Ëmweltministère: Stellungnam zum rechtleche Status vun der Decharge „beim Jongholz“ tëscht Alzeng a Fréiseng
No engem Post op Facebook, deen iwwert de Weekend vill
No engem Post op Facebook, deen iwwert de Weekend vill
D‘Welt gëtt net, si ass längst Digital. An dat bréngt net nëmme Freed mat sech, wéi dat vu ville Staatsentreprise grad demonstréiert gëtt. Esou ass d‘Digitaliséierung fir all déi wou se net ze notze Wëssen e Problem. Si ass awer och ee Problem wann et zur „Sucht“ gëtt an et net méi ouni geet.
Fir dann elo den Elteren ënnert d‘Äerm ze gräifen, deenen hir Krapperten et eppes „iwwerdreiwen“ an hiren Handy, Tablett oder Computer als een dem Kierper externt Organ betruechten, huet den Educatiounsministère elo eng Campagne lancéiert „Den Ecran an der Famill“, dat am Kontext vun der globaler Initiativ „Einfach Digital – Zukunftskompetenze fir staark Kanner“.
An Zesummenaarbecht mat „Bee Secure“ wëll dann elo den Educatiounsministère deenen Elteren Hëllefsstellung ginn, dären hir Kanner de Bléck an d‘Opmierksamkeet net vum Bildschierm ofwenne kënnen. Mat dëser Campagne luet de Ministère d‘Elteren an sech ze këmmeren an nees d‘Heft an d‘Hand ze huelen. Si sollen d‘Benotze vun den digitalen Technologie begrenzen.
De Minister Claude Meisch (DP) dozou: „Iwwert den Ëmwee vun dëser Campagne wëlle mir den Elteren d‘Grondlage vun enger Féierung an d‘Recommandatiounen zoukomme loossen, déi op wëssenschaftleche Grondlage berouen“. De praktesche Leetfuedem gëtt ab Mëtt Mäerz an allen ëffentleche Crèche wéi och de Primärschoulen, de Pediater an de Gemengen ausgeluecht.
An dësem Guide gëtt sech op d‘Erkenntnisser vum franséische Psychoanalytiker Serge Tisseron bezunn, deen eng Rei Reegelen opgestallt huet, déi vun den Eltere sollte behäerzegt ginn. Kanner wiere „wëssbegiereg“ an „virwëtzeg“, si géifen d‘Interaktioun mat hirem Ëmfeld sichen, firwat et och Grenze muss ginn. Selwer Familljepapp, weess den Educatiounsminister vu wat hie schwätzt.
Dës Campagne – déi op sechs Wochen ausgeluecht ass – gëtt begleet vun enger Plakataktioun. Mat sechs sech ofwiesselnden Affichen, ginn déi wichtegst Recommandatioune behandelt. Dir wäert hinnen am ëffentlechen Transport, an de Supermarchéeën, wéi och an ären Dageszeitungen (Print an Online) begéinen. D‘Campagne gëtt et ausschliisslech an däitscher a franséischer Sprooch.