Search

You may also like

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?
Kultur

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?

[onionbuzz quiz-id=3][/onionbuzz]

Wou si mir dru mam Lobbyregëster?
Kultur

Wou si mir dru mam Lobbyregëster?

Den 20. November hat den Deputéierte Sven Clement (Piraten) an

De Covid19 am Land vun der opgoender Sonn
Kultur

De Covid19 am Land vun der opgoender Sonn

Asiatesch Länner wiere besser „organiséiert“ a mir sollten eis ee

Grousst Opgebuet fir den Diddelenger Zeltik

Grousst Opgebuet fir den Diddelenger Zeltik

Et ass dëst Joer schonn déi 21. Editioun vum Zeltik, an ugesicht dem Programm, kann ee sech op gutt Laun a Virtuositéit verloossen. Den Zeltik Festival gëtt e Freideg mam engem keltesche Virspill an der Sankt Martin-Kierch, mat der bretonescher Rhapsodie ageleet.

De Samschdeg dann ass allerdéngs en anere Rhythmus bestëmmend. Deen Dag steet am Zeeche vu gudder Stëmmung an opgedréiter Musek. Zudeem, esou d‘Versprieche vun den Organisateuren, soll et villes ze entdecke ginn. A mat siwe Museksgruppen, wourënner den Highlight „CelKilt“, sollt dat Verspriechen och anzehale sinn.

Mat „The Rapparees“ kritt de Public d‘Lidder vun der irescher Aarbechterklass eppes méi no bruecht. All d‘Bandmembere stamen aus Belfast, wou se an den Aarbechterquartieren opgewuess sinn. An trotz hirem Erfolleg wunnen si nach ëmmer do. Mat hirem Set „Tribute to the Pogues“, klauen d‘Jungs aus Belfast den ale Meeschter vum iresche Folk-Rock hir Lidder, an dat sollt ee sech net entgoe loossen.

ZeltikOch bei „Mànran“ dierft et u gudder Laun net feelen. Déi iresch-schottesch bitt beschten „Art-Rock“ mat den entspriechenden Instrumenter, wéi se traditionell op den Hebriden genotzt ginn. Dëst Sextett war och schonn emol op der éischter Plaz vun de schottesche Weltmusekcharts vertrueden, do dierf een dann Erwaardungen hunn.

Mee et gëtt selbstverständlech nach vill méi gebueden: och mat derbäi „Oysterband“. Eng Band déi scho 40 Joer matten dra statt just derbäi ass. Donieft „The Fusion Fighters“, déi mat hirem ganz besonnesche Stepp-Danz, scho ganz Halen zum jäize bruecht hunn. Wien se nach net sollt gesinn hunn, awer onbedéngt wësse wëll wat „body-percussion“ bedeit a wéi et ausgesäit, muss op Diddeleng.

An et sinn och dëst Joer, wéi all Joer, nees Lëtzebuerger Gruppe mat vun der Party. „Schëppe Siwen“ hunn no enger Rei Joren hire Stil fonnt a entspriechend perfektionéiert. Besonnesch erfreeën dierft de Public, datt d‘Jonge mat lëtzebuergeschen Texter optrompen. „The Luxembourg Pipe Band“ dierft um Samschdeg nees den Optakt maachen. Dat ass ëmmer eng ganz flott Show.

Méi Informatiounen, de ganze Programm a wéi een am beschten dohinner kënnt:

Foto: CelKilt huet sech mat mëttlerweil iwwer 450 Live-Optrëtter e Numm am Genre gemaach. Si komme mat vill Humor an enger Bühneshow, déi esou nach keen zu Lëtzebuerg dierft gesinn hunn. © CelKilt

Related topics CelKilt, John Rech, Mànran, Oysterband, Schëppe Siwen, The Fusion Fighters, The Luxembourg Pipe Band, The Rapparees, Zeltik
Next post Previous post