Search

You may also like

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“
International Stories

Parlamentaresche Bilan déi lénk: „Mir hunn eist Bescht gemaach!“

Si sinn déi „klengsten“ Oppositiounspartei, an et ass d‘Wuertspill erlaabt

CHEM: Am Déngscht vum Patient
International Stories

CHEM: Am Déngscht vum Patient

Gëschter gouf zu Esch/Uelzecht de Bilan vum CHEM (Centre Hospitalier

Chaos an Onkloerheet herrsche bei der Fleegeversécherung, esou d’Oppositioun
International Stories

Chaos an Onkloerheet herrsche bei der Fleegeversécherung, esou d’Oppositioun

D’Reform vun der Fleegeversécherung beschäftegt d’Politik weider. Nodeem d’adr an

Blumme fir eng Ikon

Blumme fir eng Ikon

Op den Dag genee virun 20 Joer, den 31. August 1997 um 0.26 Auer, rennt d‘Limousine an där d‘Prinzessin Diana sëtzt an e Pilier am Tunnel „l‘Alma“ zu Paräis. Den Doud vun der „Prinzessin vun den Häerzen“ sollt fir eng weltwäit Emotioun suergen.

Onvergiess vu sengen Unhänger a Fans, zelebréieren uechtert d‘ganz Welt dausende Leit dësen trauregen Anniversaire. Dat während d‘Medien sech dem Thema ugeholl hunn a besonnesch d‘Tëleeë verstäerkt mat Emissiounen an Talk-Shows op déi populär Prinzessin vu Wales zréck komm sinn.

Der Prinzessin hir Kanner, déi d‘Ierwe vun hirer Mamm wëllen erhalen, haten hir um Mëttwoch geduecht. Den Harry an de William mat senger Fra Kate, hunn an der Familljenintimitéit den Gaart vum Palais zu Kensington besicht. Zur gläicher Zäit hunn sech d‘Blumme-Bouquete virum Diana senger fréierer Residenz zu London geheeft.

D‘Prënzen William an Harry kucken sech un wat déi sëlleche Mënsche beim Palais vu Kensington néiergeluecht hunn, fir hirer Mamm ze gedenken (© Kirsty Wigglesworth/Pool/AFP)

Während enger Stonn hunn sech déi dräi den Agencement vum Gaart, an deem déi wäiss Blummen dominéieren, erkläre gelooss. Déi wäiss Blumme sinn zu Éieren an am Gedenken un d‘Prinzessin geplanzt ginn. Där Dame déi zu Liefzäite schonn eng Ikone war an zäertlech „Lady Di“ genannt gouf.

D‘Prënzen sinn sech uschléissend d‘Bouqueten ukucke gaangen, déi vun de Passanten, just e puer Meter vum Gaart ewech, bei der Entrée vum Londoner Palais néiergeluecht gi waren. De Prënz Harry hat ee Bouquet direkt iwwerreecht kritt, deen hien du bei déi aner geluecht huet, tëscht d‘Messagen, Fotoen a Käerzen.

„Ech war virun 20 Joer mat menger Mamm a mengem Bouf, deen haut 21 Joer jonk ass, heihinner komm“, erzielt d‘Stephanie Davinson, eng Enseignante vun 52 Joer, nodeem och si e Bouquet higeluecht hat. „Ech maachen et fir seng Bouwen, déi an hire Wee weider ginn. Ech fannen et ass vill vum Diana an de Kanner“.

An der Intimitéit vum 31. August

Drop beduecht den Engagement vun hirer Mamm weiderzeféieren, hu sech den Harry a de William och mat Vertrieder vun den Hëllefsorganisatiounen, déi d‘Lady Di ënnerstëtzt huet, ënnerhalen.

„Dësen Engagement erlaabt et de Prënzen, dem Liewen an dem Wierk vun hirer Mamm ze wierdegen“, sot e Spriecher vum Kensington-Palais. „Zesumme wäerten se iwwert déi wichteg Realisatioune vun der Prinzessin a säin Ierwen nodenken, wat alles och haut nach ville Mënschen op der Welt eppes bedeit“.

Um 31. August si keng offiziell Engagementer virgesinn. Deem Dag wou d‘Diana am Alter vu nëmme 36 Joer, bei engem trageschen Autosaccident verstuerwen ass. D‘Lady Di war zu Paräis mat hirer neier Léift, dem räichen egypteschen Iewen Dodi Al-Fayed.

E Grapp voll Leit haten sech an der Nuecht vun ee Mëttwoch op en Donneschdeg, am Reen op engem Site beim Tunnel, wou den Accident geschitt ass, zesummefonnt. En Tunnel deen op dramatesch Aart a Weis zu engem Uert vun der Erënnerung an dem Gedenke ginn ass.

D‘Leit hu Lidder beim „Monument“ iwwert dem Tunnel Alma gesongen. An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg waren zu Paräis, wou dat tragescht Accident d‘Diana sollt aus dem Liewe rappen, trotz schlechtem Wieder zesummekomm. (© Eric Feferberg/AFP)

„Ech war nach e Kand wei si verstuerwen ass, mee ech hunn hir Biographie studéiert“, seet d‘Marie Hermann, eng jonk däitsch Journalistin vu 25 Joer. „Ech hat d‘Diana a säin Engagement fir humanitär Projete gären.“ D‘Linda Bigelbach (61) vu St.Paul am Minnesota erzielt: „Ech erënnere mech u seng Hochzäit an un den Dag vu sengem Doud (…) d‘Diana bleift fir all Éiwegkeet d‘Prinzessin vum Vollek“.

D‘Sian Croston, eng 17 Joer jonk Londonerin wëll wëssen, datt „d‘Diana revolutionär war a d‘kinneklech Famill verännert huet“. Um Site mat der Flam, déi eng Replik vun der Flam vun der Fräiheet-Statue zu New York ass, sinn un de Ketten déi dat klengt Monument ëmginn, honnerte Schlässer als Zeeche vun der Erënnerung ubruecht.

An der Nuecht hate vill Bouqueten a Fotografien d‘Flam ëmginn. E „Fan“ hat Käerzen ugemaach.

Vu senge Fiançaillë mam Ierfprënz Charles, wou d‘Diana nach eng jonk schei Fra vu grad emol 20 Joer war, iwwert seng Roll als Mamm an humanistesch Militantin, bis hin zum trageschen Doud; Lady Di huet d‘Famill vun der britescher Kroun verännert a seng Zäit markéiert.

Frëndin vun de Staren a Medie-Figur, huet sech d‘Aristokratin, där hiert ëffentlecht Bild eng beweegte Personalitéit verstoppt huet, eng planetaresch Popularitéit erschafft an deem si eng éierlech Empathie mat den Äermste gewisen huet. Seng vertraulech a privat Aussoen, hunn awer och eng Onofhängeg Fra gewisen, déi sech net den kinneklechen Traditiounen ënnerworf huet.

Eng Statue vun der Lady Di

Fir d‘Erënnerung hunn hir Mamm ze festegen, hunn den Harry a säi Brudder William, eng Statue geuerdert déi d‘Diana esou soll duerstelle wéi een se kannt huet. Dës Statue kéint nach virun Enn dës Joers am Gaart zu Kensington opgestallt ginn.

Biller vun der Prinzessin vu Wales, baussent de Gitter vum Kensington-Palais ubruecht, den 29. August. Dat fir den Doudesdag um 31. August ze markéieren (© Daniel Leal-Olivas/AFP)

Et war dann och dës Demarche vun der Erënnerung, déi béid Bridder dozou gefouert huet de Silenz vun all de Joren ze briechen a fir déi éischte Kéier iwwert hir Mamm ze schwätzen. Dat en engem Documentaire vun der englescher Televisiounschaîne ITV. „Mir an dem Harry ass wichteg d‘Liewe vun eiser Mamm ze feieren“ seet hei de 35 Joer jonke William.

mam Martine Pauwels an Gina Doggett/AFP

Foto: Esou wéi een d‘Lady Di sollt an Erënnerung behalen. E Bild aus dem Juni 1997 vum Diana zu Washington. (© Jamal A.Wilson/AFP)

Related topics Diana, Groussbritannien, Harry, Kensington, Lady Di, William
Next post Previous post