Search

You may also like

Ab e Méindeg: Geännert Ëffnungszäiten am Stater Recyclingszenter
International Neiegkeeten

Ab e Méindeg: Geännert Ëffnungszäiten am Stater Recyclingszenter

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt ab e Méindeg, de 6. Juli

D‘Kathedral „Notre-Dame“ a Flamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!
International Neiegkeeten

D‘Kathedral „Notre-Dame“ a Flamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!

Et ass mat grousser Trauer datt d‘Partei déi Konservativ op

Maison du Motard: Fir e respektvollt Zesummespill op der Strooss
International Neiegkeeten

Maison du Motard: Fir e respektvollt Zesummespill op der Strooss

Queesch duerch d’Land hu sech 14 Moto-Clibb zesummefonnt, fir eng

Esou lues gëtt et enk fir den Donald Trump

Am Ukrain-Dossier gëtt den US-President vum US-Ambassadeur schwéier belaascht

Esou lues gëtt et enk fir den Donald Trump

De fréieren US-Ambassadeur zu Kiew huet de Locataire aus dem Wäissen Haus zolidd belaascht, wéi hien den Deputéierten erkläert huet, datt den Donald Trump all Form vun Hëllef fir d‘Ukrain vun Ermëttlunge géint d‘Demokraten ofhängeg gemaach huet.

Et huet am Kongress ageschloe wéi eng Granat, wéi de fréieren US-Ambassadeur William Taylor seng Ausso gemaach huet. Deen huet erkläert, datt den Donald Trump all d‘Wënsch vum ukrainesche President Wolodymyr Selenski – wéi beispillsweis Militärhëllef – vun der Aleedung vun Ermëttlunge géint d‘Demokratesch Partei an eng Erdgasentreprise mat Verbindungen zur Famill vum demokratesche Presidentekandidat Joe Biden ofhängeg gemaach huet.

Donald TrumpDat bestätegt, datt den US-President op eng Géigeleeschtung bestanen huet. Den Ambassadeur deen hannert zouen Diere befrot ginn ass, soll déi Deputéiert zolidd geschockt hunn, huet et no der Sëtzung geheescht. An dem William Taylor säin „Optrëtt“ huet och dowéinst fir Opmierksamkeet gesuergt, well Deputéiert am Kader vun de Virermëttlungen eng SMS verëffentlecht haten, an där den US-Ambassadeur de Versuch, Militärhëllef zréckzehalen, als „verréckt“ bezeechent huet.

Heiranner gesinn d‘Demokraten en Akt vun Amtsmëssbrauch fir sech Virdeeler bei de fir 2020 ugesate Presidentschaftswahlen ze verschafen. Dat ass no US-Recht strikt „illegal“. Auslännesch Hëllef fir eng Wahl ze verlaangen oder unzehuelen, ass dee leschte „Fauxpas“ deen ee sech an den USA leeschte kann. An dat dréit elo natierlech derzou bäi, datt en Amtsenthiewungsverfaren ëmmer méi plausibel gëtt. Dat striewen d‘Demokrate weiderhin un a si hunn de Kongress an der Hand.

Donald TrumpWoubäi esou en Impeachment eng komplizéiert a laangwiereg Ugeleeënheet ass an zumindest déi aktuell Mandatszäit vum Donald Trump net wierklech a Fro gestallt ass. Et kéint sech allerdéngs op dem Milliardär säi Wahlkampf auswierken, och wa seng Unhänger him esou zimlech alles verzeien.

mat indymedia/was

Foto: De fréieren US-Ambassadeur zu Kiew, William Taylor, huet mat senger Ausso den Donald Trump massiv belaascht. Dee gesäit dat natierlech eppes differenzéiert, mee fir d‘Demokraten déi en Amtsenthiewungsverfaren ustriewen, ass et weideren Nol an dem Milliardär säi politesche Sarg. © Liberal Resistance

Related topics Donald Trump, Impeachment, Joe Biden, Telefonsgespréich, Ukrain, William Taylor
Next post Previous post