Search

You may also like

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit
International Neiegkeeten

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit

Den nationalkonservativen an homophoben Andrzej Duda huet bei enger Wahlbedeelegung

Private Sécherheetsdéngscht oder Hëllefssheriff
International Neiegkeeten

Private Sécherheetsdéngscht oder Hëllefssheriff

D‘Piraten an der Chamber dinn sech weiderhin eppes schwéier mam

money
Den Donald Trump schéngt et op en Handelskrich mat China ukommen ze loossen
International Neiegkeeten

Den Donald Trump schéngt et op en Handelskrich mat China ukommen ze loossen

Um Donneschdeg huet de Milliardär aus dem Wäissen Haus eng

Den Donald Trump huet keng Loscht méi…

Wéi et heescht, soll den US-President de Weekend seng alldeeglech Rendez-vouse mat der Press op d‘Prouf gestallt hunn, firwat et weder e Samschdeg nach e Sonndeg zu engem Briefing komm ass

Den Donald Trump huet keng Loscht méi…

Fir den Donald Trump ass d‘Aart a Weis wéi d‘Medie seng Wierder an Aussoen „interpretéieren“ net méi auszehalen, firwat hie schonn ugedeit hat, datt déi alldeeglech Briefinge mat der Task-Force a senger Wéinegkeet net ziilféierend sinn. Esou ware schonn e Freideg – nodeems d‘Medien seng Propose Desinfektiounsmëttel anzesetze kritesch begleet haten – keng Froe méi zougelooss.

Mee net nëmmen den US-President huet keng Loscht méi, och d‘Coronavirus Task-Force huet sech net méi gewisen. Mat enge ronn 55.000 Doudegen, Demonstratiounen am ganze Land géint Mesure an de Confinement, net genuch Better an Ausrëschtung an de Spideeler, ass dat wuel och net weider wichteg, wat ausser „mir versoen op der ganzer Linn“ sollten si de Medien och ze soen hunn?

Elo wier et wuel duergaangen eng kuerz Notiz ze verfaassen, an där erkläert gëtt, datt een net méi un dësem Format festhält. Mee wat brauch et eng Notiz oder ee Communiqué, wann et Twitter gëtt? An esou huet den Donald Trump säi „Messenger-Déngscht“ genotzt fir der Welt ze erklären, dat wéinst de feindséilege Froe vun de Journalisten dat alles den Opwand am d‘Zäit net wäert ass.

TrumpWoubäi d‘Medien et am allgemengen och géife virzéien, wat déi Persoun wou de Briefing ofhält, sech duerch Fakten a kloer Aussoe géif ervirhiewen. Mee et war de Krichspresident héchst selwer, deen déi lescht Woch d‘Propose gemaach hat, mat Desinfektiounsmëttel an UV-Liicht géint de Covid19 virzegoen. Hien huet eréischt den Dag drop de Medien erkläert, datt dat Sarkasmus war…

A wann elo déi bizar Briefingen net méi stattfannen, esou dat kee Grond fir säi Mediekrich weider ze féieren. Op Twitter ass et dann um Sonndeg och nees zu villen Tweets komm, mat déi der Lige-Press uerdentlech den Dicks sollt gebéit ginn. Gutt, ausser seng Dommheet an de volle Verloscht vun engem Rescht un diplomateschem Geschéckt, ass leider näischt Neies hei ervirzehiewen.

Hien ass béis mat eis a ville Kollege, well mir seng Erfolleger an den ni do gewieschten Opschwong vun der US-Industrie, dee ganz eleng him geschëlt ass, einfach net ze wierdege wëssen. Bis heihin hunn dat just Fox-News an AON gekonnt hikritt, woubäi ee sech elo och bei Fox-News, no sengem „Ausrutscher“, schéngt Froen iwwert de geeschtlechen Zoustand vum US-President ze stellen.

TrumpEsou eppes féiert séier zu enger presidentieller Verstëmmung, a wien hien a Fro stellt gëtt zügeg a kompetent ofgestrooft. Esou huet den Donald Trump senge Fans an Unhänger geroden, sech eng Alternativ zu sengem Haussender ze sichen. Net datt déi géife maachen, well wien halbweegs iwwer Verstand verfüügt, ass längst op Distanz zu dësem Medium gaangen. Dat sinn der net vill…

A während de Chef motzt, een deplacéierten Tweet nom aneren erausjot, laacht sech dat „kritescht“ Vollek eng Boss. De Grond: e Videoclip (satiresch) an deem de Brad Pitt an d‘Roll vum Virolog, an dem Trump säi wichtegste Kriseconseiller, dem Dokter Anthony Fauci, geklommen ass. Et ass wuel eng kuerz Interventioun, déi awer hiren Effekt net verpasst huet. Humor, grad elo, ass jo wichteg.

mat indymedia/was/lax

Illustratioun: Wann awer och déi ganz Welt géint dech ass, jo da kann s de eigentlech nach just d‘Decken iwwert de Kapp zéien. © JJ Shev / unsplash

Related topics Briefing, Covid19, Donald Trump, Krisebewältegung, Ligepress, Task Force
Next post Previous post