Search

You may also like

Beim CNFP hu se méi Froe wéi Äntwerten
Neiegkeeten

Beim CNFP hu se méi Froe wéi Äntwerten

Esouwuel de Budget wéi och de Finanzprogramm 2019-2023 si vum

Fondatioun Josy Barthel: D’Athletin Vera Hoffmann huet iwwerzeegt
Neiegkeeten

Fondatioun Josy Barthel: D’Athletin Vera Hoffmann huet iwwerzeegt

Déi jonk Athletin Vera Hoffmann duerft viru kuerzem d’Bourse vun

Cargolux: LX-VCJ ass no technesche Problemer sécher gelant
Neiegkeeten

Cargolux: LX-VCJ ass no technesche Problemer sécher gelant

An hirem Communiqué, bestätegt d‘Cargolux datt den Fluch „CV7330“, ob

Den Dan Kersch presentéiert d’Neiheeten zu de Sozialwahlen 2019

Den Dan Kersch presentéiert d’Neiheeten zu de Sozialwahlen 2019

Den Dan Kersch, Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft an de Marco Boly, Direkter vun der Inspektion vun der Aarbecht an de Minnen, hunn dëse Moien op hir Pressekonferenz zum Thema Digitalisatioun vun de Prozeduren am Kader vun de Sozialwahlen agelueden.

Bis den 12. Mäerz 2019 ginn Entreprisen, déi tëschent dem 1. Februar 2018 an 31. Januar 2019 op mannst 15 Salariéen agestallt hate, dozou opgeruff, Personaldelegéierter ze wielen. Zu den Neiheeten bei de Sozialwahlen 2019 gehéiert d’Vereinfachung an d’Digitalisatioun vu verschiddenen administrativen Schrëtt, déi d’Entreprisen bei der Inspektioun vun der Aarbecht an de Minnen aleede sollen.

Sou mussen d’Entreprisen folgend administrativ Demarchen iwwert de gesécherte Site MyGuichet.lu maachen:

  • den Avis, den sech op d’Modalitéite vun der Organisatioun vun de Sozialwahlen bezitt
  • den Avis, bezunn op den Delai vun de Reklamatiounen am Zesummenhang mat de Wahllëschten
  • d’Kommunikatioun vun den néidegen Donnéeë vun de Kandidaten
  • d’Deklaratioun vun de Resultater vun de Wahloperatiounen
  • d’Deklaratioun vun de Funktiounen vun der Personaldelegatioun

D’Plattform vu MyGuichet.lu bitt den Entreprisen folgend Virdeeler:

  • Eng Schrëtt-fir-Schrëtt-Leedung duerch déi verschidden Etappen
  • Formulairen ginn zum Deel automatesch mat bekannte Donnéeën ausgefëllt
  • Automatesch Generéierung vun den ugefuerderten Dokumenter zu de Sozialwahlen

D’ITM profitéiert vun dëser Digitalisatioun, fir esou méi séier a prezis mam Informatiounssystem schaffen ze kënnen. Uschléissend kënnen d’Resultater vun de Sozialwahlen méi schnell vermëttelt ginn.

Bei dëser Pressekonferenz huet de Minister Dan Kersch ënnerstrach, datt d’Digitalisatioun eng Prioritéit vun der Regierung ass. All aner administrativ Demarchen zu de Sozialwahlen (Ufro vun enger Syndicatsnummer/Nummer fir eng Salariésgrupp, d’Ufro fir d’Bréifwahl, d’Opstellung vun alphabetesche Lëschten, d’Receptioun vun de Kandidaturen,…) mussen no der Verfassung oder de jeeweilege Reegelen gemaach ginn. D’Informatiounen zu de verschiddene Schrëtt, déi gemaach musse ginn kann een HEI, an um Site vun der ITM fannen.

Bei Froen kann ee sech un den Help Center vun der ITM wennen (Telefonsnummer 247 761 00). Wien den noutwennege Code zum Accèes zu MyGuichet.lu an den éischten 2 Wochen vum Januar 2019 nach net kritt huet, sollt sech ënnert der selwechter Telefonsnummer mellen.

An dësem Kader ginn och verschidden Informatioun-Seancen organiséiert, déi sech un d’Salaréeën, d’Employeuren, d’Syndikater an Patronat-Organisatiounen adresséieren. Folgend Datumer stinn nach un:

  • Mëttwochs, den 6. Februar 2019 um 18:00 Auer
  • Dënschdes, den 12. Februar 2019 um 18:00 Auer

Bei dëser Geleeënheet gouf och profitéiert, fir den neien Internetsite vun der ITM ze presentéieren. Ab elo kënnen d’Zieler an d’Aktivitéite besser iwwermëttel ginn. An engems passt sech den neien Design un d’Thematik vun der Digitalisatioun un.

Related topics Dan Kersch, ITM, Marco Boly, Sozialwahlen 2019
Next post Previous post