Search

You may also like

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun
International Neiegkeeten WTF

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun

Um Krautmaart ass déi parlamentaresch Rentrée haut effektiv. Opgemaach gëtt

Huet d‘Covid19-Epidemie en Impakt op d‘Mënscherechter?
International Neiegkeeten WTF

Huet d‘Covid19-Epidemie en Impakt op d‘Mënscherechter?

Fir de President vun der CCDH, Gilbert Pregno, war et

Beim OGBL ass een éischter Zefridden
International Neiegkeeten WTF

Beim OGBL ass een éischter Zefridden

Beim OGBL, wou een ufanks net u Kritik, am Bezuch

surprise

En Impfpass fir Europa

Et géif Virdeeler bréngen a soll international unerkannt sinn: den digitalen Impfpass soll bis zum Summer Entwéckelt ginn

En Impfpass fir Europa

Beim virtuellen EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen, ass sech op d‘Aféierung vun engem eenheetlechen digitalen Impfpass verstännegt ginn. Et wier méiglech esou eppes bis zum Summer ze entwéckelen.

Mat dësem digitalen Zertifikat solle geimpfter Virdeeler géintiwwer net geimpften erhalen. Et ass wuel drop higewise ginn, datt esou eppes bei der gerénger Duerchimpfung vun der Bevëlkerung zur Stonn keen Thema wier an et gouf et rieds doriwwer, datt et net géif bedeiten, datt een nëmmen nach reesen dierft, wann een dësen Impfpass hätt. Mee et sollt een Zäit notzen a sech virbereeden.

Vill dëser Zäit huet allem Uschäin no net. Eng ganz Rëtsch EU-Länner wëllen dësen Impfpass. Dat si beispillsweis: Bulgarien, Éisträich, Griicheland an Zypern. Déi lescht genannten hunn an dësem Kontext schonn en Accord mat Israel fonnt. Mee och Polen a Rumänien bidde geimpfte Mënsche scho Virdeeler, esou bei der Arees. Et kann een also behaapten, dat den Impfpass komme wäert.

D‘Fro déi nach oppen am Raum steet ass. „Wéini?“. An dësem Kontext kann ee sech sécher sinn, datt et um Niveau vun de 27, net dierft esou einfach ginn, wéi dat vun de Länner, déi Demandeur sinn erwaart gëtt. Et gouf sech awer drop verstännegt, datt et ee géigesäiteg unerkannte Pass ass. Wann ee sech drun erënnert, wéi erfollegräich d‘Covid19-App war … A wat ass mat Dateschutz?

Impfpass

Bis ewell besteet d‘Iddi vum digitalen Impfpass doranner, datt et een Zentralregëster (Datebank) gëtt, an deem sech d‘Leit androe mussen. Wie geimpft ass, kritt dann ee personaliséierte QR-Code, deen déi entspriechend Virdeeler „fräischalt“. Dat heescht also: et ass zimmlech offensichtlech, datt d‘EU-Staats- a Regierungscheffen, hei ganz bewosst op eng Zwouklassegesellschaft histeieren.

Op Twitter huet sech de skandalträchtege Kanzler aus Éisträich iwwert den Impfzwang gefreet: „et freet mech, datt et ënnert den EU-Staaten eng breet Front vun der Ënnerstëtzung fir d‘Iddi vun engem grénge Pass gëtt. Elo geet drëms déi méiglechst séier ëmzesetzen! Mir wëllen ee méiglechst séieren Zeréck zur Normalitéit, ons aalt Liewen erëm hunn an ee Maximum u Fräiheet“.

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen, huet dem Sebastian Kurz seng Euphorie dann awer eppes agedämmt. D‘Virbereedunge fir den Impfpass géife mindestens 3 Méint daueren. Et brauch een „neutrale“ System an et muss sech drop gëeenegt ginn, wéi dëse Pass genotzt gëtt. Vun Dateschutz goung net weider rieds… Esou kann een d‘Impfflicht natierlech och aféieren.

mat indymedia/bru

Foto: De President vum EU-Rot, Charles Michel, ass eigentlech fir „Fräiwëllegkeet“ bei der Impfung an hie weess, dat dësen Impfpass onweigerlech wäert zu enger Zwouklassegesellschaft féieren, et beim Dateschutz Bedenken huet – net zu gudder Lescht, well eng Rei Memberen et mat der Rechtsstaatlechkeet net esou genee huelen – an et sech net méi verhënnere léisst. © European Union

Related topics EU-Kommissioun, EU-Sommet, Impfflicht, Impfpass, Impfzwang
Next post Previous post