, d‘Steieren an d‘Beiträg vun der Sozialversécherung am Land wou ee wunnt ze entriichte sinn. Dat kéint een negativen Impakt op d‘Staatsfinanzen hunn, firwat et dréngend bilateral Ofkomme brauch.

Mee den Télétravail huet och Auswierkungen op de lokalen Eenzelhandel an hei méi prezis op den Horesca-Secteur. Bei ronn 200.000 Grenzgänger, déi een Dag an der Woch net op Lëtzebuerg kommen, huet dat immens Repercussiounen. Mee ee bis zwee Deeg Télétravail an d‘Woch sollten eigentlech d‘Norm ginn. Woubäi ee sech fir d‘Frontalieren op 50 Deeg/Joer eenege wéilt.

Wat aktuell ugesot ass

Am Kontext vun der Covid19-Pandemie, ass et aktuell esou, datt een bis Joresenn kann onbegrenzt vun doheem aus schaffen, egal op een aus de Belsch, Däitschland oder Frankräich kënnt. Fir déi Zäit „duerno“ brauch et dann déi vum CES genannten Accorden. An de Jean-Jacques Rommes huet et nach emol kloer an däitlech op de Punkt bruecht. Eng Ausso déi eis nach beschäftegen dierft:

„Wann déi Lëtzebuerger Regierung et ronn bréngt méi generéis ‚Grenz‘ ze verhandelen, fir all de Betraffenen administrativ Belaaschtungen ze erspueren, esou muss ee sech bewosst sinn, datt esou eppes säi Präis wäert hunn, an datt déi vun den Nopeschlänner gemaachte Konzessiounen net gratis sinn“, esou de Jean-Jacques Rommes. Et geet wéi esou oft ëm d‘Geld an do hält d‘Frëndschaft op.

Fir den Aarbechtsminister ass et, no der Interventioun vun engem sozialistesche Senateur aus dem Frankräich, dem Olivier Jacquin, den Ament net fir ze laachen. Deen hat déi fiskal Perte am Kader vun eben dem Télétravail monéiert, wourop den Dan Kersch sech veriergert gewisen huet. Datt eis franséisch Nopere matten an enger Kris eng fiskal Kompensatioun verlaangen ass jo och gewot.

Virun der Kris huet den Télétravail tëscht engem hallwen an zwee Deeg an der Woch ausgemaach, an d‘Gesetz sollt sech folglech och op dësen Haaptzäitraum ausriichten. Am Avis, deen dem Minister zanter leschte Freideg virläit, geet den CES dann och op all déi virecht genannte Punkten an. Elo ass et also un der Politik den Télétravail an dréchen Dicher ze paken, dat méiglechst séier.

Foto: (v.l.n.r.) Christophe Knebeler (Rapporter), Jean-Jacques Rommes (President), Thomas Dominique an Daniel Becker (Virstand) – © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics CES, Christophe Knebeler, Harmoniséierung, Homeoffice, Jean-Jacques Rommes, Legislatioun, Sozialversécherung, Steieren, Teletravail, Wirtschafts- a Sozialrot
Next post Previous post