Search

You may also like

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Helperknapp?

[onionbuzz quiz-id=212][/onionbuzz] Haut gi mer mam Quiz an eng vun

geek
Hacker sinn och just um Fric interesséiert…
International Neiegkeeten

Hacker sinn och just um Fric interesséiert…

Nodeems den 2. Juli Kaseya – eng Entreprise déi de

Op d‘Strooss gesat
International Neiegkeeten

Op d‘Strooss gesat

D‘Caritas Lëtzebuerg, där hir Missioun doranner besteet den Äermste bäizestoen

Et wäert ee mussen den éischte Schratt maachen

UN-Sécherheetsrot mat israelesch-palestinenseschem Konflikt iwwerfuerdert, Hamas gewëllt sech op ee Waffestëllstand anzeloossen a Milliounen „Experten“ an de sozialen Netzwierker: Firwat kee léisungsorientéiert agéiert

Et wäert ee mussen den éischte Schratt maachen

Scho ganzer véier Drénglechkeetssëtzungen, huet sech den UN-Sécherheetsrot wéinst de jéngsten Ausenanersetzungen tëscht Israelien a Palestinenser gegënnt, net eng huet zu enger gemeinsamer Erklärung gefouert. Zu New York virum Siège vun de Vereenten Natioune gëtt ënnert dem Motto „Free Palestine“ (Befreit Palestina) demonstréiert.

Déi „Béis“ wieren nees d‘Amerikaner, zumindest erkläert eis dat ee jonken Demonstrant dee virgëtt als Palestinenser hei zu New ze studéieren. Dësen Teenager ass iwwerzeegt, datt et d‘USA sinn déi eng Resolutioun blockéieren, mat deenen d‘Parteien zum Waffestëllstand gezwonge kéinte ginn. Et wier de Vereenten Natiounen (UN)net méi méiglech, hirem eigentlechen Zweck ze entspriechen.

Wann et dann och richteg ass, datt d‘Resolutioun nees um amerikanesche Widderstand gescheitert ass, esou sinn si net déi eenzeg déi sech dernieft behuelen. Zudeem huet et Grënn, firwat d‘USA et esou uginn, wéi si et uginn. Elo sollen angeblech d‘Fransousen en neie Versuch ënnerhuelen. Déi hoffe mat enger ofgespeckter Textform, dem amerikanesche Veto entgéint wierken ze kënnen.

Et huet dann och elo Stëmmen, déi versichen der Welt ze erklären, datt ee Waffestëllstand eenzeg mat der Vermëttlung vun Ägypten an den USA méiglech ass, an den UN-Sonnerbeoptraagten Tor Wennesland beschtefalls als dat fënneft Rad um Won ze betruechte wier. Datt China d‘Presidence vum UN-Sécherheetsrot huet, huet bezunn op aner diplomatesch Kampfhandlungen, och en Impakt.

Scholdzouweisunge sinn net hëllefräich

An dësem Kontext geréit elo och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres ënnert d‘Rieder. Deem gëtt virgeworf, datt hien ze passiv wier a sech méi wéi de Kofi Annan sollt asetzen, de bekanntlech 1988 perséinlech an den Irak geflu war, fir ee Konflikt ze beendegen, deen d‘Welt nach déi nächst Joerzéngte wäert an Otem halen. Statt no Léisungen, gëtt hei also nees no Schëllege gesicht…

Wärend sech déi grouss vun dëser Welt doranner versichen, een deem aneren e Been ze stellen, ass et besser sech op de Brennpunkt selwer ze konzentréieren. Och hei deet sech eppes. Esou huet et säitens der radikaler Hamas Undeitungen op ee méigleche Waffestëllstand ginn. Natierlech ass och dat alles politesch, firwat d‘Hamas-Leader vun Israel erwaarden den éischte Schratt ze maachen.

Ee vun den Hamas-Leader, de Mussa Abu Marzuk, huet hënt erkläert: „Ech mengen, dat et an den nächsten zwee Deeg eng Wafferou ka ginn. Gott weess, wéini d‘Vermëttler eng Eenegung erzile kënnen“. Dat wien sech op Gott verléisst, net nëmme vun dësem, mee och vun alle gudde Geeschter Verlooss ass, spillt am politesch-reliéis motivéierte Märtyrerdoud awer tatsächlech eng grouss Roll.

Zudeem ass et jo och ganz egal wien d‘Eskalatioun erbäigefouert huet, do befannen sech béid Lager op Spillschoulsniveau, an d‘Partisane vun den ënnerschiddleche Konfliktparteie sinn un esou Detailer éischter net interesséiert. Dat fir ze erklären, datt och den israelesche Premier, Benjamin „Bibi“ Netanjahu, datt als éischt d‘Palestinenser ophale mussen, hir Rakéiten op Israel ze schéissen.

mat indymedia/nyc/tlv/lon/bru

Illustratioun: Pawel Turski / pixabay

Related topics Fatah, Hamas, Israel, Palestina, UN-Sécherheetsrot, Wafferou, Waffestëllstand
Next post Previous post