Search

You may also like

Handwierk erkennt Erausfuerderung vum Digitalen
Neiegkeeten

Handwierk erkennt Erausfuerderung vum Digitalen

Ronn 7.000 Handwierksbetriber gëtt et zu Lëtzebuerg an déi mussen

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung
Neiegkeeten

D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung

Um Méindeg huet de President vun der Salariatskummer (CSL) Jean-Claude

Hikikomori – En Theaterstéck um 4. Mäerz an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

Hikikomori – En Theaterstéck um 4. Mäerz an der Kulturfabrik

D’Wiener TheaterArche féiert en Donneschdeg, 4. Mäerz 2021 um 20

Den Dram vu Klimaneutralitéit

Den Dram vu Klimaneutralitéit

Wa gewosst ass, datt déi ganz Europäesch Unioun sech an de Kapp gesat huet, oder villméi et vill politeschen Aktivismus huet, fir bis 2050 d‘Klimaneutralitéit ze erreechen, esou huet et elo bei eis am Land (sechs Méint nom Klimagesetz) déi lescht groussherzoglech Reglementer, fir déi gesaten Ziler ze erreechen.

An dësem Kontext muss et erlaabt sinn op ee puer kleng Punkten zeréckzekommen, fir besser no vir blécken ze kënnen: nodeems tëscht 2016 an 2019 den Ausstouss un Zäregaser bei eis gutt zougeholl hat – am Pandemiejoer reduzéiert waren – ass mat der Reprise vun de wirtschaftlechen Aktivitéiten an der Beendegung vum Télétravail, nees mat enger Zounam ze rechnen. Wat soll elo geschéien?

Mam Klima- an Naturschutzgesetz, sinn deene Secteure wou de meeschte Knascht maachen, eng Rei Ziler operluecht ginn, fir den CO²-Ausstouss bis 2030 ze reduzéieren. Et ass allerdéngs kee Gesetz dat „verflichtend“ ass. D‘Virgabe vu Bréissel allerdéngs, sinn zwéngend anzehalen, an dat heescht et kéint eis nees Strofen an d‘Haus stoen. Mee dorunner hu mir eis längst gewinnt… oder?

Gutt ganz esou Wëll sollt et net sinn, woubäi d‘Strof an Héicht vun 2 Milliounen Euro zousätzlech enger Astreinte vun 2.800 Euro/Dag fir all Dag Retard bei der Ëmsetzung an nationaalt Recht vun der EU-Waasserschutzdirektiv (91/271/CEE), kann een a punkto „Ëmsetzung“ schonn eppes mat Zweiwel erfëllen. Mee d‘Ëmweltministesch mécht schonn ee ganz determinéierten Androck.

Mam Gesetz ginn da méi prezis, fënnef Aktivitéitsberäicher „ugesprach“. Dat sinn d‘Industrie vun der Energie, déi industriell Produktiounsstanduerter, den Transport, den Immobilier, de Wäibau an d‘Landwirtschaft. Esou wéi et d‘Carole Dieschbourg erkläert huet, kennen dës Aktivitéitsberäicher elo hir zougewisen Emissiounswäerter. Si mussen sech elo dru ginn, an d‘Emissioune reduzéieren.

Alles gouf detailléiert analyséiert

D‘Referenzjoer am Klimaschutzgesetz ass d‘Joer 2005. Bezunn op den Ausstouss vum CO², ass bei de Immobilien (Residentiell wéi Tertiär) mussen d‘Emissioune bis 2030 ëm 64% reduzéiert ginn. A fir dat ze erreechen, setzt een op d‘Legislatioun am Bezuch op déi energetesch Leeschtung, och op d‘Subventioun fir dat 1. Haus, d‘Renovéiere vun den ëffentleche Bauten, de Pakt Logement, asw…

Fir déi betraffe „Secteure“ gëtt eng Reduktioun vu 45% erwaart. De spéidere Pakt Klima fir d‘Betriber, den „Dekarbonisatiounsagenda“ fir d‘Industrie an d‘Auswäite vun de photovoltaeschen Infrastrukture sollten hëllefen, déi gesaten Ziler ze erreechen. Beim Transport sinn et 57% vun den CO²-Emissiounen déi sollen ewech falen. Hei gëtt vill op d‘Elektromobilitéit gewett.

Bei der Gestioun vum Offall an de Kläranlage muss och eppes geschéien. An dësem Beräich solle bis zu 40% Emissiounen agespuert ginn. Bei de Landwirt an am Wäibau muss d‘Reduktioun bei 20% geleeë sinn. Dat alles natierelch bis 2030, woubäi et selbstverständlech net esou einfach ass wéi et sech unhéiert an et nieft Klimaschutz, jo och ëm Klimagerechtegkeet gëtt.

Dofir huet am Klimagesetz gewësse Schrauwen un deene ka gedréit ginn. Wann ee Secteur seng Ziler vun engem Joer net agehale kritt, gëtt d‘Differenz op dat anert Joer iwwerdroen. Doriwwer eraus huet eng weider „Flexibilitéit“, déi awer nëmme gräife kann, wann déi national Ziler sollten erreecht ginn. Da kann ee Secteur „säi Bonus“ un en anere Secteur iwwerdroen.

Wier nach festzehalen, datt opgrond vun engem europäesche System am Kontext vum Emissiouns-Handel eng zwanzeg grouss Industrieanlagen an de Fluchverkéier, vun den Ziler fir 2030 ausgeholl sinn.

Illustratioun: © Ehimatalor Akhere Unuabona / unsplash

Related topics Carole Dieschbourg, CO²-Ausstouss, Emissiounen, Ëmweltministesch, groussherzoglech Reglementer, Klima, Klimagesetz, Naturschutz
Next post Previous post