Den David Dragan gëtt vermësst

Den David ass 20 Joer al, hien gëtt zanter dem Mëttwoch vermësst. Fir d’lescht ass hien am Raum Bieles/Zolwer gesi ginn.

De Vermëssten ass ongeféier 170-180 cm grouss. Hien huet kuerz brong Hoer. Ugedoen ass hien warscheinlech mat engem türkis-bloen Uewerdeel, enger schwaarzer Joggingsbox esou wéi schwaarz Puma-Schong.

All Hiweiser wannechglift un d’Police Ettelbréck (police.ettelbruck@police.etat.lu) a via Telefon (+352 244-841000). Och um 113 gëtt all Hiweis weidergeleet.

Dernières nouvelles